Kommt a maacht mat beim „Memory Walk“
E Samschdeg 21. September organiséiert d‘ALA (Association Luxembourg Alzheimer) vun
E Samschdeg 21. September organiséiert d‘ALA (Association Luxembourg Alzheimer) vun
Et war de Weekend vun de Rabbel- a Klatzkäpp. An
Et ass nämlech esou, datt de Gesondheetszoustand vun der Bevëlkerung vu villen ënnerschiddleche Bedéngungen ofhänkt – zemools de soziale Status huet e groussen Afloss op d’Gesondheet. Ob kierperlech oder psychesch, do gëtt keen Ënnerscheed gemaach.
Zënter datt d’Corona-Pandemie eist d’Liewen op d’Kopp geheien duerft, huet sech villes verännert. Gesellschaftlech Schichten, déi méi vulnerabel sinn, a Krankheete méi staark ausgesat sinn, wéineg oder keen Zougang zum Gesondheetssecteur hunn, riskéieren eng Infektioun, déi schwéier ze behandelen ass. Dëst Ongläichgewiicht ass leider näischt Neies, et ginn weltwäit Ënnerscheeder an allen Altersgruppen ze beobachten.
Dofir ass et immens wichteg, sech un déi néideg Sécherheetsmoossnamen ze halen – esou kann déi gesondheetlech Chancëgläichheet gestäerkt a stabiliséiert ginn. Och e staarke Gesondheetssystem kann eng ganz Welt veränneren.
Dofir sollten d’Politiker opgefuerdert ginn, sécherzestellen, datt d’Mënschen ënner gesondheetsfërderleche Bedéngunge liewen an och schaffe kënnen. Ongläichheete mussen aus der Welt geschaf ginn, fir datt jiddwereen déi beschtméiglech Versuergung garantéiert kritt. An dobäi soll et egal sinn, wéini a firwat si dës brauchen. E Besuch beim Dokter soll kee Luxus sinn.
Eng stabil Gesondheet ass och d’Basis fir en gudde Start an d’Liewen – fir eis, an all zukünfteg Generatioun, déi nach kënnt.
Dat ass zemools bei sozial benodeelegte Kanner ze gesinn, dës si méi staarke gesondheetleche Belaaschtungen ausgesat. E gesonde Mënsch fillt sech nämlech och séilesch gutt, huet Frënn, sozial Kontakter. E lieft.
Interessant ass och, datt zënter dem Februar 2021 eng Online-Säit vun EuroHealthNet iwwert dës Ongläichheeten an Europa informéiert.