Search

You may also like

Mëttelmier: D‘Flüchtlingen dierfen u Land, d‘Retter musse viru Geriicht
Meenung Neiegkeeten

Mëttelmier: D‘Flüchtlingen dierfen u Land, d‘Retter musse viru Geriicht

Am Kontext vun de Rettungsmissiounen am Mëttelmier, déi nëmme vun

Haalt äre Knascht selwer!
Meenung Neiegkeeten

Haalt äre Knascht selwer!

Op de Philippinnen sinn es d‘Leit midd der Welt hir

Den Escher Theater presentéiert „Werther“ vum Goethe
Meenung Neiegkeeten

Den Escher Theater presentéiert „Werther“ vum Goethe

E Sonndeg, de 7. Februar presentéiert den Escher Theater dem

Weltdag vun der mënschewierdeger Aarbecht

De Kampf géint prekär Beschäftegung: Den LCGB fuerdert eng dréngend Revisioun vun der Definitioun vun Aarbechtsvertrag

Weltdag vun der mënschewierdeger Aarbecht

Well haut de Weltdag vun der mënschewierdeger Aarbecht ass, fuerdert den LCGB d‘Regierung dozou op, fir all Employé am Groussherzogtum anstänneg Aarbechtskonditiounen a staarke soziale Schutz ze garantéieren. Dëst sinn d‘Viraussetzungen fir d‘Oprechterhale vun engem adequate Liewensstandard an enger sozial gerechter, wirtschaftlecher Entwécklung.

Allerdéngs muss den LCGB drop hiweisen, datt Lëtzebuerg mëttlerweil eng däitlech Hausse vum Aarmutsrisiko an der Europäescher Unioun opweist. Am Joer 2020 louche souwuel den Aarmutsrisiko (17,5%) wéi och d‘Aarmutsquot (18,3%) iwwert dem europäeschen Duerchschnëtt.

Et ass ee Phänomen, wat sech stänneg verschlechtert, besonnesch duerch d‘Hausse vu befristen Aarbechtskontrakter an dem Asaz vu Lounaarbecht. Dozou kënnt déi konstant Digitaliséierung vum Aarbechtsmarché, déi zu neien Aarbechtsforme féiert. An dës ginn dacks Hand an Hand mam Entstoe vu falscher Selbstännegkeet.

Ee Paradebeispill dofir sinn d‘Mataarbechter vun digitale Plattformen. Dës ginn dacks als Selbstänneg uginn. Dofir sinn d‘Employéë vu ville Schutzbestëmmunge vum Aarbechtsgesetzbuch sou wéi der Sécurité Sociale ausgeschloss. Si schaffen ënnert schlechte Bedéngungen, ginn net gutt bezuelt an si hunn keng Aussiichten op Karriär oder eng berufflech Entwécklung.

Den LCGB bedauert, datt dës beonrouegend Realitéit vun de Rechtssystemer ignoréiert gëtt a fuerdert eng dréngend Revisioun vun der Definitioun vum Konzept vum Salarié a vum Aarbechtsvertrag op der Basis vun op mannst 3 Critèren: D‘Bestoe vun engem Ënneruerdnungsverhältnes, d‘Aarbechtsleeschtung an d‘Bezuele vun enger Paie.

Beonrouegend fir den LCGB ass d‘Hausse vun de prekären Beschäftegungen (befristen Aarbechtskontrakter vun 3 Méint oder Saisonsaarbecht) an de leschte Joren zu Lëtzebuerg sou wéi an der EU. Heibäi kënnt den Trend bei der Beschäftegung vu Jugendlechen am Alter vu 15-24 Joer mat befristen Aarbechtskontrakter (46%) an d‘Hausse vun den onfräiwëllegen Deelzäitaarbechten (12.5%).

Dofir fuerdert den LCGB d‘Bäibehale vum onbefristen Aarbechtsvertrag CDI als Standardvertrag sou wéi eng gesetzlech Begrenzung bei der Zuel vun den CDD Kontrakter. Befristen Aarbechtsverhältnisser a Lounaarbecht mussen déi absolut Ausnam bleiwen, fir d‘Sécherheet vum Liewen an der berufflecher Karriär ze sécheren.

Matgedeelt vum LCGB
Opmaacherbild: Freepik

Related topics Aarbechtskonditiounen, Aarmutsrisiko, Beschäftegung, CDD, CDI, Kontrakt, LCGB, Liewensstandart, Soziale Schutz, Weltdag vun der mënschewierdeger Aarbecht
Next post Previous post