Search

You may also like

Animal Rights March – Fir méi Respekt fir ALL Liewewiesen!
International Neiegkeeten

Animal Rights March – Fir méi Respekt fir ALL Liewewiesen!

Um vergaangene Samschdeg ass an der Stad Lëtzebuerg déi zweet

D‘Ekipp U33 aus dem CHL huet gutt Nouvellen
International Neiegkeeten

D‘Ekipp U33 aus dem CHL huet gutt Nouvellen

Lëtzebuerg huet esouwäit een dat bis ewell feststelle kann, déi

Reesen wärend der Pandemie: #VakanzDoheem schéngt Erfolleg gehat ze hunn
International Neiegkeeten

Reesen wärend der Pandemie: #VakanzDoheem schéngt Erfolleg gehat ze hunn

Dräi mol am Joer mécht de STATEC eng Etüd zu

Weltdag vum Aarteschutz: D’Diversitéit vun eisem Planéit erhalen

Weltdag vum Aarteschutz: D’Diversitéit vun eisem Planéit erhalen

Méi wéi 32.000 Déieren- a Planzenaarten stinn op der Rouder Lëscht vun der Weltnaturschutzorganisatioun IUCN – Tendenz steigend. Liewensraim gi weiderhi muttwëlleg zerstéiert, Déieren illegal gejot an aus verschidde Grënn ausgerott. Um Weltdag vum Aarteschutz (World Wildlife Day) soll op d’Bedeitung vun de wëllen Déieren- a Planzenaarten, sou wéi op de Verloscht vun hirer Diversitéit opmierksam gemaach ginn.

Bal een Drëttel vun alle Lemurenaarten zu Madagaskar a méi wéi d’Halschent vun den an Afrika liewende Primatenaarten si just nach ee klenge Schrëtt virum Ausstierwen ewech. Duerch déi massiv Juegd vu fréier existéiere manner wéi 250 Exemplaire vum erwuessen Atlantesch Nordkaper. An och wann d’Juegd op dës Walaart mëttlerweil verbueden ass, hëlt hir Unzuel weiderhin of. Jo, souguer de Feldhamster wäert a spéitstens 30 Joer ausgestuerwe sinn, an dat obwuel en an der EU streng geschützt ass.

Duerch d’Verschwanne vu gëeegente Brutplazen erlieft zu Lëtzebuerg de Steekauz een enorme Réckgang. Ënnert anerem sinn et och de Kammmolch oder d’Fliedermais, déi op nationalem Niveau méi rare ginn.

Dofir muss den Handel streng reguléiert ginn

Bei der Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen am Joer 2013 gouf den 3. Mäerz zum Weltdag vum Aarteschutz erkläert. Dobäi soll virun allem un d’Aarteschutzofkommes vu Washington (Convention on International Trade in Endangered Species of Wild Fauna and Flora – CITES) erënnert ginn. Am Joer 1973 gouf dëst ausgehandelt an ass 1975 a Kraaft getrueden.

D’Ofkommes ass e wichtege Bausteen fir den Handel vu wëllen Aarten ze reguléieren. Just duerch d’Kontroll kann d’Gefärdung, respektiv d’Bedreeung duerch den internationalen Handel verhënnert ginn. Ëm 5.800 Déieren- an 30.000 Planzenaarten sinn esou a verschidde Schutzkategorien ënnerdeelt:

  • Annexe A: Méi wéi 1.000 Aarten, déi akut bedreet sinn, stinn op dëser Lëscht, wouduerch och all Form vum kommerziellen internationalen Handel verbueden ass. Just beispillsweis fir wëssenschaftlech Analysen, an dat mat Geneemegung, ass den Handel erlaabt.
  • Annexe B: Ronn 34.600 Aarte stinn op dëser Lëscht. Si sinn zwar (nach) net vum Ausstierwe bedreet, mee hire Bestand ass awer gefärd, wann den Handel net streng reguléiert gëtt.
  • Annexe C: Déi iwwer 200 Aarten op dëser Lëscht goufen an engem oder méi Länner als gefäerd erkläert.

An dësem Joer steet de Weltdag vum Aarteschutz iwwregens ënnert dem Motto „Bëscher a Liewensënnerhalt: Mënschen an de Planéit ënnerstëtzen“.

Weltdag vum Aarteschutz
United Nations / Twitter

Och zu Lëtzebuerg

Fir den Import, Export an d’Duerchrees vu geschützte wëllen Déieren- a Planzenaarten braucht een eng CITES-Genehmegung, fir esou ze beweisen, dass d’Aktioun legal ass an den Erhalt vun der betraffener Aart garantéiert gëtt. Lëtzebuerg geet dobäi nach ee Schrëtt méi wäit a freet eng Umeldung zum Import an/oder Export.

All Entreprisen an/oder Ariichtung, déi Handel mat dësen Aarte bedreift, se der Ëffentlechkeet ausstellt, mat net-gewerblechem grenziwwerschreidende Verkéier vun Déieren oder Planzen, respektiv Exemplaire fir wëssenschaftlech Fuerschungsaarbechten benéidegt, braucht eng Genehmegung. Eng Ufro muss op mannst 25 Wierkdeeg virum Import/Export bei der ASTA oder der ASV agereecht ginn.

Related topics Aarteschutzofkommes vu Washington, CITES, Diversitéit, Genehmegung, Internationalen Handel, Rout Lëscht, Weltdag vum Aarteschutz, World Wildlife Day
Next post Previous post