Well ee wierdegen „Äddi“ och en Zeeche vu Respekt ass

Mir sinn all vergänglech a wann een als Mënsch ëmmer iergendwéi seng Spueren hannerléisst, esou huet et dann awer Foussofdréck, déi sech méi déif am Buedem festsetzen an esou den zukünftege Generatiounen erhale bleiwen.

De Gigi Felten, Techniker an der KuFa a Museker aus Passioun gouf ee Samschdeg vun der Famill, de Frënn a den Aarbechtskolleegen zu Graf gedroen. Ee schwéieren, jo ganz schwéieren Ofschid fir eng Persoun mat villen ënnerschiddlechen Talenter an engem Häerz esou grouss, datt esouguer seng Kregéiler doranner Plaz haten. Op den Gigi „do uewen“ schonn nei Frënn fonnt an eng éischt Jam-Session stattfonnt huet, dat ass natierlech net gewosst.

Wat awer gewosst ass, seng Frënn hei „ënnen“ hunn net wëlles et bei engem Ofschid um Kierfecht ze loossen. Dat ass schlicht ze vill emotional an et géif dem, Gigi weder gerecht, nach hätt hien Zäit senges Liewes gewollt, datt d‘Trauer déi gutt Momenter an de Schied stellt. A well den Gigi sech et bestëmmt gewënscht hätt, an et sech gehéiert, gëtt den 11. Dezember dësem ganz besonneschen an allsäits beléifte Mënsch ee musikaleschen Owend gewidmet.

A well Blues nu emol dem Gigi senges war, hu sech „Heavy Pëtrol & Friends“ mobiliséiert (dofir schonn emol een décke Merci) fir hirem Frënd a „Brudder am Geescht“ ee wierklech wierdegen a virun allem musikaleschen Ofschid ze schenken. Woubäi… Ofschid trëfft et net wierklech, well ee wéi de Gigi Felten geet ni wierklech. Wien de Gigi kannt huet, sollt sech den 11. Dezember näischt anescht virhuelen ass säin Ticket zäiteg Reservéieren.

An nach eppes wat dem Gigi Felten gefall hätt, d‘Recette vum Concert – vun deem gewosst ass dat en an d‘Anale vu Lëtzebuerger Rock & Blues Geschicht wäert agoen – ginn un d‘Stëftung Thierry van Werveke. Kommt also Zuelräich an d‘Kulturfabrik op Esch-Uelzecht fir dësem besonnesche Mënsch esou Äddi ze soen, wéi hien sech et selwer gewënscht hätt.

Dernières nouvelles