Search

You may also like

Vu Cider, engem Food-Truck an Eisekuchen
International Neiegkeeten

Vu Cider, engem Food-Truck an Eisekuchen

Bur am Kanton Rouspert-Mompech ass d‘Heemecht vun der international renomméierter

LSAP: Atommüll? Nee Merci!
International Neiegkeeten

LSAP: Atommüll? Nee Merci!

D’LSAP, besonnesch déi direkt betraffen LSAP Süd- an Nordbezierker, ass

Sécher am digitale Raum ënnerwee – T’ass nees Safer Internet Day!
International Neiegkeeten

Sécher am digitale Raum ënnerwee – T’ass nees Safer Internet Day!

Mam Safer Internet Day (SID) gëtt all Joer en internationalen

Weltautismusdag 2020: Mam Film „Rain Man“ a bloer Kleedung zesummen duerch den Dag!

Hëlleft eis och dëst Joer, de Weltautismusdag besonnesch ze maachen!

Weltautismusdag 2020: Mam Film „Rain Man“ a bloer Kleedung zesummen duerch den Dag!

Den haitegen 2. Abrëll 2020, ass net nëmmen e weideren Dag wou mir doheem bleiwe mussen, mee et ass och den Weltautismusdag. Dësen Dag, dee vun der UNO am Joer 2008 déi éischte Kéier agefouert gouf, déngt dozou, de Public iwwert Thema Autismus ze sensibiliséieren.

All Memberstaate vun der UNO ginn dozou opgeruff, d’Bewosstsinn fir Autismus duerch d’Ëmsetzung vu verschiddene Moossnamen ze schäerfen. Insgesamt soll d’Lag vu Mënsche mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung duerch dësen Dag verbessert ginn.

Och d’Fondatioun Autismus Lëtzebuerg (FAL), déi sech säit 1996 fir d’Rechter vun de Persoune mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung asetzt, mécht schonns säit Jore beim Weltautismusdag mat. Mat Hëllef vun diversen Aktioune probéiert d´Fondatioun e groussen Deel vun der Lëtzebuerger Gesellschaft ze erreechen.

Fondatioun Autismus Lëtzebuerg

© Floriano Cardosi / Fondatioun Autismus Lëtzebuerg

Wat ass eng Autismus-Spektrum-Stéierung?

Autismus ass vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) als eng déif gräifend Entwécklungsstéierung definéiert. Mënsche mat Autismus weise Schwächen hisiichtlech der sozialer Interaktioun a Kommunikatioun ob.

Diagnostesch gëtt tëschent dem fréikandlechem Autismus, och Kanner-Syndrom genannt, an dem Asperger-Syndrom ënnerscheet. Am Géigesaz zum Asperger-Syndrom trëtt de fréikandlechen Autismus scho virum dem drëtte Liewensjoer op. D’Kanner léieren eréischt spéit oder oft guer net schwätzen. Si huelen hier Ëmwelt kaum wouer an och stänneg Widderhuelunge vu gläiche Verhalensweisen a Beweegunge sinn typesch. Dobäi trëtt de fréikandlechen Autismus oft zesumme mat enger geeschtlecher Behënnerung op.

D’Asperger-Syndrom ass eng liicht Form vun Autismus, déi heefeg mat enger héijer Intelligenz anhir geet. Betraffe Kanner entwéckelen sech am Ufank meeschtens onopfälleg, d’Sproochentwécklung verleeft hei ganz normal. Mënsche mat Asperger-Syndrom sinn heefeg motoresch ongeschéckt, weise grouss Problemer am sozialen Ëmgang op an evitéieren de Kontakt zu anere Mënschen. Si widmen sech oft ausgepräägte Spezialinteressen.

Autismus ass keng seele Krankheet. Et gëtt geschätzt, datt ongeféier eng vun honnert Persounen an der europäescher Unioun vun dësem onsiichtbaren Handicap betraff ass. Eleng zu Lëtzebuerg sinn dat ëm 6.000 Persoune mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung.

Aus dësem Grond ass et ëmsou méi wichteg, d’Gesellschaft richteg ze informéieren, fir esou méi Toleranz a Versteesdemech géigeniwwer de Betraffene erreechen ze kënnen.

Weltautismusdag

© Maria Badasian / Unsplash

Alles blo!

Zudeem gëtt all Joers fir de Weltautismusdag d’Sensibiliséierungscampagne ‘Light It Up Blue’ (liicht et blo un) organiséiert. Zil vun dëser Campagne, déi vun der amerikanescher Organisatioun Autism Speaks am Joer 2008 an d’Liewe geruff gouf, ass et, op d’Thema Autismus opmierksam ze maachen an déi entspriechend politesch Ënnerstëtzung anzefuerderen.

Fir méi Akzeptanz fir Mënsche mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung ze kréien, wäert sech d’Welt haut an der Faarf blo fierwen. Mat hirer roueg-angenehmer Wierkung hëlleft dës Faarf de Mënsche mat Autismus, sech ze berouegen an de Reizen, déi op d’Sënnesorganer wierken a fir si Stress ervirruffen, entgéint ze wierken.

Zudeem droe Sympathisante vun der Campagne blo Kleedung an deelen dës an de soziale Medien ënnert dem Hashtag #LIUB2020.

Och elo, wärend der COVID-19 Krise, ka sech all Mënsch ganz einfach un dëser Initiative bedeelegen. Sech blo unzedoe fir bis akafen ze goen oder einfach eng blo Käerz ob seng eege Fënsterbänk stellen, gëlt Zeeche vu Solidaritéit.

Zudeem huet sech d’FAL dëst Joer eppes Besonnesches fir de Weltautismusdag ausgeduecht: Ee bloen, ofwäschbaren Tattoo, op dem de Logo mat der Opschrëft together #ËMMERDO ofgebild ass. Mee, wat stécht hannert dësem Motto?

De Christophe Wantz, Responsabel vum Service Kommunikatioun, erkläert: “D’Wuert Together, englesch fir zesummen, beschreift, dass een nëmmen zesummen eppes Sënnvolles erreeche kann. D’FAL setzt also op Zesummenaarbecht an en géigesäitegt Versteesdemech fireneen, fir zesummen zum Zil ze kommen. De Deelsaz Ëmmer do erkläert, datt d’FAL zu all Zäit, also 24/7, fir seng Bewunner an de Wunnstrukturen zur Verfügung steet.

Dës gratis Tattooen kennt Dir ganz einfach bei der FAL bestellen. Dann kritt Dir se bei Iech Heem geschéckt.

D’FAL seet jidderengem Merci, deen och dëst Joer dozou bäidréit, de Weltautismusdag besonnesch ze gestalten. Dankbar weist ee sech och all deene Persoune géigeniwwer, déi zesumme mat eis, ëmmer do sinn.

An elo: eise Film-Tipp fir all déi, déi haut a bloer Kleedung bei sech doheem bleiwen: E bekannte Film, deen engem Thema Autismus méi no bréngt, ass dat US-amerikanescht Drama Rain Man mam Dustin Hoffman an der Roll vun engem Mënsch, mat enger Autismus-Spektrum-Stéierung.

Matgedeelt vun der Fondatioun Autismus Lëtzebuerg (FAL)
Opmaacherbild: © Floriano Cardosi / Fondatioun Autismus Lëtzebuerg

Related topics #ëmerdo, #liub2020, Blo, Covid-19, FAL, Fondation Autisme Luxembourg, Fondatioun Autismus Lëtzebuerg, Light it up blue, Sensibiliséierung, Weltautismusdag
Next post Previous post