Search

You may also like

Tenet – Kann den Drëtte Weltkrich verhënnert ginn?
Kultur Neiegkeeten

Tenet – Kann den Drëtte Weltkrich verhënnert ginn?

Nom Lockdown gouf et héich Zäit fir e Besuch am

Indexéierung vun de Familljenzoulagen
Kultur Neiegkeeten

Indexéierung vun de Familljenzoulagen

Nodeems ee sech eens ass, datt d‘Familljenzoulagen nees indexéiert ginn,

Thromboseverdächteg: Janssen Covid19-Vaccin
Kultur Neiegkeeten

Thromboseverdächteg: Janssen Covid19-Vaccin

Déi europäesch Medikamentenagence EMA préift zur Stonn e méiglechen Zesummenhang

Wëllkomm am Naturstaat: Eng Aventure fir Kleng a Grouss!

Wëllkomm am Naturstaat: Eng Aventure fir Kleng a Grouss!

Zënter dem 31. Juli kënnt och Dir op eng spannend Rees duerch d’Land goen, Stempele fir Äre Pass bei den speziellen Ambassade sammelen an esou d’Chance op e flott Präis kréien. Mam Projet Naturstaat kommt Dir an Ärer Fräizäit dem Lëtzebuerger Naturierwen ganz no!

Fir Bierger vum Naturstaat ze ginn, musst Dir als éischt Äre Pass bei enger Touristeninfo, respektiv bei engem vun de 5 Naturzentren ufroen. D’Aventure kann ufänken.

Naturstaat

D’Rees féiert Iech bei d’Zentren Burfelt (Ënsber), A Wiewesch (Manternach), Mirador (Stengefort), Ellergronn (Esch-Uelzecht) a Biodiversum (Rëmerschen), wou Dir op verschidde Weeër wandert, ënnerwee Froen ze beäntweren an uschléissend bei der jeeweileger „Ambassade“ e Stempel kritt

Equipéiert mat enger extra Landkaart, déi Iech och déi verschidde Verkéiersméiglechkeeten opweist fir vu Plaz zu Plaz ze kommen, geet et op eng wonnerbar Expeditioun duerch den Naturstaat, wou Iech d’Naturwonner, d’Schutzgebidder an d’Biodiversitéit presentéiert ginn.

Am sougenannten DobausseMinistär fënnt schliisslech d’Validéierung vum Pass statt. Eng Reiefolg, gëtt et net, den Tour duerch den Naturstaat ka selwer bestëmmt ginn.

Naturstaat

Administration de la nature et des forêts / Facebook

Fir och all Bierger wëllkomm ze heeschen, sidd Dir agelueden um Concours deelzehuelen. Schéckt dofir Äre Pass mat de 6 Stempelen un d’Naturverwaltung (Administration de la nature et des forêts, Umierkung „DobausseMinistär“, 81 av. de la Gare, L-9233 Diekirch). Ze gewanne gëtt et ee Picknick fir 10 Persoune mat lokale Produiten, sou wéi e Wanderrucksak, deen natierlech och gutt gefëllt ass.

D’Auslousung ass um 15. Oktober 2020.

De Projet gëtt organiséiert duerch de Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung, an Zesummenaarbecht mat der Natur- a Bëschverwaltung (ANF). Weider Informatiounen an d’Konditiounen zum Concours ginn et op environnement.public.lu.

Opmaacherbild © Neal e Johnson / Unsplash

 

Related topics A Wiewesch, Ambassade, ANF, Biodiversitéit, Biodiversum, Burfelt, Concours, Ellergronn, Ëmweltministère, Mirador, Naturstaat, Naturverwaltung, Pass, Picknick, Projet
Next post Previous post