Haut ass de Welt-Orgasmus-Dag

Ma wien ass dann op déi Iddi komm?

Um haitegen Dënschdeg fënnt de Welt-Orgasmus-Dag statt. Den Datum ass net ganz zoufälleg gewielt, mir hunn haut nämlech de kierzesten Dag an déi längsten Nuecht vum Joer. Also genuch Zäit fir iech …

Dësen Dag ass, esou seet et den Numm schonn, dem sexuellen Héichpunkt gewidmet a gouf am Joer 2006 vun der kalifornescher Friddensbeweegung mam Numm Global-Orgasm-for-Peace-Day an d’Liewe geruff. Dobäi steet net nëmmen de Spaass, mee och d’Opklärung am Virdergrond.

Wann et ëm den Orgasmus geet, bestëmmen Männer den Tempo. 95 Prozent vun de Männer hu keng Problemer reegelméisseg een Orgasmus ze kréien. Deemno wéi kann dat souguer séier goen.

Fraen brauchen allerdéngs méi Zäit – no ongeféier 20 Minutte misst et klappen – wann alles gutt leeft. Allerdéngs hunn och vill Frae Problemer bis zum Final, dat iwwregens bis zu 107 Sekonne laang dauere kann, ze kommen. Männer sinn no e bësse méi ewéi 12 Sekonnen erëm erof vum hormonelle Rausch.

Fir dëse phänomenalen Trip suergt d’Gléckshormon Dopamin. Dës weidere verstäerkt den Oxytocin den Effekt nach. Ee schéinen Nieweneffekt ass, datt dëst fir ee Gefill « vu Verbonnenheet » suergt.

Natierlech huet een Orgasmus och eng praktesch Funktioun – duerch d’Muskelkontraktioune kommen d’Spermien besser virun an eng Befruchtung ass méi warscheinlech.

Welt-Orgasmus-Dag
© Dainis Graveris / unsplash

Hei nach e puer Fakten:

Nëmmen ongeféier 20 Prozent vun de Fraen kënnen vaginal zum Orgasmus kommen. Déi aner, brauchen eng zousätzlech aner Stimulatioun.

Männer ejakuléiere bis zu 6 Milliliter Sperma. Bei duerchschnëttlech 7.200 Orgasmen am Liewe sinn dat ongeféier 43 Liter.

De Gynekolog Ernst Grafenberg huet den, bei de Frae beléifte G-Punkt entdeckt. Mee ob et dës erogen Zon tatsächlech gëtt an ob all Fra si huet ass ëmstridden.

Ee Mann huet am Duerchschnëtt eelef Erektioune pro Dag. Déi meeschte verschléift hien.

An der aktueller Corona-Pandemie klëmmt d’Warscheinlechkeet fir een Orgasmus, d’Mënschen hunn nämlech méi dacks Sex.

Den Héichpunkt ass natierlech Privatsaach – mee duerch ënnerschiddlech Filmzeene kann een awer zum Voyeur ginn.

Am Film « Verrückt nach Mary » ass den Orgasmus éischter ee Grond fir ze laachen. Well den Ted virum Rendezvous mam Mary nervös ass, berouegt hien sech mat der Hand. D’Mary verwiesselt de Sperma mat Hoergel – mat erstaunlecher Wierkung.

De Film « Harry und Sally » beweist zum Beispill ewéi einfach Fraen een Orgasmus virtäusche kënnen. Dëst féiert d’Schauspillerin Meg Ryan nawell beandrockend vir – wann ee bedenkt, datt säin nawell intensiven Héichpunkt an engem Restaurant stattfënnt.

Weider Informatiounen fannt Dir hei.

Dernières nouvelles