Search

You may also like

Dëppegéisser, Keele-Klatzen an Dogwalker: Gewënner vun der Summerausstellung vun der Stad Lëtzebuerg geéiert
Fail Meenung

Dëppegéisser, Keele-Klatzen an Dogwalker: Gewënner vun der Summerausstellung vun der Stad Lëtzebuerg geéiert

Um Dënschdeg hunn d‘Gewënner vum Concours, deen am Kader vun

D’Frankfurter Buchmesse 2020 fënnt tatsächlech statt
Fail Meenung

D’Frankfurter Buchmesse 2020 fënnt tatsächlech statt

Wéi gëschter annoncéiert ginn ass, wäert d’Frankfurter Buchmesse tatsächlech vum 14.

Photovoltaik an der Groussregioun
Fail Meenung

Photovoltaik an der Groussregioun

An der Gemeng Tintigny – geleeën tëscht Florenville an Habay

dislike

Wat kann een aus der Weinstein-Affär a #metoo léieren?

Kommentar

Wat kann een aus der Weinstein-Affär a #metoo léieren?

Et kann ee vill Schlechtes iwwert sozial Netzwierker schreiwen. Mee a Momenter, wou Kampagnen wéi #Metoo ëm sech gräifen a Problemer oppe leeën, soll engem kloer ginn, wéi wichteg se sinn. Si formen eisen Discours mat a suerge gläichzäiteg fir eng Internationaliséierung vum Perséinlechen.

Si weisen och, datt de Kulturkampf, deen elo scho säit Joren an de sozialen Netzwierker ausgedroe gëtt, net isoléiert ass. Gäre gëtt a Kommentaren an Analyse behaapt, datt Online-Protester eben nëmmen dat sinn: online, detachéiert vun der reeller Welt. Wéi wann eng schaarf Trennlinn tëscht deenen zwee existéiere géif. Et kéint ee vu baussen drop kucken, mee et kéint een net beaflossen.

Eng separat Betruechtung vun engem Online-Phänomen ass mëttlerweil onsënneg. Online an Offline beaflosse sech géigesäiteg, an dat stänneg.

D’Weinstein Affär fléisst an e gréisseren Discours an. Wann Twitter annoncéiert, méi staark géint sexuell Belästegungen um Netzwierk vir ze goen a Frankräich iwwert eng Verschäerfung vun der Gesetzgebung nodenkt, dann ass kloer, datt d’géigesäiteg Beaflossung vun dësen zwou Hemisphäre – online an offline – konstant ass. Ëm net ze soen, datt se scho laang e Krees bilden.

Aktivisten setze scho laang op d‘viral Kräfte vun dëse Netzwierker. D’Herrschaft iwwert d’Biller, déi gäre fir sech an Usproch geholl gëtt, ass och d’Herrschaft iwwert den digitalen Discours. Wien sech hei duerchsetzt, bestëmmt d’Geschicht, déi gezielt gëtt. Net Ëmsoss huet d’SPD am däitsche Wahlkampf probéiert, mat Internet-Memes an Hashtags ze motivéieren a mobiliséieren. Leider ware méi Riets Kräft méi erfollegräich doranner – op mannst an dem Fall.

#Metoo prangert um Enn e kulturelle Phänomen un. Dat heescht allerdéngs net, datt een als eenzelen näischt dorunner ännere kéint.

Mee wat bleift um Enn vun esou Aktiounen iwwreg, wann se bis erfollegräich sinn? Am Optimalfall sollt e Bewosstsäin fir eppes geschäerft ginn. Am Fall vun #metoo ënnert anerem dofir, datt et eng Kultur gëtt, déi Jongen a Männer bäi bréngt, datt se Frae wéi Objete behandelen dierfen. An datt Geld a Muecht engem d’Recht ginn, alles maachen. An datt et héich Zäit gëtt, dogéint eppes ze ënnerhuelen. Datt sech eppes ännere kann, weist d’Affär ronderëm de Weinstein. Datt sech nach villes ännere muss gesäit een un de Verteidegungsversich, déi verschiddener probéieren ze ënnerhuelen.

D’Kommentarsektioune fëlle sech mat de Stëmme vu Leit, déi mengen, et géif iwwerdriwwe ginn. Déi mengen, datt d’Iwwergäng vum Flirt zum Bedränge fléissend wieren. Déi Leit hunn offensichtlech ni geléiert, Fraen ze respektéieren, a wäerten et och net léieren, egal wat an den Zeitungen, op Blogs, Websäiten, soziale Netzwierker an ähnlechem geschitt. Mee villäicht erreecht deen een oder aneren jo dach eng Erkenntnes. An dowéinst sollt een ebe grad net de Mond halen.

[megapoll id="6"]

Related topics #metoo, Sexismus, Sozial Netzwierker, Weinstein
Next post Previous post