Search

You may also like

“Mir wëllen eng atomwaffefräi Welt!”
International Neiegkeeten

“Mir wëllen eng atomwaffefräi Welt!”

„NoFirstUse-Global“ ass eng Gesellschaft vun Organisatiounen, Wëssenschaftler, Politiker an zivilrechtleche

Spa-Francorchamps: 100 Joer Mythos
International Neiegkeeten

Spa-Francorchamps: 100 Joer Mythos

Ënnert alle Circuiten, déi bei der Weltmeeschterschaft vun der Formel

Déi nei Technologie sollen och vun der Justiz genotzt ginn
International Neiegkeeten

Déi nei Technologie sollen och vun der Justiz genotzt ginn

Den Informatik Projet „Pabeierfräi-Justiz“, oder wéi dat am Chamber-lëtzebuergesch genannt

Weltraumfuerschung: Lëtzebuerg a Moskau wëllen zesummeschaffen

Weltraumfuerschung: Lëtzebuerg a Moskau wëllen zesummeschaffen

Op Vältesdag war de Wirtschaftsminister Etienne Schneider, a Begleedung vun enger lëtzebuergescher Delegatioun zu Moskau, wou se un der 11. Sëtzung vun der gemëschter wirtschaftlecher Kommissioun vun der UEBL an der russescher Federatioun deelgeholl hunn.

Déi wirtschaftlech Delegatioun, encadréiert vu Vertrieder vun der Handelskummer, déi den Etienne Schneider begleet huet, hunn opmierksam nogelauschtert, iwwert wat déi gemëschte Kommissioun geschwat huet. D‘Gespréicher hunn hei notamment iwwert d‘Verstäerkung vun der Zesummenaarbecht an dem Schafe vu Synergië a ville Wirtschaftssecteure gefouert.

Weltraumfuerschung

(v.l.n.r.) De belschen Ausseminister, Didier Reynders; de Vizepremier vun der russescher Federatioun, Dmitry Rogozin; an de lëtzebuergesche Wirtschaftsminister a Vizepremier, Etienne Schneider. © meco

Fir d‘Entwécklung an d‘Fuerschung am Beräich vun den neien Technologie virunzebréngen, hunn den Etienne Schneider an de russesche Vizepremier Dmitry Rogozin sech drop verstännegt, e „Conseil vun der wëssenschaftlecher an technescher Kooperatioun“ ze schafen.

D‘Ressourcen aus dem Weltraum notzen

Dëse Conseil soll sech den Ekotechnologien, den Technologie vum Biergbau an extreme Konditiounen an de Weltraumtechnologien unhuelen. Heiranner abegraff all d‘Aspekter, déi am Zesummenhang mat der Extraktioun an der Notzung vun den natierleche Weltraumressource stinn, déi en Himmelskierper unzebidden huet. Dat ganzt schreift sech an d‘Initiative vum Projet „SpaceResources.lu“ an.

Fir den Austausch tëscht Russland a Lëtzebuerg ze fërderen, hunn sech den Dmitry Rogozin an den Etienne Schneider och drop verstännegt, d‘Méiglechkeet ze préiwen, eng direkt Fluchlinn tëscht Moskau a Lëtzebuerg anzeriichten.

Esou eng direkt Fluchlinn géif net nëmmen dem Besoin vu ville lëtzebuergeschen Entreprisen entspriechen, déi Aktivitéiten a Russland ënnerhalen, mee géif sech natierlech och positiv op den Tourismus tëscht béide Länner auswierken. Eng interessant Entwécklung ugesicht den EU-Sanktiounen, déi vu villen Experten als „de falschen Dialog“ op politeschem Niveau betruecht ginn.

Um Rand vun der Sëtzung vun der gemëschter Kommissioun UEBL-Russland, ass dann och en Accord tëscht der nationaler Agence fir d‘Fuerschung an d‘Innovatioun (LuxInnovation) an der Stëftung Skolkovo ënnerschriwwe ginn. Mat dësem Protokoll soll d‘Zesummenaarbecht am Beräich vun der Innovatioun an den neien Technologie verstäerkt ginn.

mam SIP/meco

Related topics Dmitry Rogozin, Etienne Schneider, Spacemining, SpaceResources.lu, UEBL, Weltraumfuerschung
Next post Previous post