Search

You may also like

GEWËNNSPILL 2019: Ee Stéck Lëtzebuerg mat MELLIS!
International Neiegkeeten

GEWËNNSPILL 2019: Ee Stéck Lëtzebuerg mat MELLIS!

Passend fir déi waarm Joreszäit verlouse mir 3 x 1

Nogereecht: Feierlech Diplomiwwerreechung am Kader vun de Selbstbehaaptungskursen
International Neiegkeeten

Nogereecht: Feierlech Diplomiwwerreechung am Kader vun de Selbstbehaaptungskursen

Am Dezember sinn 20 Persounen an der Stad ausgezeechent ginn,

Eng Oflenkung op Käschte vun der LGBT-Communautéit
International Neiegkeeten

Eng Oflenkung op Käschte vun der LGBT-Communautéit

Wéi d’Wahlresultat läscht Joer bis stoung, krut een nach oft

Weltdag vum Häerz – Passt op Iech an Äert Häerz op!

Weltdag vum Häerz – Passt op Iech an Äert Häerz op!

An dësem Joer organiséieren d’Lëtzebuerger Societéit vun de Kardiologen (SLC) an de Luxembourg Resuscitation Council (LRC) de World Health Day an de World Restart a Heart Day an enger Zesummenaarbecht mat der Gesondheetsdirektioun. Ee grousst Evenement dozou fënnt e Samschdeg, den 28. September op der Place d’Armes an der Stad Lëtzebuerg statt.

D’Lëtzebuerger Statistike vun den Doudesfäll 2016 bestätegen, datt Häerz-Kreeslafkrankheeten a cerebrovaskulär Krankheete mat 31,8% déi éischt Doudesursaach am Grand-Duché sinn. Domat läit mam Wäert nach virum Kriibs (28,2%).

Dobäi kënnen Ännerunge vum Liewensstil positif Effekter mat sech bréngen. D’Ophale mat Fëmmen, eng gesond Ernierung e reegelméisseg kierperlech Aktivitéiten (150 Minutte pro Woch) kënnen de verfréiten Dout duerch een Infarkt oder ee Schlag ëm 80% verréngeren.

Weltdag vum Häerz

Ee laangt gesond Liewe fir jiddwereen

Zuelräich Organisatiounen, déi um weltwäiten Dag vum Häerz deelhuelen, leeën den Accent op d’Feststellung, den Traitement an d’Preventioun vun dëse Krankheeten. Dobäi gëllt, datt all Individuum d’Risike vun den Häerzkrankheete kenne sollt.

D’Organisatiounen op der Place d’Armes wäerten de Visiteuren déi verschidde Risikofacteure vun den Häerz-Kreeslafkrankheeten erklären. Heizou gehéiert virun allem de Konsum vun Tubak, Blutthéichdrock, de Manktem u Beweegung, Iwwergewiicht an Diabetis. Och d’Divisioun vun der Preventiouns Medezin wäert mat engem Stand op der Plaz sinn an ervir hiewen, wéi ee sech géint Häerz-Kreeslafkrankheeten a cerebrovaskulär Krankheete schütze kann.

Géint 13:30 Auer ass een Häerzens-Marsch duerch d’Haaptstad geplangt, wärend deem jiddwereen seng eege physesch Kapassitéite bewäerte kann an d’Populatioun zum gesonde Liewensstil ermuddegt gëtt, fir esou ee laangt Liewe genéissen ze kënnen.

Weltdag vum Häerz

17,9 Milliounen Doudesfäll weltwäit duerch Häerz-Kreeslafkrankheeten

D’World Health Federation (WHF) besteet säit 1998. Zënterhier gëllt d’Federatioun als ee vun de wichtegste Partner am Beräich vun der cardiovaskulärer Gesondheet. Momentan schaffen iwwer 200 Membere weltwäit fir d’Federatioun. Dobäi ass d’WHF déi eenzeg net-Regierungs-Organisatioun an dësem Beräich mat offizielle Relatiounen zur Welt-Gesondheetsorganisatioun (OMS).

WHF schafft op nationalem an internationalem Niveau an engagéiert sech dofir, datt onnéideg Doudesfäll duerch Tubak an aner Risikofacteure reduzéiert solle ginn. An iwwer 100 Länner ass d’Federatioun aktiv a kämpft och um politeschen Niveau fir d’Gesondheet, andeems Iddien, Wëssen a Praktike gedeelt, diskutéiert a gefërdert ginn.

De World Restart a Heart Day (WRHD – ltzb.: Weltdag vun der Reanimatioun) ass iwwregens vir de 16. Oktober virgesinn.

Related topics Cardiologie, Gesondheet, Häerz-Kreeslafkrankheeten, Place d'Armes, Sensibiliséierung, Weltdag vum Häerz
Next post Previous post