Search

You may also like

GDPR: Bréissel dréit nach emol un der Schrauf vum Dateschutz
International Money Neiegkeeten

GDPR: Bréissel dréit nach emol un der Schrauf vum Dateschutz

Ab dem 25. Mee huet Europa e neit Reglement, mat

Vereenten Natioune leeën neie Klimabericht vir
International Money Neiegkeeten

Vereenten Natioune leeën neie Klimabericht vir

Et schéngt nach ëmmer net wierklech verstanen ze ginn, datt

Dem US-President säin neit Feindbild: Facebook, Google an Twitter
International Money Neiegkeeten

Dem US-President säin neit Feindbild: Facebook, Google an Twitter

„Si musse gutt oppassen!“: den US-President Donald Trump huet en

money

Welthandel: USA a China ginn openaner duer

Laut dem US-President hätt et am Handelssträit e partiellen Accord ginn

Welthandel: USA a China ginn openaner duer

Zu Washington ass een zimlech zefridden, endlech konnt zumindest e partiellen Accord fonnt ginn, mat deem den Handelssträit tëscht béide Weltmuechte bäigeluecht ka ginn. Am Ofkommes geet et ëm „geeschtlecht Eegentum“ a „Währung & Finanzdéngschtleeschtungen“. Den Donald Trump war no senger Entrevue mam chinesesche Vizeministerpresident Liu He entspriechend „houfreg“…

ChinaDen US-President huet wësse gelooss, datt esoubal d‘Ofkommes an der éischter Phas ënnerzeechent ass, géifen d‘Verhandlunge fir eng zweet Phas opgeholl. Zudeem soll China zougesot hunn, landwirtschaftlech Produiten am Wäert vu bis zu 50 Milliarden US-Dollar ze kafen. De Milliardär: „Datt gëtt groussaarteg fir béid Länner“. Och den US-Finanzminister ass iwwert den Accord erfreet.

Esou konnt de Steven Mnuchin verkënnegen, datt d‘USA op déi fir nächsten Dënschdeg geplangten Aféierung vun Douanestaxen op chinesesch Wuere verzichten. Virgesi war eng Erhéijung vu 25 op 30% fir Importer am Wäert vun 250 Milliarden US-Dollar. Et soll allerdéngs net einfach gewiescht sinn, besonnesch beim Thema „erzwongenen Technologietransfert“ waren d‘Chinese „renitent“.

Sensibilitéite respektéieren

An et sollt een net vergiessen, datt Peking am Bezuch op déi nei Strofmoossnamen, eppes getouft waren. D‘US-Regierung hat Visa-Restriktioune géint Vertrieder vun der chinesescher Regierung an der kommunistescher Partei verhaangen, 28 Regierung- an Handelsorganisatioune waren op eng „schwaarz Lëscht“ komm, fir Exporter ze beschränken. Begrënnt gouf dat mat der Ënnerdréckung vun der moslemescher Minoritéit vun den Uiguren.

ChinaDatt elo nees Rou an déi kommerziell Bezéiungen tëscht China an den USA kënnt, dierft sech séier op de Finanzmäert ausbezuelen. Deen d‘lescht Joer vum Donald Trump ausgeléisten Handelskrich war eskaléiert an hat déi global Konjunktur ënner Drock gesat. Den US-President hat dëse „Krich“ ausgeléist, well hien et als „ongerecht“ empfonnt huet, datt China méi Wueren exportéiert wéi si der importéiert, an dat géif der US-Wirtschaft schueden.

Elo sollt een och an der EU nees „opootmen“ dierfen. De Sträit tëscht Washington a Peking hat och déi europäesch Wirtschaft staark belaascht. Fir den ament allerdéngs, ass nach keng Euphorie ausgebrach an et schéngt een ofzewaarden, datt den Accord och endgülteg ratifizéiert ass, iert een sech zu de Virdeeler vun dësem Ofkommes kann äusseren.

mat indymedia/was

Illustratioun: © CGTN

Related topics China, Donald Trump, Handelskrich, Liu He, Steven Mnuchin, USA, Welthandel
Next post Previous post