Search

You may also like

Kollektivvertrag bei Hifi International Verlängert
International Neiegkeeten

Kollektivvertrag bei Hifi International Verlängert

Den OGBL als „Porte-Parole“, den LCGB an d‘Direktioun vun Hifi

Wéi Ungarn mat der Pressefräiheet ëmgeet
International Neiegkeeten

Wéi Ungarn mat der Pressefräiheet ëmgeet

Et gëtt an Ungarn keen Noriichteportal datt esou oft am

Den neien Observatoire fir d’Gläichheet
International Neiegkeeten

Den neien Observatoire fir d’Gläichheet

D’Gläichheetsministesch Taina Bofferding huet bei der Presentatioun vum neien Observatoire

Weltdag vun den Déieren: Hire Schutz steet am Virdergrond!

Weltdag vun den Déieren: Hire Schutz steet am Virdergrond!

Passend zum Weltdag vun den Déieren huet de Roman Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, Representante vun der Lëtzebuerger Déiereschutzliga an der Eurogroup for Animals getraff. Dobäi huet de Minister déi zwou Delegatioune fir hire bewonnerenswäerten Engagement zum Schutz vun den Déiere gelueft. Hir Missioun ass ënnert anerem, d’Ëffentlechkeet an déi europäesch Autoritéiten zum Déierewuel ze sensibiliséieren.

Bei der Entrevue ass et virun allem ëm d’Reklamatioune a Fuerderunge vun der Eurogroup for Animals gaangen. De Grupp fuerdert een méi verflichtend europäescht Gesetz fir den Transport vun den Déieren. Bei dësem Punkt huet de Minister Romain Schneider sech zouversiichtlech gewisen, datt déi nei europäesch Kommissioun dës Problematik mat neier Energie unhuele wäert.

Ee weidert Thema war d’Verbuet vun Déieren an europäeschen Zirkussen. Hei huet de Minister mat vill Versteesdemech op dat neit Gesetz vun 2018 verwisen, woubäi d’Déieren an hirer ganzer Dignitéit, hir Sécherheet an hiert Wuelbefanne garantéiert solle ginn.

Dat ernimmte Gesetz verbitt zu Lëtzebuerg elo schonn „d’Produktioun“ vu wëllen Déieren an den Zirkussen. Wëll Lëtzebuerg ënnert allen europäesche Memberlänner eent vun de stäerksten Déiereschutzgesetzer huet, kann de Romain Schneider d’Demande vun der Delegatioun just ënnerstëtzen. Wisou sollt Europa sech net och um modernen an ambitiéise Gesetzestext vu Lëtzebuerg inspiréieren?

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Pierre Treinen, Direkter, Service d’Économie Rurale; Joe Moran, Senior Political Advisor, Eurogroup for Animals; Reineke Hameleers, Direktesch, Eurogroup for Animals; Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung; Luss Bildgen, President, Déiereschutzliga; Jerry Mosar, Vize-President, Déiereschutzliga; Dr. Félix Wildschutz, Direkter vun der Veterinärsverwaltung; Mike Nichols, Veterinärsverwaltung © MAVPC

Related topics Déierenschutz, Eurogroup for Animals, Lëtzebuerger Déiereschutzliga, Romain Schneider, Weltdag vun den Déieren, Zirkus
Next post Previous post