Search

You may also like

D’Hôpitaux Robert Schuman informéieren elo och iwwert TikTok
Neiegkeeten

D’Hôpitaux Robert Schuman informéieren elo och iwwert TikTok

Op diverse sozialen Netzwierker loossen déi Professionell vun den Hôpitaux

Neien Aktiounsplang fir d‘Egalitéit tëscht Fra a Mann
Neiegkeeten

Neien Aktiounsplang fir d‘Egalitéit tëscht Fra a Mann

Wann d‘Gläichheet tëscht Fra a Mann längst gesetzlech festgeluecht ginn

Humanitär Hëllef vun der EU fir Beirut – 17 Tonne Material goufen ageflunn
Neiegkeeten

Humanitär Hëllef vun der EU fir Beirut – 17 Tonne Material goufen ageflunn

Méi wéi 17 Tonnen humanitär Versuergungsmëttel, Medikamenter a medezineschem Material

Haut ass de Weltdag vun de Mierer

Haut ass de Weltdag vun de Mierer

Um haitege Weltdag vun de Mierer soll d’ekologesch Bedeitung vun dësem Liewensraum ervirgehuewe ginn. Net nëmmen de Klimawandel, mee och d’Verknaschtung vun der Natur an Iwwerfëschung bedreeën d’Mierer an hir Bewunner. Aus dësem Grond hunn d’Vereenten Natiounen am Joer 2009 den Aktiounsdag agefouert, säin Ursprong geet allerdéngs bis an d’Joer 1922 zeréck.

“Wann d’Mierer stierwen, stierwe mir.”

Dëst Zitat kënnt vum Paul Watson, Grënner vun der Sea Shepherd Conservation Society. Déi engagéiert Leit vun der Mieresschutzorganisatioun kämpfe géint d’Ausbeutung vum Mier a senge Liewewiesen, a mat senger Ausso huet de Watson méi wéi Recht.

Beim Weltdag vum Mier geet et net drëm, wéi gär mir am Mier schwammen a wéi faszinéiert mir vu senger bloer Faarf sinn – de Message hannendrun ass, datt mir d’Mierer zum Liewe brauchen. Si bidden net nëmmen villen Déieren a Planzen eng Heemecht, mee absorbéieren och CO2. Genee wéi d’Beem suergen si dofir, datt mir Loft fir ze ootmen hunn. Ronn 70% vun der Äerduewerfläch ass mat Waasser bedeckt, vill Regioune sinn dem Mënsch nach onbekannt. Nach haut ginn nei Déierenaarten entdeckt.

Ass dat net scho Grond genuch besser Uecht ze doen?

Et ass kee Geheimnis, datt et eise Mierer schlecht geet. Munche Aarten si schonn ausgeläscht, anerer sinn um Ausstierwen. Des weidere gi beim Fësche mat Netzer dacks Déiere blesséiert an ëmbruecht, déi als Beifang de Fëscher net vun Notze sinn an domat nees zeréck an d’Waasser gahäit ginn. Illegal Fëscherei, wéi och déi traditionell Schluechtsaison vu Waler, Robben an anere Mieresliewewiesen si leider nach ëmmer batter Realitéit.

E grousse Problem vum Mier ass de Mënsch – Schëffer déi Ueleg verléiere verpeschten d’Waasser, och eise Plastik mécht dem Mier d’Liewe schwéier. Tatsächlech ass et esou, datt sech richteg Insele mat Plastik um Mier bilden, verschiddener si vill méi grouss wéi Lëtzebuerg.

Et ass schwéier ze soen, wéi vill Dreck am Mier dreift, Experte schätzen awer, datt en Milliounen Tonne sinn – esou vill, datt een en aus dem Weltraum gesäit. Villercher, Fësch an aner Déiere verschlécken oder verfänken sech drun a stierwen. Bis elo gëtt nach net vill dogéint ënnerholl, dat Bescht wär einfach manner Plastik ze verbrauchen an dofir ze suergen, datt en net an der Natur ronderëm trëllt.

Lant de Plastik mat der Zäit an eise Kierper? Kënne mir dovunner krank ginn? Deet eis dat dann net nodenken? Oder anescht handelen? Et ass dach einfach – wa mir eis Mierer gutt behandelen, di mir eis automatesch eppes Guddes. Leider steet awer de Profit iwwert dem Natur- an Ëmweltschutz …

Illustratioun: © Ryan Loughlin / unsplash

Related topics Ëmweltverschmotzung, Plastik, Sea Shepherd, Vereenten Natiounen, Weltmierer
Next post Previous post