Search

You may also like

money
Agence-Stierwe bei der BCEE
International Neiegkeeten

Agence-Stierwe bei der BCEE

Wéi e Freideg d‘Spuerkeess (BCEE) géintiwwer de Medie bestätegt huet,

Kollektivvertrag Bausecteur: Éischt Conciliatioun bréngt kee Fortschrëtt!
International Neiegkeeten

Kollektivvertrag Bausecteur: Éischt Conciliatioun bréngt kee Fortschrëtt!

Wéi d‘Gewerkschaft LCGB an engem Communiqué matgedeelt huet, huet déi

EU-Ausseminister gesinn sech op Malta
International Neiegkeeten

EU-Ausseminister gesinn sech op Malta

Um Freideg den 28.Abrëll hunn sech op Malta d’EU-Ausseminister getraff

Satellitten: funktionelle Weltraumschrott

Satellitten: funktionelle Weltraumschrott

Déi amerikanesch Weltraumagence NASA fänkt u beonrouegt ze sinn. Et vergeet keng Woch an där kee Satellit an de Weltraum geschoss gëtt. Si déngen der Kommunikatioun, Observatioun an/oder Spionagezwecker… a verursaache Weltraumschrott.

Internetkabel verleeën oder Funkantenne bedreiwen ass engersäits net ëmmer einfach, anersäits awer ëmmer deier, a mat Satellitte kann ee villes ëmgoen. Dat dierft een esou och bei „OneWeb“ verstanen hunn. De President vum Verwaltungsrot vun OneWeb, de Sunil Bharti Mittal huet dozou erkläert, dat si d‘Welt wëlle mat engem ganzen Netz u Satellitten ëmspanen. Wéi vill Satellitten?

Alles an allem sollen et 650 Satellitte sinn, an um Dënschdeg sinn der 24 an den Orbit gesat ginn. Domat huet OneWeb elo d‘Hallschent vum Reseau en Place. Zu de Beweeggrënn: „Eng Milliard Mënschen huet nach guer keen Internetzougank, vill Entreprise brauchen ee séieren Internet, firwat et ee Besoin gëtt. An et ass och wirtschaftlech interessant“, esou de Sunil Bharti Mittal.

OneWeb ass dann och net deen eenzegen Operateur dee sech ee lukratiivt Geschäft am Äerdorbit erhofft. Och dem Elon Musk seng Boîte „Starlink“ huet Grousses vir. Déi wëll ee Satellittennetz mat 12.000 Unitéite ronderëm d‘Welt spanen. Eng 1.600 hu se schonn opgestallt, an och goufe gëschter 51 neier bäigeprafft. Amazon an aner Konzerner hunn och schonn Interessi ugemellt.

De kommerzialiséierten Orbit

Bei der NASA fänkt een un sech wéinst der Mass vu Satellitten, déi quasi am Wochentakt an den Himmel geschoss ginn, ëmmer gréisser Suergen ze maachen. Den Astrophysiker vun der NASA, Thomas Zurbuchen, huet Bedenke geäussert a geet kritesch mat dëser Entwécklung ëm. Hien huet erkläert, datt de Problem doranner besteet, datt den Orbit kommerzialiséiert ass.

„Zéngdausende Satellitte ginn dohinner a plëtzlech ass den Orbit net méi zougänglech, wëll et ee Stau gëtt. Ob emol kann s de deen net méi fir Wiedersatellitten notzen“, esou ee liicht veriergerten den Thomas Zurbuchen. Woubäi net nëmmen dat Gedrécks „do uewen“ ee Problem ass, schlëmmer ass de ganze Weltraumschrott dee sech am Orbit sammelt. Sécher, och dofir huet et Reegelen.

Satellitte sollen, wann hir Zäit ofgelaf ass, kontrolléiert an eng aner Ëmlafbunn geleet ginn, fir ze vergléien. Dozou hu sech zumindest d‘Bedreiwer vun dëse Satellitte verflicht. Wéi gutt oder wéi schlecht dee Prinzip funktionéiert, dierft eng gréisser Roll spille wéi een gemenkerhand wéilt unhuelen. Wann nëmme 5% vun de Satellitten onkontrolléiert „ewech fueren“ huet et ee Problem.

Hu mir eis d‘Siicht verspaart?

Zanter dem Abroch vum Weltraumzäitalter an de 50er Joren, dierften eng 5.000 Satellitten an Ëmlaf bruecht gi sinn, an déi hu scho massiv Schrott am Weltraum hannerlooss. Dat meescht si wuel nëmmen Zantimeter grouss Brochstécker, mee et geet duer fir Weltraummissiounen ze gefäerden an d‘Siicht an de Weltraum ze verspären. Doriwwer eraus kënnen se och aner Satellitte beschiedegen.

Et géif, esou den Thomas Zurbuchen, elo héich Zäit ze reguléieren a Léisungen ze fannen. Am beschte wier et Léisungen am internationale Konsens ze fannen. Wéi een awer elo déi Natiounen, déi sech den Orbit „deelen“ un een Dësch kritt, ass den éischte Problem, an uschléissend mussen d‘Konzerner net nëmmen iwwerzeegt, mee wuel och kontrolléiert ginn. Dat gëtt net einfach…

Dobäi drängt och hei, wéi bei allen erkannte Problemer d‘Zäit. All Mount kommen honnerte vun dëse Satellitte bäi, a jo och Lëtzebuerg ass hei ee ganz aktiven Acteur iwwert den Ëmwee vun der SES engersäits, an dem Ausbau vum „Secteur“ anersäits. Net ze vergiessen, datt et nieft China, jo och nach d‘Inder huet, déi „Pläng“ hunn. Hei sollt ee sech op nei Konflikter astellen.

mat indymedia/mia

Illustratioun: © Brian McGowan / unsplash

Related topics NASA, OneWeb, Satellitten, SES, Starlink, Weltraum, Weltraumschrott
Next post Previous post