Search

You may also like

Wouhi weist den CSV-Kompass?
International Neiegkeeten

Wouhi weist den CSV-Kompass?

Dee bäi de leschte Chamberwale vill zitéierte CSV-Kompass schéngt a COVID-19-Zäite ganz

Wéinst Covid19-Mutatioun mussen d‘Britten an de Lockdown
International Neiegkeeten

Wéinst Covid19-Mutatioun mussen d‘Britten an de Lockdown

Wärend de Brexit op en „No Deal“ zousteiert huet de

Trumpianer stierme Kapitol
International Neiegkeeten

Trumpianer stierme Kapitol

Déi Geeschter déi den Donald Trump a véier Joer erwächt

Haut ass de Weltdag géint Mënschenhandel

Haut ass de Weltdag géint Mënschenhandel

Den haitege Weltdag géint de Mënschenhandel gëtt dofir genotzt fir op een internationale Problem opmierksam ze maachen: Et geet ëm de Kaf a Verkaf vu Mënsche géint hire Wëllen. Dobäi ass dëst eng global Tragödie, déi och haut nach stattfënnt. Iwwer 2,4 Millioune Mënsche leiden ënnert dëser schrecklecher Form vun Ausbeutung an der Verletzung vun de Mënscherechter.

D’Vereenten Natiounen hunn den Aktiounsdag am Joer 2014 fir déi éischte Kéier ausgeruff. Zil war – an ass nach ëmmer, op d’Situatioun vun den Affer opmierksam ze maachen a sech fir hier Rechter anzesetzen. Et ka jiddereen treffen, weltwäit si bal all Länner betraff, sief dat direkt oder indirekt.

Meeschtens ginn d’Leit mat Aarbecht oder anere falsche Verspriechunge getäuscht. Nieft dem Beräich vun der Prostitutioun fënnt sech Mënschenhandel och an der Gastronomie, der Landwirtschaft, der Fleeg a souguer a privaten Haushälter. Och Kanner a Jugendlecher bleiwen net virun dëse grausamen Dote verschount.

D’Donkelziffer ass immens héich, Affer trauen sech aus Angscht virun hiren Ausbeuter net, d’Autoritéiten ëm Hëllef froen. Dës weideren hu si dacks wéineg Informatiounen iwwert hier Rechter. Angscht virun enger Réckféierung dréit dozou bäi, datt si sech keng Ënnerstëtzung sichen.

Ma, och d’psychesch Folge sinn dramatesch. Hei musse Regierungen hier Preventioun ausbauen, d’Affer schützen an déi Verantwortlech viru Geriicht stellen.

Eng Initiative déi sech dofir asetzt an d’Ëffentlechkeet sensibiliséiere wëll, ass d’Blue Heart Campaign against Human Trafficking, déi un dësem Weltdag duerchgefouert gëtt. Dobäi soll e Logo a Form vun engem bloen Häerz d’Opmierksamkeet op sech zéien a Mënschen zur Mathëllef am Kampf géint de Mënschenhandel inspiréieren. Dëse Logo symboliséiert d‘Trauer vun de Betraffenen an d’Keelt vun den Täter.

Related topics Angscht, Ausbeutung, Blue Heart Campaign against Human Trafficking, Fleeg, Gastronomie, Kaf, Landwirtschaft, Mënscherechtsverletzungen, Preventioun, Prostitutioun, UNODC, Vereenten Natiounen, Verkaf, Weltdag géint Mënschenhandel
Next post Previous post