Search

You may also like

Bei der Bréifdréieschgewerkschaft ass een „irritéiert“
International Neiegkeeten

Bei der Bréifdréieschgewerkschaft ass een „irritéiert“

D‘Aarbechtskonditioune bei der POST Lëtzebuerg ginn ëmmer méi schlecht: net

Grouss Maniff um Kierchbierg – Wat sollt gewosst sinn
International Neiegkeeten

Grouss Maniff um Kierchbierg – Wat sollt gewosst sinn

Police a Stad Lëtzebuerg informéieren: haut a muer wäert et

Steigenberger Grandhotel zu Bonn: wou d’Politiker sech gutt Nuecht gesot hunn
International Neiegkeeten

Steigenberger Grandhotel zu Bonn: wou d’Politiker sech gutt Nuecht gesot hunn

Et gëtt luxuriéis Hoteller an engem flotte Kader an et

Haut ass de Welt-Parkinson-Dag

Haut ass de Welt-Parkinson-Dag

Haut ass de Welt-Parkinson-Dag. E gouf an d’Liewe geruff fir d’Bewosstsinn vun dëser onheelbarer Krankheet ze fërderen. Den 11. Abrëll ass nämlech de Gebuertsdag vum Dr. James Parkinson, deen d’Krankheet fir d’éischt an engem Buch opgefouert huet. D’Symptomer, déi hien als „Shaking Palsy“ beschriwwen huet, brénge mir meeschtens mat Parkinson a Verbindung.

Welt-Parkinson-Dag

Mat der Ënnerstëtzung vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO), huet d’Europäesch Parkinson Associatioun am Joer 1997 deen éischte Parkinson-Dag an d’Liewe geruff.

Wärend dem gesamtem Mount Abrëll fannen iwwerall an der Welt Evenementer statt, déi net nëmmen dozou bäidroe sollen, d’Bewosstsinn fir dës Krankheet ze fërderen, mee och fir finanziell Mëttelen ze sammelen, déi zu der Erfuerschung vun der Krankheet wichteg sinn.

Parkinson ass déi zweetheefegst neurodegenerativ Stéierung a betrëfft Millioune vu Mënschen op der ganzer Welt. Zanterdeem den James Parkinson d’Krankheet virun iwwer 200 Joer beschriwwen huet, goufe vill wichteg Erkenntnisser gesammelt a wëssenschaftlech Entdeckunge gemaach. Mee dat geet leider nach net duer.

Trotz där schwéierer Beweegungsstéierung verléieren vill Betraffen net hier Liewensfreed. Dat weist sech zemools um Welt-Parkinson-Dag, wa si selwer d’Ëffentlechkeet informéieren an der Krankheet esou e bësse vun hirem Schrecken huelen.

D’Krankheet setzt meeschtens tëscht dem 50. a 60. Liewensalter an. Et ass seelen, datt méi jonk Persounen, ab 40 Joer dovunner betraff sinn. Awer net ausgeschloss. Zur Zäit gëtt et nach keng Méiglechkeet de Krankheetsverlaf opzehalen, oder méi lues ze maachen. Et loossen sech just e puer Symptomer behandelen, ma déi maache schonn esou vill aus, datt Mënsche mat Parkinson nach Joren a souguer Joerzéngten en gutt Liewe kënne féieren.

Och wann d’Symptomer (ënnert anerem Muskelstarre, Muselzidderen an neurologesch Beweegungsstéierung), bekannt sinn, esou fält et dach schwéier, ze verstoen, viru wéi engen Erausfuerderunge Patienten dagdeeglech stinn. Dofir ass dësen Dag ëmsou méi wichteg.

Am Mount Abrëll solle betraffe Patienten, Familljememberen sou wéi Dokteren op Parkinson opmierksam maachen, andeems se folgend Froen beäntwert: Wat ass Parkinson? Wat bedeit d’Krankheet fir de Patient? Gëtt et Neiegkeeten an der Fuerschung.

An dat alles an der Hoffnung, datt d‘Fuerschung geschwënn de richtegen Duerchbroch mécht …

Related topics European Parkinson Disease Association, James Parkinson, Krankheet, neurodegenerativ Stéierung, Sensibiliséierung, Welt-Parkinson-Dag, Weltgesondheetsorganisatioun, WHO, Zidderen
Next post Previous post