inondations.lu: Gutt informéiert ass besser wéi bis zum Nuebel am Waasser ze stoen
Et fält aktuell villes vum Himmel an et ass net
Et fält aktuell villes vum Himmel an et ass net
Elo wou d’Fondation EME duerch d’Period vum Confinement seng Concerten
An dësem Joer huet d’Corona-Pandemie de Besoin un humanitärer Hëllef drastesch erhéicht. Doriwwer eraus ginn Zivilisten a Konfliktgebitter bei geplangten oder spontanen Ugrëff routineméisseg blesséiert oder ëmbruecht.
Ufank 2019 goufe schätzungsweis 70,8 Millioune Mënschen duerch Konflikter, Gewalt a Mënscherechtsverletzunge verdriwwen. De Klimawandel verschäerft d’Ufällegkeet vun de Bewunner fir humanitär Krise weider.
Zu dëser Geleeënheet hunn de Josep Borell, héije Vertrieder vun der EU Baussen- a Sécherheetspolitik, an de Janez Lenarčic, Kommissär vum Krisemanagement, eng Erklärung zum humanitäre Weltdag 2020 ofginn:
Am Virfeld vum Weltdag vun der humanitärer Hëllef wierdege mir all Hëllefer, déi Liewe retten an deejéinegen hëllefen, deenen et a Krisenzäite weltwäit net esou gutt geet.
Wéinst der Covid-19 Pandemie schaffen si all mat vollen Asaz, fir allen Widregkeeten zum Trotz och ënner schwéiere Bedéngungen Hëllef ze leeschten.
Mir erkennen hire Mutt an d’Passioun un, mat deenen si sech fir déi Hëllefbedierfteg asetzen. Leider goufen am Joer 2019 125 humanitär Hëllefer ëmbruecht an 124 entfouert. D’Rettung vu Mënscheliewe sollt ni Mënscheliewe kaschten.
Dofir muss onbedéngt op dat humanitäert Vëlkerrecht geuecht ginn, zum Schutz fir déi humanitär Hëllefer an d’Zivilbevëlkerung. Mir appelléieren ausserdeem un all Konfliktparteie weltwäit, déi zivil Infrastrukturen, Schoulen a Klinicken net gezielt unzegräifen.
Alarméierend ass, datt mir zur Zäit eng Zounam vum humanitäre Bedarf verzeechnen, déi sech duerch déi Covid-9-Pandemie nach weider beschleunegt. Virun dësem Hannergrond ass déi europäesch Unioun bereet, Investitiounen an d’humanitär Hëllef weider ze verstäerken an opzestocken. D’Europäesch Kommissioun wäert d’Hëllef vun der EU an den nächste 7 Joer mat bal 100 Mrd. EURO ënnerstëtzen.
Mir sinn houfreg op dat humanitäert Engagement vun Europa. Eis Ënnerstëtzung wäert Mënschen a méi ewéi 80 Länner, vum Libanon bis zur Sahelzon, vun Afghanistan bis Venezuela zudeel. E groussen Deel vun dëse Mëttel gëtt zur Ënnerstëtzung vun de Konflikter betraffene Regiounen, ewéi zum Beispill Syrien a vun de Flüchtlingen hier Noperschaftslänner a Regiounen agesat.
Mir wäerten déi Bedierfteg esou laang wéi néideg ënnerstëtzen.
Opmaacherbild © Max Muselmann / Unsplash