Search

You may also like

Berlin: Seehofer a Merkel fannen am Asylsträit de Kompromëss
International Kultur Neiegkeeten

Berlin: Seehofer a Merkel fannen am Asylsträit de Kompromëss

Se sinn sech eens ginn, de streideregen Inneminister vun der

Gëtt d’Stäreplaz zu enger Luxusplaz?
International Kultur Neiegkeeten

Gëtt d’Stäreplaz zu enger Luxusplaz?

Doriwwer sinn déi Lénk an der Stad guer net frou:

Zweet Erdrénken – Wann de klenge Kierper ëm d’Iwwerliewen kämpft
International Kultur Neiegkeeten

Zweet Erdrénken – Wann de klenge Kierper ëm d’Iwwerliewen kämpft

De Summer ass do – wat gëtt et Besseres ewéi

Op de Punkt bruecht: Liese mat Fangerspëtzegefill

Op de Punkt bruecht: Liese mat Fangerspëtzegefill

Um haitege Welt-Braille-Dag steet déi vum Fransous Louis Braille entwéckelt Blanneschrëft am Fokus. Laang huet hie fir d’Unerkennung vu sengem System misse kämpfen, haut sinn déi taaschtbar Buschtawen, déi aus Punkten zesummegesat ginn, weltwäit bekannt. Persoune mat staarke Beanträchtegungen un den Aen a Blanner kruten esou e Stéck Onofhängegkeet a Selbstbestëmmung geschenkt.

Fänke mir awer emol vir un. Fir genee ze sinn, gëtt un dësem Aktiounsdag de Gebuertsdag vum Louis Braille gefeiert. Um 4. Januar 1809 ass hien a Frankräich gebuer ginn, huet sech awer als kleng Kand un den Aen blesséiert. Am Atelier vum Papp hat hien nämlech mat spatzem Geschir hantéiert eng falsch Beweegung, a scho war et geschitt. Duerch dëse Virfall koum et dozou, datt de Bouf 2 Joer méi spéit op béiden Aen komplett blann war.

Trotz dëser Beanträchtegung sollt de Jong eng anstänneg Educatioun erliewen, wouduerch hien zu Paräis eng speziell Schoul – de kinneklechen Institut fir jonk Blanner – besicht huet. An der schouleegener Bibliothéik ware Bicher an Dokumenter mat der Taaschtschrëft vum Valentin Haüy, dem Grënner vum Institut ze fannen. D’Buschtawe goufen heibäi entweder op décke Pabeier gepräägt, wat vum liesen, wéi och vum Gewiicht hir, immens schwéier war.

Braille

Büste vum Louis Braille (1809-1852) vum Artist Étienne Leroux (1836-1906)
© Agence Rol – Bibliothèque nationale de France (Public Domain)

Dat muss dach och méi einfach goen

Op der Sich no engem méi verständleche System ass de Louis Braille schliisslech op eng speziell Schrëft vum Militär gestouss, déi et den Truppen erméiglecht huet iwwert e Code aus Punkten am Däischteren ze liesen. Et soll verhënnert ginn, datt de Fein d’Zaldoten duerch d’Luucht entdeckt. Entwéckelt gouf dës Schrëft mat bis zu 12 Punkten an 2 Reien pro Zeechen vum Offizéier Charles Barbier.

Et huet e puer Joer gedauert, bis de Louis dës Nuetsschrëft op 6 Punkten pro Zeechen vereinfacht a mat sengem System Buschtawen, Zuelen, Sazzeechen a souguer Nouten duerstelle konnt. Ganz esou begeeschtert wéi de jonke Kärel war de Schouldirekter allerdéngs net. D’Brailleschrëft géif blann Persounen nach méi isoléieren, well jo just si dës Schrëft verstoen a liese kéinten.

No senger Ausbildung huet de Braille weider am Institut geschafft. Gläichzäiteg wollt hie fir d’Unerkennung vu sengem Punktsystem kämpfen, wat ëm schliisslech 1850 gelongen ass. Seng vereinfacht Schrëft gouf am ganze Land ënnerriicht. Laang konnt hie sech net un dësem Erfolleg erfreeën: 1852 ass de Louis Braille un Tuberkulos gestuerwen.

Mëttlerweil existéieren net nëmme ganz Bicher mat Brailleschrëft, mee och Partituren a souguer Computerbraille. Et muss ee jo mam digitalen Zäitalter matgoen a jiddwerengem dem Zougang zum Internet an der Kommunikatioun garantéieren.

Braille

Fir d’Brailleschrëft um Computer © Ralf Roletschek Marcela

En essentielle Beitrag, och a grad wärend der Pandemie

Am Joer 2001 huet d’WBU (World Blind Union) den Aktiounsdag an d’Liewe geruff, fir esou op déi zentral Bedeitung vun der Brailleschrëft opmierksam ze maachen. Zënter 2019 ass dësen Dag och vun de Vereenten Natiounen unerkannt. An dësem Kader leeë si de Fokus op d’Wichtegkeet vum Zougang op essentiell Informatiounen.

Grad dës Pandemie huet bewisen, wéi schnell d’Isolatioun komme kann, gläichzäiteg awer och Informatiounen zu de Restriktiounen, sou wéi Neiegkeeten zum Verlaf vun der sanitärer Kris musse vermëttelt ginn. Ouni d’Brailleschrëft géif dëse Schrëtt sech wuel vill méi schwéierfälleg gestalten.

Wéi funktionéiert d’Brailleschrëft?

Dem Louis Braille säi System besteet aus jeeweils 6 Punkten pro Zeechen. Dës Punkten, déi ee mam Fanger ertaaschte kann, ginn an zwou vertikale Reien (2 x 3 Punkten) duergestallt. Ganzer 64 Kombinatioune sinn méiglech, wouduerch verschidden Zeechen ewechfale mussen. Doduerch gëtt et ënnert anerem bei der Brailleschrëft keng Groussschreiwung.

Fir d’Buschtawen versteet sech de System folgendermoossen: a bis j ginn mat den ieweschte 4 Punkten duergestallt. Bei k bis t fënnt een zousätzlech ënnen lenks e Punkt, bei u bis z ënnen riets e Punkt. Wéi bei Allem am Liewen gëllt och hei, datt et e bëssen Zäit brauch, bis een de System verënnerlecht huet an en uwenne kann.

Braille

Ënnerstëtzung zu Lëtzebuerg

Wien op sengem gudden Aen (no enger optescher Korrektur) manner wéi 30% gesäit, gëllt zu Lëtzebuerg als behënnert. Eng schwéier Behënnerung läit da vir, wann ee just nach 5% vum eigentlechen Normalwäert gesäit, respektiv d’Siichtfeld méi kleng wéi 10° ass. Blann ass een dann, wann déi restlech Fäegkeet vum A just nach 2% bedréit.

Och hei am Land fanne Blanner, respektiv visuell beanträchtegt Persounen, sou wéi hir enk Bezuchspersounen Hëllef an Ënnerstëtzung:

  • Fondatioun Lëtzebuerger Blannevereenegung: Zil ass et d’Schicksal vun de Blannen a Behënnerten ze verbesseren an hir Interessen ze vertrieden.
    Weider Informatioune ginn et HEI;

  • AMVA (Aidez Moi à Voir Autrement): D’Organisatioun setzt sech fir d’Verbesserung vun der Mobilitéit an der sozial Integratioun vu blannen an/oder behënnerte Persounen an.
    Weider Informatioune ginn et HEI;

  • CDV (Centre pour le développement des compétences relatives à la vue): Den Zentrum riicht sech u Kanner, Jugendlecher an Erwuessener an erméiglecht hinnen eng gutt Educatioun a Formatioun.
    Weider Informatioune ginn et HEI;

  • CGAL (Chiens Guides d’Aveugles au Luxembourg): De Blanneféierhond gëllt als Hëllefsmëttel zur autonomer Fortbeweegung. De Veräin informéiert net nëmmen iwwert d’Blannenhënn, mee hëlleft dem Demandeur um Wee fir en ausgebilten Hond ze kréien.
    Weider Informatioune ginn et HEI.
Related topics Aen, Behënnerung, Blann, Blanneschrëft, Brailleschrëft, Kucken, Louis Braille, Vereent Natiounen, World Blind Union
Next post Previous post