Search

You may also like

AutiSport: déi nei Sportsaktivitéit vun der Fondation Autisme Luxembourg
International Neiegkeeten

AutiSport: déi nei Sportsaktivitéit vun der Fondation Autisme Luxembourg

D’Fondation Autisme Luxembourg (FAL) setzt sech fir d’Rechter vu Persoun

Anti-Atom-Kampf op Aenhéicht
International Neiegkeeten

Anti-Atom-Kampf op Aenhéicht

Gëschter huet d’Chamber mat grousser Majoritéit een nationaalt Atomhaftungsgesetz ugeholl.

Coronavirus: Europa mécht seng Grenzen Zou
International Neiegkeeten

Coronavirus: Europa mécht seng Grenzen Zou

Ugesiichts der grasséierender Pandemie, ausgeléist duerch de Coronavirus Covid19, ergräift

De Weltdag vum Autismus liicht blo!

De Weltdag vum Autismus liicht blo!

Haut ass de Weltdag vum Autismus. Den Aktiounsdag fënnt all Joer den 2. Abrëll 2021 statt a soll hëllefen, d’Bewosstsinn fir Autismus ze schäerfen. Ee Mol vun de Vereente Natiounen unerkannt, konnt en am Joer 2008 déi éischte Kéier organiséiert. An dësem Kader ginn all Memberstaaten opgefuerdert, d’Ëffentlechkeet duerch ënnerschiddlech Aktiounen a Projeten zum Thema Autismus ze sensibiliséieren.

Och hei zu Lëtzebuerg gëtt sech aktiv mam Thema ausernee gesat: D’Fondation Autisme Luxembourg (FAL) wëll probéieren, esou vill Leit wéi méiglech ze erreechen.

Autismus gëtt dacks als seele Krankheet duergestallt, ma dat ass awer falsch. Et ass eng (onsiichtbar) Behënnerung, déi nawell vill Facetten huet. Tatsächlech gëtt geschat, datt ongeféier eng vun 100 Persoune vun Autismus betraff ass. Dat sinn méi wéi 6.000 Mënschen zu Lëtzebuerg. Bis zur Diagnos kann et e laange Wee sinn.

Dofir ass et wichteg d’Ëffentlechkeet an dësem Beräich ze informéieren – e bessere Versteesdemech fir d’Verhale vun de Betraffene vereinfacht nämlech eng uerdentlech Integratioun an d’Gesellschaft.

Elo mat der COVID-19-Pandemie sinn d’Moossnamen vun der FAL staark ageschränkt. Et goufen awer e puer Initiativen entwéckelt, déi zur Sensibiliséierung bäidroen:

  1. Selwer aktiv ginn: D’Bevëlkerung gëtt dozou agelueden, d’Fondatioun an de soziale Medien ze besichen a besser kennenzeléieren. Ee gedeelten Message ka scho villes bewierken. Blo ass d’Faarf vum Dag, dofir wär et schéin, eng Foto vu sech (an där Faarf) ze maachen an ze mat folgenden Hashtagen ze deelen: #FAL, #autism #EMMERDO und # LIUB2021
  2. Der Fondatioun hir Aarbecht: Och wann de Weltautismusdag „just“ 24 Stonnen huet – d’FAL deelt wärend der Woch kuerz live Videoen, déi e bësse weisen, wat hier Aarbecht ass an wéi d’Ëmgéigend ausgesäit, an där betraffe Leit betreit ginn an och wunnen.
  3. Et liicht blo: D’Campagne „Light It Up Blue“ feiert e grousse Succès. Eng bedeitend Unzuel vun ëffentleche Gebaier wäert an dëser Woch vum 2. Abrëll blo liichten. Hei zu Lëtzebuerg ass ënnert anerem de groussherzogleche Palais, d’BEI an d’Philarmonie dobäi. Mir kënnen all en Deel dovunner sinn – blo Kleedung geet duer, fir d’Matmënschen op de Weltautismusdag opmierksam ze maachen.

Alles Guddes fir de Gebuertsdag!

D’Fondation Autisme Luxembourg feiert dëst Joer seng 25 Joer, gegrënnt gouf se am Joer 1996. Duerch e Manktem u Strukturen hunn si sech zesummegeschloss, fir eppes dorunner ze änneren. Mat Erfolleg, wéi ee gesäit.

Hiert Zil ass net nëmmen d’Fërderung an d’Ënnerstëtzung vu betraffene Mënschen, mee och d’Sensibiliséiere vun der Ëffentlechkeet.

Weider Eenzelheeten zu den ënnerschiddleche Moossname wäerten am Laf vum Joer bekannt ginn. D’Ëmsetzung hänkt vun der sanitärer Situatioun of.

Fir um Lafende ze bleiwen a weider Informatiounen ze fannen, kënnt Dir d’Säit www.fal.lu besichen.

Related topics Autismus-Spektrum-Stéierung, Behënnerung, FAL, Fondation Autisme Luxembourg, Light it up blue, Weltautismusdag, Weltdag vum Autismus
Next post Previous post