Search

You may also like

D‘UNO denoncéiert egyptesch Doudesuerteeler
International Neiegkeeten

D‘UNO denoncéiert egyptesch Doudesuerteeler

Nodeems déi egyptesch Justiz am Appell 75 Doudesuerteeler bestätegt huet,

geek
Selwer Mario-Levelen designen: Super Mario Maker 2
International Neiegkeeten

Selwer Mario-Levelen designen: Super Mario Maker 2

Wie schonn ëmmer eng Kéier den italienesche Blechschléier mam markante

Jemen: Den UN-Emissär soll sech zu Hodeida fir en nohaltege Waffestëllstand asetzen
International Neiegkeeten

Jemen: Den UN-Emissär soll sech zu Hodeida fir en nohaltege Waffestëllstand asetzen

Den UN-Emissär Martin Griffiths, ass e Freideg op Hodeida geflunn,

Welt-AIDS-Dag: 38 Millioune Mënschen sinn infizéiert

Welt-AIDS-Dag: 38 Millioune Mënschen sinn infizéiert

Zënter 1988 gëtt all Joer um 1. Dezember mam Welt-AIDS-Dag iwwert d’Krankheet a seng Folgen informéiert, op d’Rechter vun HIV-positive Mënschen opmierksam gemaach a fir en harmonescht Zesummeliewen ouni Viruerteeler an Ausgrenzung gekämpft.

Ëm 38 Millioune Mënsche weltwäit musse mam Humanen Immundefizienz-Virus (HIV) liewen, woubäi een Drëttel net op eng medikamentéis Behandlung zeréckgräife kann. Virun allem déi südafrikanesch Bevëlkerung ass staark betraff, mee och an Osteuropa an Zentralasien ass d’Infektiounszuel an de leschte Joren immens geklommen. De Virus ass awer um ganze Planéit present.

AIDS

Wéi gesäit et zu Lëtzebuerg aus?

Am Rapport 2019 vum Iwwerwaachungcomité vum HIV, Hepatite a sexuell iwwerdrobare Krankheeten gouf matgedeelt, datt sech am vergaangene Joer, wéi och 2018 ganzer 48 Persounen infizéiert hunn. D’Zuel ass domat, laut hirem Bericht, zënter 2012 zimlech déif bliwwen.

A 24 Fäll huet sech de Virus iwwert heterosexuelle Kontakt verbreet, wärend et an 22 Fäll zu homo- oder bisexuellem Kontakt komm ass.

AIDSRapport SIDA 2019 | Epidémiologie VIH en 2019

Wärend bei de Fraen d’Neiinfektiounen senken, klamme bei de Männer d’Zuelen. Kuckt een zeréck bis an d’Joer 2012, esou waren zu Lëtzebuerg 37 infizéiert Männer an 12 infizéiert Fraen. Am Joer 2014 gouf et beim weibleche Geschlecht e Pic vu 27 Neiinfektiounen, deen mëttlerweil op 11 erofgoe konnt. Säin Héichpunkt bei den Neiinfektiounen huet dat männlecht Geschlecht 2016 erlieft mat 53 Fäll, déi bis 2018 op 33 erofgoe konnten, fir 2019 nees op 37 ze klammen.

AIDSRapport SIDA 2019 | Epidémiologie VIH en 2019

Duerch staarken Engagement konnt d’Verbreedung bei Drogenofhängegen bal gestoppt ginn. Just 3 nei Fäll sinn 2018 bäikomm. Erkläre léisst sech dëse Réckgang duerch d’Bereetstelle vu sterillen Nolen an d’Offer un Ersatzstoffer.

AIDS

Och no méi wéi 35 Joer ass de Virus nach ëmmer present

D’Sandy Kubaj, Chargée de Direktioun vun der HIV-Berodung vum Lëtzebuerger Roude Kräiz erkläert, datt een all Joer um 1. Dezember seng Beméiungen a Kreativitéit verduebelt, fir d’Bevëlkerung adequat ze sensibiliséieren. Wichteg wier virun allem d’Solidaritéit mat den HIV-positive Persounen an d’Bewosstsinn, datt dëse Virus och no méi wéi 35 Joer nach ëmmer present ass.

Och iwwert dësen Aktiounsdag hannenaus bitt de Service eng Telefon-Hotline a perséinlech Berodungsgespréicher zum Safer Sex, Safer Use a Risikosituatiounen un. A Schoulen, Jugendzentren an anere Raimlechkeeten, wou sech d’Zilgruppen ophalen, gi reegelméisseg ugepasst Preventiounsevenementer organiséiert.

Kondomer als eenzegt Mëttel, fir sech ze schützen

Net nëmme virum HIV, mee och virun anere Geschlechtskrankheeten an ongewollte Schwangerschafte bitt e Kondom Schutz. Weider Informatiounen zum richtege Gebrauch fannt Dir um Blog vun Durex.

Op der Internetsäit vun der HIV-Berodung gëtt weider erkläert, datt den HIV-Test déi eenzeg Méiglechkeet ass, fir eng Infektioun nozeweisen an esou eng gëeegent Behandlung ze erméiglechen. Iwwert eng Bluttanalys oder en diagnostesche Schnelltest (TROD) kann d’Presenz vun Anti-HIV-Antikierper opgedeckt ginn.

AIDS© HIV-Berodung / Rout Kräiz

Besteet d’Gefor vun enger Infektioun muss ee sech esou schnell wéi méiglech (ënnerhalb vun 72 Stonnen) am CHL un den nationale Service fir ustiechend Krankheeten wennen. Kann de Risiko nogewise ginn, verschreift den Dokter d’Noutfallbehandlung.

Recommandéiert gëtt och, datt en Test zur Preventioun dräi Méint no der Risikosituatioun (Gerassenen, ewechgerutschten oder guer net eréischt benotzte Gummi, Blessur wärend dem sexuellen Akt, Kontakt mat Blutt oder Sperma vun enger betraffener Persoun, gemeinsamer Notzung vun Drogeninjektiounsutensilien) esou een Test duerchgefouert gëtt.

Zu Lëtzebuerg weist een Engagement

Am Kader vum Welt-AIDS-Dag ginn nieft der symbolescher Aktioun am Europapark zu Dummeldeng, der Sensibiliséierungscampagne „Déi richteg Gesten uwennen, och ënnert dem Rimm!“ an der virtueller Ausstellung „Konscht um Gummi“ (weider Detailer ginn et HEI am Artikel) ka Lëtzebuerg sech och iwwert aner Mëttel als europäeschen a weltwäite Model ervirdoen.

AIDS

Wéi schonn erwäänt hu sech 2019 keng weider Drogekonsumenten mam HI-Virus infizéiert. Duerch adaptéiert gemeinsam Projeten an grouss Beméiungen bei de Sitten vun Drogen-Traitementer, konnten den Depistage an d’Preventioun verbessert an esou d’Risike verréngert ginn. Den Accès op antiretroviral Behandlunge fir vulnerabel a betraffe Persoune gouf vereinfacht. De Groussherzogtum ass aktuell dat eenzegt Memberland, dat d’Ziler vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) erfëlle konnt. Dozou gehéiert d’Ubidde vun op mannst 200 sterillen Nole pro Notzer an d’Offer vun Ersatzstoffer, wouvunner op mannst 40 % vun den Notzer, déi Opioide mat héijem Risiko konsuméieren, profitéieren.

Weider Informatiounen zum Thema HIV fannt Dir iwwregens och op sante.public.lu.

Accès op Fleeg fir jiddwereen

Enn November 2020 huet d’Stad Lëtzebuerg sech der Initiative „Fast Track Cities“ ugeschloss. Zil ass et, datt d’Stied Aktiounen an d’Liewe ruffen déi den 90-90-90-Ziler vun UNAIDS entspriechen. Méi genee bedeit dat, datt bei 90 % vun de Betraffenen wëssen, datt se infizéiert sinn, dovunner nees 90 % vun de Persoune mat der Diagnos eng antiretroviral Therapie kréien an nees bei 90% vun de Behandelten de Virus ënnerdréckt ka ginn.

Dës weideren fokusséiert sech d’Lëtzebuerger Kooperatioun besonnesch op déi vulnerabel Populatioun, Fraen a jonk Meedercher. Zesumme mat UNAIDS an dem Weltwäite Fong am Kampf géint HIV, Tuberkulos a Malaria ënnerstëtzt d’Kooperatioun d’Haaptprinzipien vun de Mënscherechter an der Geschlechtergläichheet, dat besonnesch an Ostafrika.

An dësem Joer ënnerstëtzt Lëtzebuerg d’Programmer vun UNAIDS mat 4,6 Milliounen Euro ënnerstëtzt, wärend een dem weltwäite Fong 9 Milliounen Euro zur Verfügung gestallt huet fir d’Period vun 2020-2022.

Zil vum Programm ass et, datt Organisatiounen implizéiert a gestäerkt ginn, sou datt an Zukunft d’Zuel un Diagnostiken an Behandlunge vum Virus ka verdräifacht ginn. Dobäi konzentréiert ee sech besonnesch op d’Regioune vum Burkina Faso, Kamerun, Cap-Vert, Elfebeeküst, Mali, Niger, demokratesch Republik Kongo an de Senegal.

Related topics Depistage, Drogen, HIV, HIV-Berodung, Infektioun, Kondom, Konscht um Gummi, Preventioun, Rout Kräiz, Sensibiliséierung, Sex, TROD, Virtuerteeler, Virus, Welt-AIDS-Dag, WHO
Next post Previous post