Search

You may also like

Wou de Wonsch net de Realitéiten entsprécht
Neiegkeeten

Wou de Wonsch net de Realitéiten entsprécht

Veriergert bis batter Enttäuscht, esou léisst sech den Toun am

E-Senior: Déi digital Welt a modern Medien einfach erkläert
Neiegkeeten

E-Senior: Déi digital Welt a modern Medien einfach erkläert

Houfreg presentéiert d’Stad Esch säin neie Projet „E-Senior“. Zil ass

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 6.11.2017)
Neiegkeeten

Krus de mat? De Wochequiz (Woch vum 6.11.2017)

[onionbuzz quiz-id=50][/onionbuzz] Eng weider Woch ass laanscht! Mol kucken, wéi

Weltraumressource notzen, ënner Lëtzebuerger Recht

Weltraumressource notzen, ënner Lëtzebuerger Recht

Ënnert der Autoritéit vum Wirtschaftsministère, op Ureegung vum Büro vun der intellektueller Proprietéit an der Lëtzebuerger Weltraum Agence (LSA), huet et gëschter an Handelskummer eng Konferenz zum Thema: „Innovatioun, Weltraumtechnologien a Patenter“ ginn.

Sënn an Zweck vun dëser Veranstaltung war et, am Zesummenhang mat der Erëffnung vum Weltraum fir Privatinvestisseuren, deem engen oder aneren europäesche Fachmann an dësem Beräich eng Interventioun unzebidden. Ëmmerhin dréit säit elo enger Rei Joren, och Privatkapital zum Finanzement vun den zukünftege Weltraumressource bäi.

D‘Spezialiste sinn ob vill ënnerschiddlech Themen agaangen. Esou déi am Weltraum realiséiert Innovatiounen, deenen hir „weltlech“ Uwennungsméiglechkeeten an hire Schutz duerch e Patent. Rieds gaangen ass och, ëmmerhin huet d‘Konferenz an der Handelskummer stattfonnt, ëm den ekonomeschen a gesellschaftlechen Impakt, vun der Ouverture vum Weltraum.

Eng „Woll-Mëllech-Sau“

Interessant hei, d‘Ouverture vum Weltraum implizéiert Technologien déi zu enger Beschränkung vum Klimawandel kéinte bäidroen, fir déi ëffentlech an zivil Sécherheet ass et „interessant“, zur militärescher Verdeedegung gëeegent, ka bei der Gestioun vu Katastrophe hëllefräich sinn, mee och an de beräicher: humanitär Hëllef, Entwécklung, Urbanissem, Informatiounstechnologien, Effikassitéit a Produktivitéit; oder: Gesondheet, Meteorologie, Transport, Kontroll vum Fluchverkéier, Gestioun vun natierleche Ressourcen a Landwirtschaft, vu Notze sinn.

Et gëtt, wann een dat esou op sech awierke léisst, näischt, mee esou wierklech guer näischt, wat géint eng Notzung vun de Weltraumressource duerch privatfinanzéiert Entreprise géif schwätzen. Zemools dann net, wann all dës Entreprisen hire Sëtz zu Lëtzebuerg hunn. Lëtzebuerg, datt sech als bis ewell no den USA Land e Gesetz zur Notzung vun de Weltraumressource ginn huet.

De legale Kader muss passen

Wann also d‘Méiglechkeete vun der Notzung onbegrenzt, an de Profit grouss sinn, esou gëtt do awer nach Froen déi enger Äntwert bedierfen. Esou zum Beispill, wéi sech dat Lëtzebuerger Gesetz zur internationaler Reglementatioun vum Weltraum verhält? Eng Reglementatioun déi duerch fënnef international Traitéen encadréiert gëtt:

Dee vun 1967 „Outer Space Treaty“, d‘Ofkommes zur Rettung vun den Astronauten aus dem Joer 1968, d‘Konventioun aus dem Joer 1972 zur internationaler Verantwortung fir Schied déi duerch Weltraumobjeten entstinn, d‘Konventioun zur Immatrikulatioun vun den Objeten déi an den Ausserathmosphärege-Raum geschoss ginn, an de Mound-Traité vun 1979.

Ugesiichts der Tatsaach, datt all dës Traitéen a Konventiounen „liicht stëbseg“ sinn, a vun der Evolutioun bei Technik a Wëssenschaft iwwerholl goufen, wier et net verkéiert ze klären, op déi vun den USA a Lëtzebuerg instauréiert Gesetzer, nach domatter an Aklang ze brénge sinn.

Lëtzebuerger Gesetz ass gülteg

Fir den Direkter vun der Luxembourg Space Agency, Marc Serres, ass gesëchert, datt d‘Gesetz dat sech Lëtzebuerg zur Notzung vun de Weltraumressource ginn huet, net géint internationaalt Recht verstéisst. Et wier zudeem normal, datt den „Outer Space Treaty“ net spezifesch d‘Situatioun vun de Weltraumressource behandelt. „Weltraumressource“ waren esou nach net am Gespréich…

Et wier awer sécherlech net vu Muttwëll, op politeschem Niveau, an op kollegial Aart a Weis, eng Entscheedung erbäizeféieren, zu deem wat d‘Welt mat dëse Ressource wëll maachen. Fir de Marc Serres, läit den Accent beim Debat haut um legale Kader fir d‘Notze vun de Weltraumressource, an net bei der Utilitéit vun der Notzung vun dëse Ressourcen.

Wa mir den Direkter vun der Luxembourg Space Agency richteg verstanen hunn, läit hei nach richteg Aarbecht virun all de concernéierte Parteien. Säit elo zwee Joer gëtt et vill Diskussiounen zu dësem Sujet op de Vereenten Natiounen, mee et muss iwwert wäit geschwat ginn, sief am Kader vun informelle Sommeten, oder soss Geleeënheeten.

Related topics Handelskummer, Luxembourg Space Agency, Marc Serres, Weltraumressourcen, Wirtschaftsministère
Next post Previous post