Search

You may also like

Eng grouss Chrëschtfeier ënner Gläichgesënnten
Business International Money Neiegkeeten

Eng grouss Chrëschtfeier ënner Gläichgesënnten

Et ass eng Traditioun, keng op déi d‘Lëtzebuerger Land besonnesch

Ägypten: Ëm de Covid19 këmmert sech Allah
Business International Money Neiegkeeten

Ägypten: Ëm de Covid19 këmmert sech Allah

Net nëmme fundamentalistesch Chrëschten oder al Hebräer verloossen sech op

D’Sloganen vun de Gemengewahlen ënnert d’Lupp geholl
Business International Money Neiegkeeten

D’Sloganen vun de Gemengewahlen ënnert d’Lupp geholl

D’lëtzebuergesch Youtuberin Tatta Text hëlt an hirem aktuellste Video d’Sloganen

money

Covid19-Vaccin… well de Mënsch en Egoist ass

D‘Weltgesondheetsorganisatioun ass eppes enttäuscht wat d‘Verdeelung betrëfft

Covid19-Vaccin… well de Mënsch en Egoist ass

Am komplexen Zesummespill vu Politik a Wëssenschaft, geet et am Kontext vun der Covid19-Kris mëttlerweil ganz ville groussen Acteuren, ënnert der aktiver Kooperatioun vun de Pharmakonzerner, an éischter Linn drëms Muecht ze demonstréieren, an iwwert den Ëmwee vun den Impfstoffer aarm Länner ze ënnerdrécken, dat virzuchsweis an Afrika, de Kontinent wou eis Ressource lageren

Am Kenia, en afrikanescht Land dat een elo net esou direkt als „Aarm“ bezeechne kann, dofir vun e puer westleche Konzerner wirtschaftspolitesch geréiert gëtt, goufen elo déi éischt Dosen Impfstoff, vum Hiersteller AstraZeneca (dee well hei – aus Grënn – keen, mee fir Mënschen aus der 2. Rei ass et jo gutt genuch) verdeelt. Op et jeemools eng zweet Dosis wäert ginn? D‘WHO huet do Zweiwel.

Fir de WHO-Direkter Tedros Adhanom Ghebreyesus Zäit nees mat Kloertext an d‘Ëffentlechkeet ze trieden:

„D‘Kris am Kontext vum Zougang zu Impfstoffer, weist eng skandaléis Ongläichheet op a féiert derzou, datt d‘Pandemie keen Enn fënnt. Zéng Länner hu sech 75% vun den Impfunge geséchert. Diplomatesch léist et sech net ëmschreiwen. Ee klenge Grupp vu Länner, déi d‘Impfstoffer kafen, bestëmmen iwwert d‘Schicksal vun der Welt“.

Lëtzebuerg gehéiert elo net zu dësem „haarde Kär“ vu kriminelle Länner, mee ass ideologesch ganz op der selwechter Schinn ënnerwee. Eis Regierung schwätzt wuel vu Nohaltegkeet an Inklusioun, a wa se sech ëffentlech matdeelt, ass ëmmer vu Solidaritéit an Entwécklungshëllef fir Afrika rieds, mee, dat alles nëmme gespillt. Wat Afrika brauch ass Vaccin, an dee brauch Afrika elo direkt.

Esouguer d‘Direktesch vun der Welthandelsorganisatioun (WTO) Ngozi Okonjo-Iweala verweist op d‘Noutwennegkeet d‘Patentrecht fir d‘Covid19-Impfstoffer auszesetzen. Si fuerdert d‘Weiderreeche vun den néidegen Technologien an d‘Wëssen un d‘Entwécklungslänner. An dat soll zügeg geschéie well et hätt een net d‘Zäit Joerzéngten doriwwer ze streiden. Dat awer ass erkennbar d‘Absicht

50 Milliarden

D‘WHO huet zwar de Programm Covax, mee ouni Goss mécht een do wéineg. An d‘WHO ass och dee Veräi wou senge Kotisatiounen nolafe muss, an esouguer dann – wéi eigentlech déi meeschten UN-Organisatiounen – chronesch ënnerfinanzéiert ass. Datt et déi Institutiounen, déi ganz oppe vun de Länner boykottéiert ginn, iwwerhaapt nach gëtt, muss zu de Laune vun de Politik gehéieren.

Mee esoulaang wéi et se gëtt, muss domadder gerechent ginn, datt si sech ëffentlech äusseren. An esou fuerdert de WHO-Direkter einfach emol 50 Milliarden US-Dollar, fir endlech och an den Entwécklungslänner mam impfe virunzekommen. Datt verstéisst géint d‘Wirtschaftsinteresse vun den zéng Länner déi sech 75% vun der Produktioun sécheren. Zudeem wat sinn Afrikaner wäert?

Fir d‘Industrie a Wirtschaft vun de G20, besteet den Zweck vum afrikanesche Kontinent doranner, eis hir Ressourcen zur Verfügung ze stellen. Als Géigeleeschtung gëtt et Waffen an Honger… Dat dierf dann awer net ganz esou offensichtlech sinn, firwat et Sommete gëtt op deene Versprieche gemaach ginn. Déi sinn leider ëmmer, wéi bei de Klimasommeten och, just eidel Phrasen.

Den Dr. Tedros Adhanom Ghebreyesus stellt am Kontext vun der „gerechter“ Verdeelung vun den Impfdose fest: „D‘Zuel vun de weltwäit verdeelten Dose wier duergaangen, fir all Mataarbechter am Gesondheetsberäich an all déi al Mënschen ze impfen, wann se gerecht verdeelt gi wieren“. Et wier jo och eigentlech genuch Material do. Also muss et aner Absichten an Ziler derhannert ginn.

mat indymedia/gva

Illustratioun: Fir déi privilegéiert Industrielänner, huet et vun allem. Fir déi wou dës Privilegie méiglech maachen, ass de strikten existenzielle Minimum nach ze vill, mengen eis politesch an reliéis Leader. © Marisol Benitez / unsplash

Related topics Afrika, Ausbeutung, Ënnerdréckung, Impfstrategie, Patentrecht, Pharmakonzerner, WHO, WTO
Next post Previous post