Haut ass de Weltdag vun der Liewensmëttelsécherheet

Haut de 7. Juni 2022 ass de Weltdag vun der Liewensmëttelsécherheet. Dëse wichtegen Dag gouf am Joer 2018 vun de Vereenten Natiounen an d’Liewen geruff.

D’Ziel dobäi ass, d’Bewosstsinn fir Präventioun ze schäerfen a Risiken ze erkennen. D’Liewensmëttelsécherheet betrëfft eis all, net jiddwereen huet Chance op se zouzegräifen, sensibiliséieren ass wichteg. Verbraucher, Fachleit an d’Autoritéiten – all Eenzelen dréit Verantwortung fir d’Sécherheet ze garantéieren.

Wat ass gesond? Wéi ginn d’Liewensmëttel sécher gelagert? Wéi ginn se uerdentlech verschafft? Ass am Geessekéis wierklech Geessemëllech? Et gëllt op alles opzepassen, Bedruch lauert iwwerall. D’Weltgesondheetsorganisatioun schätzt, datt all Joer (an dat eleng an den europäesche Regiounen) iwwer 23 Millioune Mënschen duerch kontaminéiert Liewensmëttel krank ginn.

Déi richteg Hygiène an der Kiche ka scho villes ausmaachen an de Risiko vun Infektioune verréngeren. Déi meescht Erreeger sinn empfindlech géint Hëtzt – dofir sollt Iessen opmannst wärend 2 Minutten op 70 Grad erhëtzt ginn.

Uebst an Zalote mussen uerdentlech gewäsch ginn. Et ass och wichteg sech bewosst ze ginn, wéi eng Auswierkungen d’Hierstellung vu Liewensmëttel op kuerz a laang Dauer op de Mënsch, d’Wirtschaft an de Planéit selwer huet. Et ass wichteg, datt jiddwereen sech direkt un déi zoustänneg Autoritéiten adresséiert, wann en der Meenung ass e Produit kéint der Gesondheet schueden.

Nach ganz vill aner Informatioune fannt Dir hei.

Dernières nouvelles