Search

You may also like

Potter-Fans opgepasst: Den Harry huet haut Gebuertsdag!
International Neiegkeeten

Potter-Fans opgepasst: Den Harry huet haut Gebuertsdag!

Bekannt ginn ass d’Figur Harry Potter duerch d’Fantasy-Roman-Rei vum J.

Brexit: Héich Zäit sech e puer Gedanken ze maachen
International Neiegkeeten

Brexit: Héich Zäit sech e puer Gedanken ze maachen

Reesen tëscht dem Kontinent a Groussbritannien, sanitär Kontrollen, perséinlech Daten:

USA: Intern Opsiicht vum Heemechtschutzministère schléit Alarm
International Neiegkeeten

USA: Intern Opsiicht vum Heemechtschutzministère schléit Alarm

Gëschter huet déi intern Opsiicht vum US-Hémechtschutzministère (Homeland Security) no

Weltsommet fir d‘Impfung

EU-Kommissioun a Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) haut zu Bréissel vereent

Weltsommet fir d‘Impfung

Um haidegen Donneschdeg organiséiert d‘EU-Kommissioun an Zesummenaarbecht mat der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) zu Bréissel e Weltsommet fir d‘Impfung. Politesch Vertrieder an Delegéierter vun de Vereenten Natiounen, wéi och respektéiert Wëssenschaftler huelen un dësem Meeting deel.

Sënn an Zweck vun dësem Sommet, esou d‘Erklärung op der Websäit vun der WHO ass et, déi weltwäit Aktioun géint Krankheeten déi duerch Impfunge verhënnert kënne ginn, nees ze stäerken an géint d‘Desinformatioun iwwert Impfstoffer virzegoen. De leschte Volet dierft wäit méi wéi nëmmen eng Erausfuerderung sinn, d‘Moud vun den alternative Fakten ass nach net eriwwer…

Weltsommet

An déi sëlleche Verschwierungstheorien, déi vun den Impfgéigner ëmmer nees ugefouert ginn, bei deenen et ëmmer ëm déi sougenannten „Niewewierkunge“ geet déi vun Autismus bis Kriibs alles ausléise sollen, iwwerzeegen erstaunlecherweis ëmmer méi Mënschen op der Welt. Méi generell an de sougenannten industrialiséierte Länner, wou ee géif mengen dat d‘Leit „opgekläert“ sinn.

Och zu Lëtzebuerg maachen sech ëmmer méi Doktere Suergen iwwert déi onbeschreiflech a virun allem falsch Informatiounen déi an der Populatioun zirkuléieren. Sougenannt Influencer verbreede „Meenungen“ – meeschten aus perséinlechem Interessi – déi an haidegen Zäiten, wou dat mam Vertrauen esou eng Saach ginn ass, op enormen Zousproch stoussen. An dat ass brand geféierlech.

D‘Kanner net enger falscher Propaganda afferen

Dobäi sollt een dovunner ausgoen, datt déi meescht Leit déi sech hei géint de Schutz vum eegene Kand – an och géint d‘Gesellschaft stellen – bewosst sinn, datt d‘Impfung de beschte Schutz vun der ëffentlecher Gesondheet duerstellt. Dank den Impfstoffer si vill geféierlech Krankheeten ausradéiert ginn. D‘WHO schätzt, datt duerch Impfungen, all Joer 2,5 Millioune Liewe gerett ginn.

Weltsommet

An hei geet ëm immens ustiechend Krankheeten, wou de Kontakt zur infizéierter Persoun schonn zur Iwwerdroung féiere kann. Déi meescht vun dëse Krankheeten hu schwéier Folgen a kënnen irreversibel Schied mat sech bréngen. Net ze vergiessen, datt – well se als „ausgestuerwe“ betruecht goufen – et fir vill Krankheete wéi Polio oder Riedelen, keen Traitement gëtt. Datt muss net sinn.

Säi Kand impfe loossen ass säi Kand schützen, mee bedeit och e Schutz fir d‘Kollektivitéit. Sech deem ze verweigeren andeems ee mam Fanger op déi ongeheierlech Profitter vun der Pharmaindustrie weist ass mindestens esou domm wéi geféierlech. D‘Exzesser an d‘Muecht vun dësem Secteur kritesch ze begleeden ass dat eent, seng Kanner enger Gefor auszesetzen dat anert.

mat indymedia/bru/gva/nyc

Wat mir schonn dozou alles geschriwwen hunn:

Related topics EU-Kommissioun, Impfgéigner, Impfungen, Weltgesondheetsorganisatioun
Next post Previous post