Search

You may also like

D‘Alternativ fir Däitschland sicht no enger Alternativ fir Europa
Neiegkeeten

D‘Alternativ fir Däitschland sicht no enger Alternativ fir Europa

2019 ass d‘Joer vun den Europawahlen, an nach iert et

Vëlos-Occasiounsmaart am „schéine Stär“
Neiegkeeten

Vëlos-Occasiounsmaart am „schéine Stär“

Et ass zur Traditioun ginn an zudeem och e Magnéit

Et géif nawell Zäit eng ze ënnerhuelen
Neiegkeeten

Et géif nawell Zäit eng ze ënnerhuelen

Virun net ganzer dräi Méint hat et zu Senneng am

Weltimmuniséierungswoch 2021 – Essentiell Impfungen sollt een net vernoléissegen

Weltimmuniséierungswoch 2021 – Essentiell Impfungen sollt een net vernoléissegen

D’Welt verléisst sech op wichteg nei Impfstoffer am Kampf géint de Coronavirus. Ma, dobäi muss awer awer onbedéngt séchergestallt ginn, datt Routineimpfungen net vergiess ginn!

„Impfstoffer rette Liewen! Hir Wierksamkeet ass bewisen. An d’Oprechterhale vun engem héijen Impftaux ass wichteg, fir datt keng ausgerotten Infektiounskrankheeten optrieden a sech ausbreede kënnen“, sou d’Gesondheetsministesch Lenert.

Dofir sinn déi meeschten Impfunge fir Puppelcher a klenge Kanner essentiell a bidden e fréien an dauerhafte Schutz. E fréizäitege Schutz ass nämlech vu grousser Bedeitung, fir de Risiko vun enger Infektioun sou séier wéi méiglech ze verréngeren. Besonnesch wichteg ass e bei Keuchhusten, dee kann déidlech fir kleng Puppelcher sinn. Invasiv bakteriell Infektioune wéi Meningitis stellen och en héije Risiko duer. Vill Impfunge wéi Hepatite B oder Riedele stellen e liewenslaange Schutz duer.

Dofir appelléiert de Gesondheetsministère och staark un Erwuessener, hir Impfungen ze aktualiséieren. Verschiddener erfuerderen nämlech eng Opfrëschung (bei Kanner am Alter vu 5 bis 6 Joer), mee och bei Jugendlechen an Erwuessenen (all 10 Joer). Dëst ass de Fall bei den Impfunge géint Polio, Diphtherie, Tetanus an Keuchhusten.

Riedelen, Mumps a Risele sinn net nëmme schwéier Krankheeten, mee och héich ustiechend. Si kënne bei Grouss a Kleng schlëmm Komplikatiounen ausléisen. A well et nach ëmmer e puer Fäll vu Riedele ginn, gëtt all Erwuessenen, deen no 1980 gebuer gouf, drun erënnert, sech nach eemol impfen ze loossen.

Impfunge bréngen eis méi no

Dat ass d’Thema vun der Weltimmuniséierungswoch, déi all Joer an der leschter Abrëllswoch stattfënnt.

Weltimmuniséierungswoch
© WHO

Duerch Impfunge ginn all Joer Millioune vu Mënscheliewe gerett. An de leschte Joerzéngten ass et duerch d’Impfstoffer gelongen, déidlech Krankheeten auszerotten.

Ma, d’Covid-19 Pandemie huet eist Liewen op de Kapp gestallt an eis Gewunnechte verännert. Et hënnert eis drun, eis Léifst an dem Aarm ze huelen, Zäit mat eise Frënn ze verbréngen a mat deenen zesummen ze sinn, déi mir gär hunn.

„Déi aktuell Pandemie huet eis gewisen, wéi wichteg Impfunge sinn. Duerch d’Beméiunge vun der globaler medezinescher Gemeinschaft, hunn mir elo d’Gléck Zougang zu engem Impfstoff géint de SARS-CoV-2 ze hunn. Notze mir d’Chance! Obwuel Impfunge keng Wonnerléisunge sinn, wäerten si eis hëllefen, d’Pandemie a seng Auswierkungen op eis Gesondheet anzedämmen. An erëm eng Liewensweis erëmzegewannen, an där mir zesumme kënne sinn“, seet d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert weider.

Opmaacherbild: © WHO

Related topics dauerhafte Schutz, essentiell Impfungen, europäesch Impfwoch, Hepatite, Herdenimmunitéit, Infektiounskrankheet, Krankheeten, Paulette Lenert, Pouken, Riedelen, Routine, Weltimmuniséierungswoch
Next post Previous post