Poetry Slam am Ancien Cinéma: Op ee Wuert!
Dëse Samschdeg, den 8. Februar ginn d’Slammer an hiren nächste
Dëse Samschdeg, den 8. Februar ginn d’Slammer an hiren nächste
Lights of Freedom – Ënnert dësem beréierenden an zugläich eeschten
Um éischte Weekend vum Juni organiséieren d’Lëtzebuerger Naturisten hir Porte
Dofir vergiesst net Äre Bouquet (am beschte viru Vältesdag ze bestellen), zum Beispill iwwer CALL&COLLECT oder och direkt am Buttek. Do gitt Dir nämlech am beschte beroden. Mat dësem léiwe Geste ënnersträicht Dir net nëmmen Är Léift, et ass och en Zeeche vu Solidaritéit.
Ënnert dem Slogan #weloveflowers a #SupportYourLocalFlorist kënnt Dir mat enger Foto oder Story vun Ärem blummege Kaddo op Ärem Profil an de soziale Medie mam Link op Äre Floriste opmierksam maachen. Wat flott dorunner ass? Dir gitt dem Floriste d’Gefill e wär net eleng. Dir weist Versteesdemech, an dat ass scho vill Wäert.
An dësem Kader huet d’Fédération Horticole Luxembourgeoise (FHL) an d’Jonggäertner Lëtzebuerg e politesche Message verëffentlecht. Aktuell ginn eis Landschaftsgäertner nawell zimlech ënner. Dobäi suerge si fir gréng Infrastruktur a méi Biodiversitéit mat der Gestaltung vu Gäert an ëffentlechem Gegréngs. Et gi Blummen, Hecken a Beem geplanzt.
Ma, et dréit een zousätzlech zur Versuergung vun eiser Gesellschaft mat gesonden, lokale Liewensmëttel, Beem, Planzen a Kraider bäi. Dofir ass och d’Waasser an deem Secteur essentiell a soumat och en Deel vun der Léisung. Duerch d’Waasser gëtt den nationale Selbstversuergungsgrad mat lokale gäertneresche Produkter erhéicht. A wéi mir all wëssen, dréit dat ee Stéck zum Klimawandel bäi.
Waasser ass an deem Secteur essentiell a soumat och een Deel vun der Léisung fir den nationale Selbstversuergungsgrad mat lokale gäertneresche Produkter ze erhéijen & domadder och een Stéck zum Klimawandel bei ze droen. Politesch laangfristeg an e konkrete Support gëtt gefuerdert – well ouni Waasser si keng gäertneresch Kulturen zu Lëtzebuerg méiglech.
Elo am Februar war den 2. Waasserdësch. Dat war ee richtegen a wichtege Schratt an déi richteg Richtung. Innovativ Projeten fir eng responsabel & effizient Notzung vu Waasserressourcen am gäertneresch & landwirtschaftleche Secteur krute gréng Luucht. FHL-Fachbetriiber sinn all Deel vun der Léisung, sief dat am Kader vum Klima-Changement, den nationale gäertneresche Kulturen sou wéi an der Verbesserung am urbane Raum duerch gréng Infrastrukturen.
De Motto vun der EU-Strategie ass „Think Green FIRST!“ Loosse mir eis Gäertner a Floristen also net am Reen stoen: Gitt #weloveflowers-Ambassadeur 2021 a beweist domat Är Solidaritéit an Interessi.
Opmaacherbild: © Edward Howell / Unsplash