Search

You may also like

D‘Wirtschaft erhëlt sech
International Neiegkeeten

D‘Wirtschaft erhëlt sech

Datt d‘Pandemiejoer 2020 ee wirtschaftlecht Desaster war, och wann et

Eragekuckt: Ass déi Rout Bréck och bannen rout?
International Neiegkeeten

Eragekuckt: Ass déi Rout Bréck och bannen rout?

Um haitege Mueren ass d’Press invitéiert ginn, fir mam Chef

De Budget vun der Fleegeversécherung fir 2019
International Neiegkeeten

De Budget vun der Fleegeversécherung fir 2019

Den 12. Dezember huet de Verwaltungsrot vun der Gesondheetskeess (CNS)

Weltdag vun de Gesëschter – Eng Bezéiung, déi sollt wäertgeschat ginn

Weltdag vun de Gesëschter – Eng Bezéiung, déi sollt wäertgeschat ginn

Haut ass de Weltdag vun de Gesëschter. Dësen Aktiounsdag, dee weltwäit den 10. Abrëll gefeiert gëtt, gouf am Joer 1997 vum Claudia Evart an d’Liewe geruff. Si huet hir Gesëschter bei zwee verschiddene Autosaccidenter verluer.

Den 10. Abrëll war de Gebuertsdag vum Claudia senger Schwëster Lisette. Andeems d’Claudia Evart dësen Dag ausgeruff huet, wollt hatt, datt déi lieweg Gesëschter wäertgeschat ginn an un déi Verstuerwe geduecht gëtt.

Dësen Dag, deen eng schéin Ergänzung zum Mammen- a Pappendag ass, soll op déi besonnesch Bezéiung tëscht de Gesëschter opmierksam maachen. Déi meescht Kanner hunn d’Gléck mat engem Brudder oder enger Schwëster zesummen opzewuessen. Dat präägt e Liewen laang. Si kennen nerven, et gëtt dacks gestridden, mee et ass een och ganz vill frou mateneen. Och wann Gesëschter mateneen konkurréieren, si bilden eng Eenheet déi schwéier ze briechen ass.

Wien mat Gesëschter opwiisst, léiert schonn eppes fir dat zukünftegt Liewen, nämlech sech duerchsetzen a mat verschiddene Gefiller wéi Roserei oder Léift ëmzegoen. Also gehéiert Streiden zu enger uerdentlecher Entwécklung dozou.

Weltdag vun de Gesëschter
© Patty Brito / unsplash

Dobäi spillt et net wierklech eng Roll ob een wierklech déi selwecht Mamm oder Papp huet. Och Hallefgesëschter oder aner Kanner, déi am Haushalt zesumme wunnen, kënne vu grousser Bedeitung sinn.

A wann een Eenzelkand ass, kann een eventuell ob Cousin*nen oder Frëndin*nen zeréckgräifen, deenen ee genee esou vill vertraut. Gesëschter hunn tatsächlech dacks méi Afloss op sech, wéi Elteren op hier Kanner.

Et ass och gutt fir d’Gesondheet. Eng Schwëster (oder e Brudder) kann ee stäerken. Doduerch ass een net sou dacks iwwert e laangen Zäitraum traureg. Ausserdeem fält hinnen den Ëmgang mat anere Mënsche méi einfach.

A well een sech e Liewen ouni d’Schwëster oder de Brudder net virstelle kann, ass dësen Dag perfekt, fir mol erëm eng Kéier Merci ze soen: Schéin, datt et dech gëtt!

Opmaacherbild: © Limor Zellermayer / unsplash

Related topics Bezéiung, Bridder, Claudia Evart, Geschwëster, Merci, Schwësteren, Weltdag vun de Gesëschter
Next post Previous post