Search

You may also like

What the Fakt – Mat Blutt-Spende fir d’Liewen!
Neiegkeeten

What the Fakt – Mat Blutt-Spende fir d’Liewen!

De 14. Juni dréit sech weltwäit ëm d’Spenden vum Blutt.

D‘Reform vun de Gemengefinanzen dréit éischt Friichten
Neiegkeeten

D‘Reform vun de Gemengefinanzen dréit éischt Friichten

Hie konnt den Houfert um Freideg net verstoppen, eisen Inneminister

Steampunk zu Iechternach
Neiegkeeten

Steampunk zu Iechternach

Nodeems et den 13. a 14. Juli an der Abteistad

Weltdag ouni Tubak: D’Politik bréngt keng Verbesserung

Weltdag ouni Tubak: D’Politik bréngt keng Verbesserung

Mam haitegen Weltdag ouni Tubak lancéiert de Gesondheetsministère nees seng Sensibiliséierungs- an Informatiounscampagne zu den gesondheetsgefäerdenden Effekter vum Tubakskonsum. Wärenddeem mécht d’Fondation Cancer drop opmierksam, datt déi aktuell Moossnamen zu kenger Verbesserung gefouert hunn. Fir ganzer 135.000 Lëtzebuerger Residenten ass d’zur-Zigarett-gräifen nämlech nach ëmmer ze attraktiv.

„Mam fëmmen opzehalen ass dat Bescht wat Fëmmerte maache kënnen, fir zum engen hire Risiko schwéier u Covid-19 ze erkranken ze reduzéieren, wéi och de Risiko Kriibs oder Häerz- an Otemweeerkrankungen ze entwéckelen“, ënnersträicht d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert am Kader vum Aktiounsdag. Ma, datt een eng Sucht just an den allerwéinegste Fäll duerch Informatiounen bekämpft, respektiv d’Leit generell dovunner ofhält unzefänken, beweist d’Fondation Cancer mat senger Enquête zum „Tabagisme“.

88.000 deeglech Konsumenten

Zesumme mat TNS Ilres, konnten esou 3.019 Participanten zu hirem Konsum befrot ginn. Deemno huet méi wéi ee Véierel vun de Lëtzebuerger (26 %) iwwer 16 Joer am leschte Joer zur Zigarett gegraff a 17 % fëmme souguer all Dag. Rechent een dat op d’Gesamtbevëlkerung erop, ziele mir 135.000 Fëmmerten, dorënner méi wéi 88.000 Konsumenten, déi den Drang ze dämpen deeglech verspieren.

Weltdag ouni Tubak
© Fondation Cancer

Am Verglach zum Joer 2019, ass net wierklech eng Verännerung komm. Dohunn nämlech 27 % vun allen iwwer-16-Järegen gefëmmt. Datt dës Zuele bedenklech sinn, weist sech wann een emol e puer Joer zeréck geet: Virdrun louch de Wäert just 2005 iwwert de 25 %.

A grad Jonker am Alter vun 18 bis 24 Joer, respektiv am Alter vun 25 bis 34 Joer zéie besonnesch heefeg um Longebdréidchen. D’Prozentsätz schéissen op 33 %, respektiv 35 % erop. Op e Joerzéngt gekuckt ass d’Zuel u Fëmmerten an allen Alterskategorien, ausser bei de 45 bis 54 Järegen, an d’Luucht geschoss.

Virun allem dat männlecht Geschlecht gehéiert de Konsumenten un, mee och bei de Fraen ass eng konstant Hausse ze erliewen. Hunn beispillsweis 2016 „just“ 18 % vun den Dammen zur Zigarette gegraff, esou waren et 2020 schonn 25 %.

Bal d’Hallschent géif jo eigentlech gär ophalen

Nieft der klassescher Zigarett komme Rauchzeechen vun engem weidere Mëttel, an zwar vun der Waasserpäif. An de leschte 5 Joer huet sech d’Shisha ëmmer méi grousser Beléiftheet erfreet, bleift awer nach ënnert de Wäerter vum Tubakskonsum. Bei de 16 bis 24 Järegen hu 29 % um Schlauch gezunn, wärend Persounen tëscht 25 a 34 Joer bei 17 % leien.

Weltdag ouni Tubak
© Fondation Cancer

Bei der Ëmfro hunn 48 % vun de Befroten uginn, datt si gären ophale géife mat fëmmen. 2008 haten nach ëm 60 % dës Äntwert op d’Fro zum Ophalen uginn. De Wëllen opzehalen gëtt also manner, mee vläicht erkennen och méi Persounen, datt wëllen a maachen zweeërlee Saache sinn. Ass d’Ofhängegkeet bis do, dann ass och d’Ophale schwéier.

Et muss wéi doen

D’Fondation Cancer weist drop hin, datt d’Lëtzebuerger Anti-Tubak-Politik einfach net gräift. Och d’Gesetz vun 2017 huet keng wierklech Verbesserung mat sech bruecht.

Esou wier et emol effikass, d’Präisser vun Zigaretten an Tubak konsequenz ze erhéijen, an doduerch de Konsum onattraktiv ze maachen. Grad wann et am Portmonnie wéi deet, geet de Reiz erof a besonnesch jonk Persoune fänke guer net eréischt un. Hei nennt d’Fondatioun d’Beispill vun Australien, wou ee Pak Zigaretten ëm 20 € kascht – Autsch!

Zousätzlech dozou dierfte sech d’Preventiounsprogrammer net nëmmen op de Fondamental an de Lycée bezéien, mee och doriwwer hannenaus goen. Och Universitéiten a Strukturen, déi Persounen am „Studenten-Alter“ empfänken, missten sensibiliséieren.

Eng weider Moossnam ass d’Verbuet vu Reklammen an d’Aféiere vun neutralen Zigarettepäck. Am Ausland ass dëst schonn Alldag, just Lëtzebuerg wollt de Schrëtt scheinbar nach net agoen. Dat dësjäregt Thema „Sech engagéieren fir opzehalen“ geet also vill méi wäit, wéi just drop hinzeweisen, datt fëmmen e Risiko fir d’Gesondheet bedeit a souguer zum Dout féiere kann.

Related topics Fëmmen, Fondtion Cancer, Gesondheetsministère, Ofhängegkeet, Paulette Lenert, Präiserhéijung, Sensibiliséierungscampagne, Verbuet vu Reklammen, Weltdag ouni Tubak, WHO, Zigarett
Next post Previous post