Vill eidel Geschäftsraim zu Esch-Uelzecht ginn engem ze Denken
No engem Tour duerch déi Escher Geschäftswelt leschte Méindeg, huet
No engem Tour duerch déi Escher Geschäftswelt leschte Méindeg, huet
Zu Biissen huet e Sonndeg am Kader vun der „Semaine
Den Tornado deen de 9. August zu Péiteng a Käerjeng
Mir all sinn duerch d’Waasser verbonnen. Scho fréi hunn d’Mënsche bemierkt, datt d’Mierer wichteg fir hire Liewensënnerhalt, d’Ernierung, den Transport an Handel sinn. Als gréisst Proteinquell vun eisem Planéit si ronn 3 Milliarde Mënschen op d’Mierer ugewisen. Donieft gëllt dat killt Naass och als Long vun der Äerd. Gutt 30 % vum CO2 ginn nämlech esou absorbéiert. Manner bekannt ass vläicht d’Tatsaach, datt d’Mierer fir d’Medezin an d’Fuerschung essentiell sinn.
De Liewensraum Mier ass gepräägt vun enger räichhalteger Biodiversitéit. An dat meescht dovunner gëllt et nach ze entdecken. Ganzer 95 % vun de Gewässer sinn nämlech nach onerfuerscht, wouduerch mir de Mound besser kennen, wéi d’Mierer op eisem eegene Planéit. An awer notzt een elo scho Mieresorganismen, wéi Bakterien, Korallen oder Schwämm, fir aus hire Substanze Medikamenter hierzestellen.
Mëttlerweil konnten esou Kriibsmedikamenter oder Mëttel géint Péng produzéiert ginn. Schonn an der Antik huet den Dramatiker Euripedes matgedeelt: „D’Mier befreit eis vun alle Wonne vun der Welt“. Besonnesch op d’Wierkung vu Miersalz an Algen baut ee säit Joerhonnerten. Ma, elo kënnen eis Mierer eventuell souguer am Kampf géint den neiaartege Coronavirus hëllefen.
E Bakterium aus den Déifte vun den Ozeaner soll bei de Schnelltester fir d’Presenz vum Covid-19 festzestellen agesat ginn. Wéi d’Francesca Santoro, Ozeanografin a Wëssenschaftlerin bei der IOC-UNESCO, erkläert ass den Organismus 1986 vun engem amerikanesche Mikrobiolog fonnt ginn. Net nëmmen a Saache Covid-19, mee och bei der Diagnos vun Aids a SARS soll dëst Bakterium agesat ginn. Den Numm oder déi genee Funktioun vum Organismus gouf allerdéngs néierens matgedeelt.
Un der Technescher Universitéit Dresden erfuerschen de Björn Binnewerg a seng Kollegen aktuell de Goldschwamm (lat.: Aplysina aerophoba). Ëmmer wann de Schwamm blesséiert gëtt, setzt dësen een Aminosaierderivat fräi, dat Friemkierper, Bakterien a Vire vernicht. Bei éischten Experimenter konnt d’Ekipp erausfannen, datt déi vum Goldschwamm produzéiert Bromtyrosine souguer multiresistent Batkeriestämm ugräifen. Mat klineschen Etüde well een elo kucken, ob de Schwamm och am Kampf géint de Covid-19 kann nëtzlech sinn.
© James Thornton / Unsplash
Nieft dem medezineschen Aspekt geet et beim Aktiounsdag och ëm d’Mieresbewunner, déi staark vun Iwwerfëschung an dem Klimawandel bedreet sinn. Ënnert anerem ass et déi international Mieresschutzorganisatioun Sea Shepherd, déi sech fir de Schutz vun eise Mierer asetzt. Mat Konsequenz an ausgestreckten Ielebéi gëtt sech ënnert anerem géint illegal Fëscherei, beispillsweis a West-Afrika, agesat.
Dobäi kënnt de Schutz vu Mieresschildkröten, wou zum Beispill op der franséischer Insel Mayotte am indeschen Ozean Membere vun der Organisatioun patrulléiert hunn, sou datt d’Déieren ongestéiert hir Eeër um Strand ofleeë konnten, ouni wéinst hirem Fleesch gejot ze ginn.
Aktuell steet d’Verbuet zum Handel mat Haiflossen am Fokus. D’Déier gëtt an onethescher Manéier mësshandelt an erleit ee qualvollen Dout. Nodeems d’Floss ofgetrennt ass, gëtt den nach liewegen Hai nees zeréck an d’Mier gehäit, wou en lues ofsénkt, sech net méi richteg viru beweege kann a schlussendlech stierft. Nach bis den 31. Januar 2021 muss Lëtzebuerg 4.500 Ënnerschrëfte kréien. Hëlleft och Dir mat bei der Petitioun!
Opmaacherbild: © Cindy Chan / Unsplash