Search

You may also like

Optimistesch proeuropäesch awer kritesch am Ëmgang
International Neiegkeeten

Optimistesch proeuropäesch awer kritesch am Ëmgang

Am grousse Ganze wieren d‘Lëtzebuerger Residenten éischter Zefridden (Männer 93%

Brexit: Déi britesch Propose fir den Ëmgang no der Scheedung
International Neiegkeeten

Brexit: Déi britesch Propose fir den Ëmgang no der Scheedung

Déi britesch Regierung huet um Freideg seng Propose, zu den

Rëschtungsausgabe fir 2020: zwou Billiounen US-Dollar
International Neiegkeeten

Rëschtungsausgabe fir 2020: zwou Billiounen US-Dollar

De Stockholmer Friddensfuerschungsinstitut SIPRI, huet säi Bericht zu de Rëschtungsausgabe

Welt-Orang-Utan-Dag: Just 57.000 Déieren existéieren nach

Welt-Orang-Utan-Dag: Just 57.000 Déieren existéieren nach

Den 19. August ass de Welt-Orang-Utan-Dag. Dës Primatenaart aus der Famill vun de Mënschenafen deelt 97 % vu senger DNA mam Mënsch – am indoneseschen heescht Orang „Mënsch“ an Hutan „Bësch“ – Orang-Utans sinn also „Bëschmënschen“.

D’Mënschenafe mat de rouden Hoer sinn déi gréisst op Beem liewend Déieren op der Äerd. Nach méi wéi all aner Primaten sinn si un e Liewen an de Bamkrounen ugepasst. Gëtt de Reebësch zerstéiert, verléieren d’Orang-Utans hir Ernierungsgrondlag an hire ganze Liewensraum.

En Orang-Utan gëtt an der Wildnis am Schnëtt 50 Joer al. D’Schwangerschaft vum Weibchen dauert zirka 9 Méint, de Bëbee bleift nach déi éischt 6 bis 8 Joer bei der Mamm fir alles Néideges ze léieren a spéider dobaussen iwwerliewen ze kënnen. An hirem ganze Liewen kréie si dobäi maximal 2 bis 3 Mol Nowuess.

Well den Wëlldéierenhandel esou boomt, si kleng Orang-Utan-Bebëeën ganz „wäertvoll“. Fir si hirer Mamm z’entzéien, muss een d’Mamm ëmbréngen. Si kämpft bis zum Dout ëm hiert Kand. Dat bedeit, datt fir all Orang-Utan-Bëbee ee weiblechen Orang-Utan gestuerwen ass, wat d’Populatioun immens aus dem Gläichgewiicht bréngt, well ëmmer manner Weibchen existéieren.

Orang-Utan

Orang Utan Help Lëtzebuerg Asbl / Facebook

Trauregerweis gehéiert den Orang-Utan haut zu den am schnellste verschwannende Spezies weltwäit, an e steet op der Lëscht vun de staark vum ausstierwe bedreeten Déieren. Mëttlerweil schätzt een, datt nach ëm 57.000 wëll Orang-Utans existéieren.

D’IUCN (International Union for Conservation of Nature) geet vun engem Réckgang vu 85 % aus. Ëm 50.000 vun dësen Déieren gehéieren der Spezies vum Borneo-Orang-Utan un, deen, wéi den Numm et vermudde léisst, op der Insel Borneo heemesch ass. Déi restlech 7.000 liewen op der indonesescher Insel Sumatra. Hei ënnerscheet een tëscht de Sub-Spezies Tapanuli-Orang-Utan (800 Déieren) an dem Sumatra Orang-Utan.

D’Gefor vum Ausstierwe vum Orang-Utan ass virun allem op dat schnellt Verschwanne vun hirem Liewensraum zeréckzeféieren. Esou si laut Index Mundi eleng tëscht 2008 an 2018 iwwert 5 Milliounen Hektar Palmueleg-Plantagen ageplanzt ginn, op deene sech virdrun Reebësch befonnt huet (bis haut goufe méi wéi 14 Millionen Hektar Reebësch zerstéiert). Dat entsprécht enger Ofholzung vun 20 Mol der Fläch vu Lëtzebuerg, also pro Joer 2 Mol d’Fläch vum Groussherzogtum oder 1,4 Fussballfelder pro Minutt.

Palmenueleg gëtt als bëllegsten Ueleg weltwäit ënnert anerem a villen Liewensmëttel a Kosmetik-Produiten genotzt. D’EU ass den drëttgréissten Client fir Palmenueleg weltwäit. Zirka 50 % vum Palmenuelegexport geet un Europa, wat virun allem op d’Notzung vu Palmenueleg am Bio-Diesel zeréckzeféieren ass.

Fir Flächen fir d’Palmenueleg-Plantage ze schafen, gëtt oft Brandrodung bedriwwen, meeschtens och illegal. Leider geroden dës Bränn oft ausser Kontroll a féieren zu engem nach méi schnellen Ausstierwe vun den Déieren, sinn awer och e risege Problem fir d’Bevëlkerung vum Land, déi souguer an der ländlecher Géigend ënnert enger wesentlech méi schlechter Loftqualitéit leide mussen, wéi vergläichsweis an de Groussstied.

Nieft der Ofholzung fir Palmenueleg a Soja sinn och Minnen an Tropenholz den Haaptgrond fir d’Verschwanne vum Liewensraum vum Orang-Utan.

Eng weider Gefor ass déi illegal Haltung vun den Déieren duerch Entreprisen a Privatpersounen. Si ginn deels einfach als Hausdéieren gehalen, deels zum Amusement vun Touristen als Geldquell genotzt. Esou gi si a Käfeger gehalen, a Boxkämpf presentéiert oder a klengen Déiereshows virgefouert. Weiblech Orang-Utans gi souguer deelweis a Bordellen als bëlleg Prostituéiert ausgenotzt.

Orang-Utan

Orang Utan Help Lëtzebuerg Asbl / Facebook

Fir zum Schutz vun Orang-Utans bäizedroen ass et wichteg, Produiten ze vermeiden, déi aus der Entwaldung resultéieren. Mir mussen dofir onbedéngt de Kaf vun Tropenholz vermeiden. Am Bezuch op Palmenueleg ass et noutwenneg beim Kaf vu Liewensmëttel wuechtsam ze sinn an d’Zesummesetzung vun de Produiten z’iwwerpréiwen. Heizou ginn et vill Applikatioune fir den Handy, déi eis iwwert d’Zesummesetzung informéieren. Am Allgemengen sollte veraarbecht Produiten (Färdeggeriichter) vermeit ginn a Produite virgezu ginn, déi aner Ueleger (Raps, Sonneblummen an ähnleches) enthalen an e lokalen Ursprong hunn.

D’Orang Utan Help Lëtzebuerg Asbl ënnerstëtzt verschidde Projeten an Indonesien, déi dorop ofzilen, beschlagnaamt Déieren ze rehabilitéieren an nees auszewëlderen, Reebësch ze schützen oder neie Reebësch unzeplanzen. D’Missioun vun eisem Veräin ass et, d’Bevëlkerung zu Lëtzebuerg iwwert d’Gefor ze informéieren, där dës Déieren ausgesat sinn.

Doriwwer hinaus sammele mir Spenden duerch verschidden Opruffen oder de Verkaf vu Produiten am Zesummenhang mam Orang-Utan. Zum engem bidde mir Orang-Utan-Plüschdéieren un, mee och Produiten (Schockela, Zocker, Kaffi), déi et der lokaler Bevëlkerung an Indonesien erméiglechen, net vum Palmenuelegubau ofhängeg ze sinn.

Fir den Orang-Utans hëllefen ze kënnen, benéidegen mir Är Hëllef. Fir weider Informatiounen zu eise Projeten luede mir Iech häerzlech dozou an, eis op Facebook oder op eiser Internetsäit www.orangutan.lu ze besichen, oder eis per E-Mail (orangutanlux@gmail.com) ze kontaktéieren.

Matgedeelt vun Orang Utan Help Lëtzebuerg Asbl

Opmaacherfoto: Orang Utan Help Lëtzebuerg Asbl / Facebook

Related topics Amusement, Ausstierwen, Bëschbrand, Borneo, Brandrodung, Illegal Haltung, Indonesien, Liewensraum, Mënschenaf, Natur, Orang Utan Help Lëtzebuerg, Orang-Utan, Palmenueleg, Prostitutioun, Reebësch, Rout Lëscht, Tropenzholz
Next post Previous post