Search

You may also like

Performant an asazbereet: De CGDIS freet sech op 44 nei Gefierer!
International Neiegkeeten

Performant an asazbereet: De CGDIS freet sech op 44 nei Gefierer!

Geet et ëm eis Sécherheet a Rettung, esou ka Lëtzebuerg

Aweiung vun der neier CNS zu Ettelbréck
International Neiegkeeten

Aweiung vun der neier CNS zu Ettelbréck

Gëschter huet de Romain Schneider, Minister fir sozial Sécherheet, déi

De Gardiennage als „Beruff“
International Neiegkeeten

De Gardiennage als „Beruff“

No enger Entrevue um 1. Oktober mat Vetrieder vum Educatiounsministère,

Weltkriibsdag 2020: All Joer ginn et 3.000 nei Kriibspatienten zu Lëtzebuerg

Weltkriibsdag 2020: All Joer ginn et 3.000 nei Kriibspatienten zu Lëtzebuerg

Um Internationalen Dag géint de Kriibs gëtt zu Lëtzebuerg d’Haaptaamierk op d’Preventioun geluecht. Ee gesonde Liewensstil kéint nämlech 40 % vun den Erkrankunge verhënneren. Ënnert dem globale Motto „Ech sinn ech an ech wäert“ gëtt jiddwereen zum nodenken animéiert, wat ee perséinlech am Kampf géint dës Krankheet ënnerhuele kann.

Nach ëmmer ass Kriibs eng vun den heefegsten Doudesursaache weltwäit. Aus dësem Grond muss d’Preventioun, d’Fuerschung an d’Behandlung vun der Krankheet am Mëttelpunkt stoen, wärend Hallefwëssen duerch Opklärung verdriwwe gëtt. Geet een der Unioun fir International Kriibs Kontroll (UICC) no, erkranken all Joer weltwäit iwwer 12 Millioune Mënschen u Kriibs, 8 Millioune stierwen un de Folgen. Wat d’Krankheet éischter erkannt gëtt, wat och d’Aussiichten op Heelung steigen.

Op Initiative vun der Welt-Kriisborganisaitoun UICC ass am Joer 2007 de Weltkriibsdag an d’Liewe geruff ginn.

D’Situatioun bei eis am Land

Zu Lëtzebuerg stierwen all Joer ëm 1.100 Persounen – dovu 600 Männer a 500 Fraen – u Kriibs. Beim Mann steet d’Krankheet mat 32% ganz uewen um Podium, wann et ëm Doudesursaach geet. Bei der Fra läit ee mat 26 % op zweeter Plaz. An 151 Doudesfäll huet de Mann u Longekriibs gelidden, gefollegt vum Daarmkriibs (60 Stierffäll) a Prostatakriibs (48 Stierffäll). Mat 82 Stierffäll pro Joer steet bei der Fra de Broschtkriibs op éischter Plaz, uschléissend Longekriibs (64 Stierffäll) an Daarmkriibs (57 Stierffäll).

All Joer kommen 300 nei Kriibspatienten zu Lëtzebuerg dobäi. D’Behandlungen zéien dobäi schwéier Nieweneffekter mat sech, physescht a psychologescht Leed, wéi och sozial a professionell Auswierkungen. De Fortschrëtt an der Medezin huet d’Iwwerliewenschance vun de Betraffenen zwar verbessert, an awer bleift den Taux vun der Verbreedung héich. Och d’Komplikatiounen, déi mat der Krankheet verbonne sinn, bleiwe weiderhin eng grouss Erausfuerderung um weltwäiten Niveau.

Weltkriibsdag 2020

De PCN2

De Regierungsprogramm 2018-2023 gesäit vir, d’Efforte vum éischten Nationale Kriibsplang (PNC) 2014-2018 virun ze féieren. Den zweete Plang ass um 1. Januar 2020 lancéiert ginn a soll d’Aktiounen am Kampf géint d’Krankheet weiderhi stäerken. De PNC2 2020-2024 verfollegt dobäi d’Recommandatioune vun den europäesche Partner (EPAAC), wéi och d’Strategie vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO).

Zu den Prioritéite gehéiert d’Digitalisatioun vum Echange vun den Donnéeën an d’Expansioun vun den Informatiounssystemer vum Land, d’Implementatioun vun der moderner Genetik an der molekularer Pathologie duerch d’Entwécklung vum Nationalen Zentrum fir Mënschlech Genetik (CNGH), d’Strukturéierung vun de Kompetenzen an der Onkologie, d’Recherche an der translatorescher Onkologie, wéi och d’Unerkennung vun de Missioune vum Nationale Kriibs-Institut.

Related topics Broschtkriibs, CNGH, Daarmkriibs, Genetik, Krankheet, Onkologie, Patient, PNC, Prostatakriibs, Stierffäll, UICC, Welt-Kriisborganisaitoun, Weltkriibsdag 2020
Next post Previous post