Search

You may also like

Dem Info-Guichet vun der ASTI ginn d‘Mëttel aus
Neiegkeeten Stories

Dem Info-Guichet vun der ASTI ginn d‘Mëttel aus

Bei der ASTI „dréckt de Schong“ a zwar zolidd. Eng

Idles um Siren’s Call 2019
Neiegkeeten Stories

Idles um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s

money
Frankräich: Et gëtt net genuch Schampes gedronk!
Neiegkeeten Stories

Frankräich: Et gëtt net genuch Schampes gedronk!

Eigentlech ass den 2020er Joergang immens villverspriechend. Prall a séiss

E gudde Maufel facilitéiert den Echange

Lëtzebuerg mat de fënnef Sënner op der Weltausstellung zu Dubai

E gudde Maufel facilitéiert den Echange

Datt eist Land un der Weltaustellung zu Dubai deelhëlt suergt zuweile fir Gespréich, besonnesch an de sozialen Netzwierker. Elo kann ee doriwwer denke wat e wëll, mee eent steet fest, mir sinn vum 20 Oktober 2020 bis den 10. Abrëll 2021 op der Plaz an dat mat engem ganz interessante Pavillon. Lëtzebuerg soll sech der Welt weise kënnen, och wann dat net iwwerall op Zoustëmmung trëfft.

De 24. Oktober ass dann ee vun de groussen Themen déi an dësem Pavillon „behandelt“ ginn an der Dikrecher Hotelschoul presentéiert ginn. D‘Maggy Nagel, Generalkommissärin fir de Lëtzebuerger Pavillon, huet dann och aleedend op e puer wichteg Zuelen higewisen. D‘Weltausstellung, dat si bis zu 25 Millioune Visiteuren, wat engem Dagesduerchschnëtt vu gutt 150.000 Leit representéiert.

Am Lëtzebuerger Pavillon ginn sech dann och all Dag eng 15.000 Gäscht erwaart. Et géif dann och elo bedeiten, datt ee mat grousse Schrëtt de Pavillon muss un d‘Rulle kréien. Woubäi Lëtzebuerg dat éischt Land war dat de Grondstee geluecht huet. An eisem Pavillon geet et dann och speziell a geziilt ëm déi fënnef Sënner, a leschten Donneschdeg ass et ëm de Goût gaangen, firwat dann och dës Presentatioun am Restaurant vun der Dikrecher Hotelschoul stattfonnt huet.

Eng Hotelschoul déi enk mam Projet verbonnen ass, well si den Optrag hunn, d‘Schengen Lounge am Pavillon zu Dubai ze geréieren, an dat vun der Kiche bis hin zum Service. E Konzept dat an Zesummenaarbecht mat der Horesca, dem Vatel Club, dem Lëtzebuerger Wäibauinstitut, dem technesche Lycée vu Bouneweg an der eben ernimmter Hotelschoul zu Dikrech ausgeschafft gëtt.

Eng Konventioun bréngt Sécherheet

An dësem Kontext dierf een nach 2 Punkten ervirhiewen. Éischtens: entgéint der Weltausstellung zu Shanghai (2010) ass beim Projet „Dubai“ d‘Entwécklung an dat gastronomescht Konzept vun Ufank un agebonne ginn. Zweetens: fir den Aarbechtsgrupp „Gastronomie“ war et eigentlech kloer, wann net esouguer Viraussetzung, datt d‘Hotelschoul (EHTL) hei muss an de Projet opgeholl ginn.

Dat léist sech zudeem gutt a einfach begrënnen: d‘Hotelschoul als onëmgänglechen Acteur am Beräich vun der Hotellerie an dem Tourismus, huet net nëmmen de Knowhow fir esou e Konzept op d‘Been ze stellen, mee verfüügt och nach iwwert déi qualifizéiert Mataarbechter, déi dat realiséiere kënnen. Fir deem ganzen eng zolidd Grondlag ze bidden, ass dann och schon den 11 Juli, tëscht dem GIE „Expo 2020 Dubai“ an der EHTL eng Partnerschaftskonventioun ënnerschriwwe ginn.

Zur Roll vun der EHTL huet den Direkter Michel Lanners e puer Erklärunge ginn. Dat wichtegst an dësem Projet, ass den „edukative“ Volet deen déi sech qualifizéiert Schüler a Studenten erwaart. Si kréien hei eng seele Geleeënheet hir Kenntnisser a Motivatioun ënner Beweis ze stellen. Dat bedeit awer och datt d‘Selektioun net einfach gëtt, zemools och nach gewësse Reegelen anzehale sinn.

Et kann net jiddereen „auserwielt“ sinn

Datt d‘Kanner, also natierlech d‘Schüler, hei eng eemoleg a fir de Beruff wichteg Erfarung maache kënnen, dat sollt een net extra musse betounen. Datt si sech dofir eppes „méi“ virbereede mussen an och muss séchergestallt sinn datt d‘Motivatioun der Erausfuerderung ugemooss ass, wuel och net. Englesch sollt een aus dem „FF“ beherrschen an eppes vun der Kultur vum Land verstanen hunn.

Wichteg och, datt d‘Eltere vun den auserwielte Studente vun Ufank u mat agebonne ginn. Virgesinn ass et dräi Equippen (12 Schüler an 3 Enseignanten) déi jeeweils 10 Wochen op der Plaz sinn, fir dës Missioun zesummenzestellen. Dat dierft net einfach ginn, well et wëll ee keen ausschléissen. Et gëllt dann awer och als interesséierte Schüler ze beweisen, datt een déi beschte Viraussetzunge mat bréngt. A wann ee weess ënnert wéi engem „Chef“ een do dierf schaffen, strengt ee sech och un.

D‘Schengen Lounge steet dann nämlech ënnert dem Kommando vum Kevin de Dood (28) dee Kichechef am „Saint Pierre“ zu Kuala Lumpur ass, an dësem Restaurant grad säin zweete Michelin-Stär abruecht huet. Et kann een also, alle Remarken op Facebook zum Trotz, behaapten datt dat wat sech Lëtzebuerg zu Dubai virgeholl huet, och Kapp a Fouss huet. Och dat ka Lëtzebuerg ganz gutt.

Kee Schwéngefleesch? A wéi ass mam Alkohol?

Datt et an der Vereenegten Arabeschen Emirater fir gewéinlech kee Schwéngefleesch gëtt, dat sollt bekannt sinn. Firwat sech elo eng „Polemik“ dowéinst an de sozialen Netzwierker breet mécht, dat kënnen och mir net erklären. Mee esouvill ass gewosst: natierlech hätt Lëtzebuerg seng Spezialitéite mat Schwéngefleesch kënnen opdëschen, dat hätt dann awer eng separat Kiche gefuerdert.

Fir all déi deenen de Projet esou schonn ze deier ass, wier dat just Waasser op d‘Mille gewiescht. Wat elo den Alkohol betrëfft, esou gëtt es dees schonn am Lëtzebuerger Pavillon. Hei besteet déi eigentlech Contrainte doranner, datt dat „Personal“ wat fir de Service vun alkoholeschem Gedrénks agedeelt gëtt, mindestens 21 Joer al muss sinn. En Reegel déi esou och an allen internationalen Hoteller zu Dubai ugewannt gëtt. Dorunner ass also net wierklech eppes auszesetzen.

Alles an allem huet dëse gastronomesche Projet vill Positives Opweises an och déi weider Projeten (et si schliisslech fënnef Sënner) dierfte mat deem néidege Seriö ugepaakt ginn. D‘Maggy Nagel huet dann och Recht sech mat hirer ganzer Persoun hannert dëse Projet ze stellen. Fir eist Land a besonnesch eis Jonk, ass d‘Weltausstellung eng flott Geleeënheet sech aneren Natiounen ze weisen.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Dubai, EHTL, Hotelschoul, Kevin de Dood, Maggy Nagel, Schengen Lounge, Weltausstellung
Next post Previous post