Search

You may also like

Jonk Konscht Triennal – Opruff zur Participatioun!
Fail International Meenung

Jonk Konscht Triennal – Opruff zur Participatioun!

Als grousst Treffen a Plattform fir jonk KënschtlerInnen dréit déi

Tramschantier op der Gare: Buslinne ginn deplacéiert
Fail International Meenung

Tramschantier op der Gare: Buslinne ginn deplacéiert

Wéinst der nächster Phas vum Ausbau vum Tramsreseau gi vum 5.

Elektro-Band KRAFTWERK erhält säin éischte Grammy
Fail International Meenung

Elektro-Band KRAFTWERK erhält säin éischte Grammy

Gutt en halleft Joerhonnert no senger Grënnung huet déi legendär

dislike

Weltklimakonferenz: Et ass Zäit endlech Realitéiten ze schafen

Weltklimakonferenz: Et ass Zäit endlech Realitéiten ze schafen

Säit e Méindeg setzen d‘Vertrieder vun 195 Länner, ONGen a grousse Firmen zu Bonn zesummen, fir d‘Ëmsetzung vum Paräisser Klimaschutzofkommes aus dem Joer 2015 „op de Wee“ ze bréngen. Dat ass gutt gemengt, dierft awer wéineg bréngen.

D‘Ursaache fir meng Ausso leien dann och op verschidden Niveauen. Zum Engen ass déi als COP23 benannte Weltklimakonferenz eng „Aarbechtskonferenz“ bei där et net virgesinn ass verbindlech Beschlëss ze huelen. Wann an op déi geholl gi sollt, dat entscheet sech 2018 zu Katowice (Polen). Zum anere muss ee feststellen, datt wirtschaftlech Interesse méi héich bewäert ginn, wéi de Klimawandel.

Elo dierf een sech dann déi berechtegt Fro stellen, wéi verbindlech dat 30säitegt Paräisser Ofkommes dann am Endeffekt ass. 169 Länner hunn d‘Ofkommes ratifizéiert, mee dat leet just Grondsätz fest. D‘Äerd soll sech ëm maximal 2 Grad erwiermen, d‘Länner musse festgeluechte Klimaschutzbeiträg leeschten. Et soll esouguer zesummegeschafft ginn an den „aarme“ Länner ënnert d‘Äerm gegraff ginn.

Gutt, u sech alles Saachen déi een esou kann ënnerschreiwen. Wier do net dee berühmten Hoken, deen och déi beschten Iddien a Virsätz bei der Däiwel jot. Well, wéi déi am Paräisser Ofkommes versprache Mesurë sollen ëmgesat ginn, dovunner ass séier wéineg ze liesen. Zu Bonn also sollen se wëlles hunn sech Reegelen ze ginn, un déi sech da jiddereen ze halen hätt. Wann d‘Situatioun net esou batter eescht wier, kéint een driwwer laachen.

Et ass elo awer éischter fir ze kräischen. Dat engersäits well se zwar dem Premierminister vun de Fidschi de Virsëtz vun der Weltklimakonferenz zougeschoustert hunn, seng Insel dann awer wäerten ënnergoe loossen. An anersäits, well keen esou blöd ass dovunner auszegoen, datt d‘Politiker an et am eegene Land ronn kéinte ronn kréien eleng d‘Emissiounswäerter esouwäit erofzedrécken, wéi se dat elo zanter Jore verspriechen.

Den Ausstig aus der Atomenergie an Däitschland, war zugläich d‘Zounam vun den Emissiounen duerch den Asaz vu Kuel. Deen erwisenermoossen déi schlechtsten Energieeffizienz huet awer dofir de gréisste Knascht produzéiert. An dat ass dann nach net emol dat schlëmmste Beispill. Eppes wou ni oder wann dann éischter Seele rieds ass, dat ass dem Impakt op d‘Ëmwelt dënn déi sëlleche Kricher a Konflikter op der Welt hunn.

An trotzdeem ass ee sech eens, datt et esou net ka weidergoen. Jo wéi da „kann“? Et geet de facto och aktuell nach ëmmer schéin esou weider wéi ëmmer, an no deem wäermste Joer 2015, koum dat wäermste Joer 2016 an… jo genau… wann 2017 eriwwer ass, ass dat nees dat wäermste Joer. Esou ass Paräis dann am Endeffekt keng Succès-Story an och dat villt Gebraddels – dat zwar muss sinn – zu Bonn wäert keng kuerzfristeg Verbesserung bréngen.

A genee hei leet d‘Kromm an der Heck: Dat wat d‘Mënschheet mat Sécherheet net huet, ass Zäit. Déi leeft eis net, déi ass eis längst dervu gelaf. A wann ech absolut domatter averstane sinn, datt een all eenzele muss iwwerzeege matzemaachen, esou muss een d‘Wirtschaft wahrscheinlech zwéngen. Wien sech dat allerdéngs soll zoutrauen…

Foto: E Bild vun der Installatioun am Rheinaue-Park zu Bonn, déi am Kader vun der Weltklimakonferenz opgestallt ginn ass. Keng vun de Fuerderunge staamt der Wirtschaft. © Patrick Stollarz/AFP

Related topics Bonn, COP2, Vereente Natiounen, Weltklimakonferenz
Next post Previous post