Search

You may also like

Happy Birthday!
Kultur Neiegkeeten

Happy Birthday!

La Mesa zu Esch ass eng Plaz vum ökologeschem Wandel.

Den Trump huet mat der Kënnegung vum Iran-Accord och d‘Kredibilitéit vun den USA zerstéiert
Kultur Neiegkeeten

Den Trump huet mat der Kënnegung vum Iran-Accord och d‘Kredibilitéit vun den USA zerstéiert

Et war ze erwaarden an et ass geschitt. Um Dënschdeg

D’Fro vum Dag: Wat bréngt dat mir elo?
Kultur Neiegkeeten

D’Fro vum Dag: Wat bréngt dat mir elo?

“Wat bréngt mir dat elo?” – Dës Fro hunn ech

FITTINGinSIDE: E virtuelle Concert um Welthumanistendag 2021

FITTINGinSIDE: E virtuelle Concert um Welthumanistendag 2021

Muer fënnt de Welthumanistendag statt, deen zënter senger Kreatioun am Joer 1986 déi Mënschen an de Fokus stellt, déi hiert Liewen op der Basis vu weltlechen Iwwerzeegunge féieren, amplaz sech u reliéis Virstellungen ze bannen. An dësem Kader invitéiert AHA Lëtzebuerg – d’Allianz vun den Humanisten, Atheisten an Agnostiker – op den Online-Concert FITTINGinSIDE mam Nadar Ensembel.

„Et gëtt kee Problem, et gi just Méiglechkeeten“ ënnersträicht d’Lëtzebuerger Allianz a weist domat drop hin, datt zwar aktuell keng physesch Concerten dierfe stattfannen, een dofir awer d’Geleeënheet notze kann, sech den virtuellen Optrëtt doheem esou anzeriichten, wéi een et fir sech selwer am Beschten empfënnt. Dobäi soll FITTINGinSIDE verbannen.

Lass geet et mat engem kuerze Spadséiergang mam Handy am Grapp an de Kopfhörer an den Oueren duerch d’Strooss an där ee wunnt. Begleet gëtt een dobäi vun der Kombinatioun aus Posaun an der Geräischkuliss vun enger Stad. Iwwert d’Zoom-App kann dobäi och de Spadséiergang vun Anere verfollegt an domat d’Spectateure verbonne ginn.

Doheem waart den Posaunist Thomas Moore op Iech a wäert mat senge Kläng d’Geräischer vun der Stad an Ärer Ëmgéigend vertauschen. Am Virdergrond steet d’Transformatioun vun de Realitéiten an d’Reflexioun doriwwer, wéi sech d’Bezéiung zu eise verkierperten a kierperlose Realitéite zënter dem Ufank vun der Pandemie mat all senge Restriktioune verännert hunn.

Den an der Zeen bekannten Nadar Ensembel beweegt sech heibäi tëscht der Konscht an de philosophesche Gedanken iwwert d’Welt, déi aktuell Situatioun an d’Relatioun zur Technologie. Dobäi kritt de Spectateur d’Gefill vu globaler Verbonnenheet an dem Gemeinschaftssënn vermëttelt.

Weider Informatiounen

De Concert gëtt muer um 21. Abrëll direkt zwee Mol opgefouert. Ee Mol um 10:00 Auer, an ee Mol um 19:00 Auer, sou datt all Mënschen d’Méiglechkeet kréien den Optrëtt ze erliewen. De Concert ass gratis, d’Umeldung ass awer obligatoresch:

Organiséiert gëtt de Concert vun deMens.nu, déi an dësem Joer hire 50. Gebuertsdag féieren, zesumme mat Het Geuzenhuis. Ënnerstëtzung kréie si vun Humanists International, dem Weltverband vun der Humanistescher Vereenegung.

Weider Informatioune kritt Dir op demens.nu.

Related topics AHA Lëtzebuerg, Allianz vun Humanisten Atheisten an Agnostiker Lëtzebuerg Asbl, FITTINGinSIDE, Nadar Ensembel, virtuelle Concert, Welthumanistendag
Next post Previous post