Search

You may also like

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 7. bis den 13. Dezember 2020
International Neiegkeeten

Covid-19: E Réckbléck op d’Woch vum 7. bis den 13. Dezember 2020

Aus dem Bilan vun dee Santé geet ervir, datt, sech

D’App „Meng Loft“ presentéiert zwou nei Funktiounen
International Neiegkeeten

D’App „Meng Loft“ presentéiert zwou nei Funktiounen

Virun zwee Joer ass d’Applikatioun „Meng Loft“ vun der Ëmweltverwaltung

D’Kreativindustrie ass zwar kleng, awer ze ënnerstëtzen
International Neiegkeeten

D’Kreativindustrie ass zwar kleng, awer ze ënnerstëtzen

Moler, Schrëftsteller, Architekten a Museker – wat hunn si all

Weltdag vun der Fettleiwegkeet: Och zu Lëtzebuerg klëmmt d’Zuel vun de staark iwwergewiichtege Bierger

Weltdag vun der Fettleiwegkeet: Och zu Lëtzebuerg klëmmt d’Zuel vun de staark iwwergewiichtege Bierger

De Weltdag vum Fettleiwegkeet (World Obesity Day) fënnt all Joer um 4. Mäerz statt. Fir d’Regierungen ass dat eng gutt Geleeënheet, fir op eng ausgeglachen Ernierung a kierperlech Aktivitéit opmierksam ze maachen.

D’Gesondheetsministesch Paulette Lenert erkläert, datt et dorëms geet d’Ernierungspraktike vun der Bevëlkerung ze verbesseren a gesond Liewensmëttel ze garantéieren. A Bezuch op kierperlech Aktivitéit sollt een d’Zil verfollegen, den ongesonde Liewensstil ze reduzéieren andeems kierperlech Aktivitéite gestäerkt ginn. Dëst fërdert eng besser Gesondheet.

Iwwergewiicht a Covid-19

Och de Coronavirus huet Afloss op de Liewensstil. Zemools wärend dem Confinement hunn vill Bierger hir Gewunnechte geännert: Et gouf méi ongesond giess a sech vill manner beweegt. Domat gouf den Risiko fir Iwwergewiicht erhéicht. Grad an der Pandemie heescht et also, besser op sech opzepassen.

D’Gesondheetsministesch huet nämlech uginn, datt et en Zesummenhang tëscht Fettleiwegkeet a Covid-19 gëtt: „Eng Persoun déi staarkt Iwwergewiicht huet, huet méi en héije Risiko, sech mam Coronavirus ze infizéieren, wéi och de Risk méi eng héich Form vun der Infektioun ze entwéckelen.“

Iwwergewiicht an Adipositas – nach laang net dat selwecht

Net nëmmen de Coronavirus kéint sech zu engem Problem entwéckelen. Iwwergewiicht an Fettleiwegkeet erhéijen de Risiko vun Häerzerkrankungen, Diabetis Typ 2 a Kriibs.

Domat ass déi ganz ëffentlech Gesondheet betraff.

Ma, an dësem Kader sollt een den Ënnerscheed tëscht Iwwergewiicht a Fettleiwegkeet erklären. Iwwergewiicht ass esou gesinn d’Virstuf zu Adipositas. Et bedeit, datt déi jeeweileg Persoun iwwert dem Normalgewiicht läit. Bei Fettleiwegkeet weist een staarkt Iwwergewiicht an ee krankhaft erhéichten Undeel u Kierperfett un.

Weltdag vun der Fettleiwegkeet

D’Situatioun zu Lëtzebuerg

Eng Etüd, déi am Joer 2019 zu Lëtzebuerg ausgefouert gouf, beseet datt tëscht 2014 an 2019 d’Zuele vun de staark iwwergewiichtege Bierger vu 15,6% op 16,5% geklommen ass. Dobäi ware Männer (18,4%) méi dacks betraff wéi Fraen (14,6).

Zu Lëtzebuerg betrëfft Iwwergewiicht 40% vun de Männer an 24% vun de Fraen. Schoulmedezinesch Statistiken iwwer Fettleiwegkeet bei Schüler gi fir all Schouljoer verëffentlecht (September bis Juli). Fir d’Joer 2019/2020 gouf enregistréiert, datt 4,3% vun de Schüler, déi de Fondamental besichen, fettleiweg sinn. Ganzer 7,8% waren iwwergewiichteg.

An de Lycéeë waren et 9,91% vun de Jugendlechen déi fettleiweg waren an 9,35% ware mat Iwwergewiicht geplot.

Fettleiwegkeet an Iwwergewiicht sinn dacks Niewewierkunge vu schlechter Ernierung an wéineger Beweegung. Dat kann ee mat enger Liewensëmstellung änneren. Oder verhënneren.

Am Kampf géint d’Iwwergewiicht an d’Obesitéit

D’Ministère fir Gesondheet, Sport, national Bildung, Kanner a Jugend, Famill, Integratioun an d’Groussregioun, hunn zesumme mat de Matbegrënner vun der Strategie „Gesond Iessen, Méi Beweegen“ (GIMB) d’Kollaboratioun am Joer 2018 erneiert. Dobäi gouf en nationale Kaderplang fir 2018-2025 opgestallt. Zil ass et eng ausgeglachen a gesond Ernierung, sou wéi reegelméisseg physesch Aktivitéiten ze fërderen.

Weltdag vun der Fettleiwegkeet

D’Websäit www.gimb.public.lu déi am Joer 2020 lancéiert gouf, soll der Ëffentlechkeet an de Fachleit hëllefen, de richtege Wee an Zougang zu enger ausgeglachener Ernierung sou wéi enger reegelméisseger kierperlecher Aktivitéit ze fannen.

Related topics Covid-19, gesond Ernierung, Gesond Iessen Méi Beweegen, GIMB, Iwwergewiicht, Paulette Lenert, Sport, Weltdag vun der Fettleiwegkeet, World Obesity Day
Next post Previous post