Search

You may also like

ART3F Luxembourg – ee Muss fir Konschtfans!
International Neiegkeeten

ART3F Luxembourg – ee Muss fir Konschtfans!

De Kierchbierg ass nees kreativ, faarweg an extravagant ënnerwee! Nach

Offshore Film Festival: Sand, Mier a Waassersport am Kinepolis
International Neiegkeeten

Offshore Film Festival: Sand, Mier a Waassersport am Kinepolis

Ab dem 8. September erreechen Summer, Strand a Mier d’Kinoen

Franséisch Spideeler geroden nees un hir Grenzen
International Neiegkeeten

Franséisch Spideeler geroden nees un hir Grenzen

Vun eisen direkten Noperen, ass et d‘Lag am Frankräich déi,

Weltdag vun den Aarmen: De Poopst ëmgi vu 4.000 Bedierftegen

Weltdag vun den Aarmen: De Poopst ëmgi vu 4.000 Bedierftegen

De Poopst Franziskus huet 4.000 vun der Gesellschaft ausgeschlosse Mënschen an de Péitersdoum zu enger Mass agelueden. Si Solle mat him den éischte „Weltdag vun den Aarmen“ deelen. Eng Iddi déi net nëmmen Zousproch fënnt.

Fir den Argentiner Jorge Bergoglio, deen dës Initiativ am November nom „Jubiläum vun der Baarmhäerzegkeet“ lancéiert huet, ass d’Kierch wéi e „Feldlazarett datt als Charakteristik huet do gebuer ze gi wou ee kämpft“.

An et ass op de Péitersplaz wou hien dëst symbolescht Bild ganz konkret an d’Realitéit ëmgesat huet. Dat mat der provisorescher Erëffnung um Weltdag vun den Aarmen, vun enger Ambulanz wou d’Leit eng gratis medezinesch Betreiung erhalen. Eng Offer déi direkt vun de „Clocharden“ ugeholl ginn ass.

Als ee Beispill ënner villen, d’Elisa eng jonk Italienerin aus dem Piemont. E Gesiicht wou de Bléck sech verléiert, lieft d’Fra säit Juli mat hirem Hond op der Strooss. E Mupp deen ausser sech geréit, wéi hien seng Meeschtesch am Camion vum Gynekolog „verschwanne“ gesäit.

„Ech wëll dem Poopst ee Sonndeg d’Hand reechen“, vertraut eis d’Nicoletta Busuioc un. Eng Rumänin mat „méi Gléck wéi déi aner“ wéi se seet, well si sech mat enger Frëndin en Ënnerdaach deele kann.

Engagéiert Benevoller

Empfaange vu Benevollen an entspriechend amenagéiert Camionen, hunn déi Äermst hei Zougang zu ënnerschiddleche Soinen: klinesch Analysen, Kardiologie, Dermatologie, Gynekologie an ustiechend Krankheeten.

De Pietro Sollena, eng jonken Dermatolog aus engem Spidol vu Roum, gesteet net am Alldag mat esou vill Fäll vun Dermatose, Parasitose oder Gal konfrontéiert ze sinn. „Vill vun de Problemer sinn d’Konsequenz vun engem Mangel un Hygiène, wourunner d’Liewen op der Strooss d’Ursaach ass“, esou säi Constat, während hie Crèmen a Rotschléi verdeelt.

Eng Volontairin vun der Associatioun „Misericordia di Italia“, d’Catia, ass schon virun dräi Deeg extra aus der Toskana ugereest. Si orientéiert e jonke, scheie Mann, deen d’Resultater vu senger Bluttanalys siche kënnt. „Ech stinn op der Säit vum Poopst, engem ‘einfache’ Mënsch“.

Si war ze spéit komm, wéi de Poopst iwwerraschend säi Feldlazarett besicht huet. De Franziskus, ganz a sengem Element, huet den Dokteren an alle Benevolle säi Merci ausgeschwat, déi Aarm begréisst déi op hiren Tour gewaart hunn fir ënnersicht ze ginn.

Iessen, eng Plooschter fir d’Séil

An engem laange Message, déi fir de Weltdag vun den Aarme virbereet ginn ass, an a ville Kierchen soll ausgedeelt ginn, huet de Poopst déi Gleeweg opgeruff „hir Hand deenen entgéint ze strecken, déi no Hëllef jäizen an op eis Solidaritéit ugewise sinn“.

„Dësen Dag ass geduecht déi Gleeweg ze sensibiliséieren, fir datt se sech géint d’Kultur vum Ausschloss an der Verschwendung stellen, an sech der Kultur vun der Begéinung unhuelen“, huet de Poopst Franziskus geschriwwen.

Mee de Poopst huet säi Message vun der „Bridderlechkeet“ op all d’Mënschen ausgedeent, onofhängeg vun hirem Glawen. „Et sinn d’Mënschen déi Grenzen a Maueren opgeriicht hunn, de Talent vun der Äerd verroden hunn, déi der ganzer Mënschheet ouni Exklusioun zougesprach ass“.

Haut um Sonndeg, luet de Franziskus 1.500 vun „Deenen déi kee wëll“ an, fir mat him an engem Sall vum Vatikan zu Mëtteg z’iessen. 2.500 weider „Gäscht“ ginn op d’Refectoire vun der verschiddene pontifikalen Institutioune verdeelt fir notamment „Ginocchetti“ an en „Tiramisu“ z’iessen. Alles zoubereet ënner der Opsiicht vun engem „Chef“ dee sech soss ëm déi offiziell Empfäng vum Vatikan këmmert.

Aus ganz Europa sinn se komm

Déi Bedierfteg kommen aus Roum an senger Ëmgéigend, mee och aus Frankräich (Paräis, Lyon, Nantes, Angers a Beauvais), aus Polen (Warschau a Krakau), aus Spuenien (Solsona), aus der Belsch (Malines a Bréissel) mee och aus Lëtzebuerg.

Gewielt den 13. Mäerz 2013, huet den argentinesche Poopst, deen d’Slums vu senger Heemecht gutt kennt, erkläert, datt hien eng „Aarm Kierch fir déi Aarm wëll“. Woumatter hie gläichzäiteg erkläert huet, firwat hie fir säi Pontifikat de Virnumm vum hellege Franziskus vun Assisi gewielt huet.

Et hat och net laang gebraucht, fir datt dëse „Stroosse-Paschtouer“, ouni laang ze fakelen ënnert dem Sailegang vum Bernini op der Péitersplaz, Dusche fir d’Clocharden ariichte gelooss huet.

Virun engem Joer, hat de Poopst dann och am Vatikan de rouden Teppech ausrulle gelooss, fir eng 3.500 Clocharden an hir Begleeder, déi aus 22 Länner vun Europa komm waren. „Ech bieden iech ëm de Pardon fir all déi Chrëschten, déi an déi aner Richtung kucken, wann se enger Persoun begéinen déi Aarm ass oder an Aarmut lieft“, esou de Franziskus deemools.

mam Catherine Marciano/AFP

Foto: De Poopst Franziskus um Wee zur Péitersplaz © Andreas Solaro/AFP

Related topics Aarmut, Franziskus, Poopst, Vatikan
Next post Previous post