Search

You may also like

Corona: Ausgrenzung an Aggressivitéit? (Lieserbréif)
International Neiegkeeten Sport

Corona: Ausgrenzung an Aggressivitéit? (Lieserbréif)

De 19. Mäerz sinn ech aus Thailand erëm komm. Hat

Den Dylan Pereira hält u senger Strategie fest
International Neiegkeeten Sport

Den Dylan Pereira hält u senger Strategie fest

De lëtzebuergesche Pilot vum Team Momo Megatron Lechner Racing, kéint

Staatsrot mat wéineg Versteesdemech fir Denunzianten
International Neiegkeeten Sport

Staatsrot mat wéineg Versteesdemech fir Denunzianten

Am Gesetzprojet 7738, deen haut de Mueren an der Chamber

Eng Bronzemedail bei de 7. Weltspiller am Militärsport

Eng Bronzemedail bei de 7. Weltspiller am Militärsport

Déi 7. Weltspiller am Militärsport, déi vum 18. Oktober bis de 27 Oktober vum International Rot vum Militärsport (CISM) zu Wuhan a China ausgedroe ginn, stinn eisen deelhuelenden Zaldote gutt zu Gesiicht. Eng éischt Medail ënnersträicht dat och.

Esou huet sech de 1. Zaldot-Chef Bob Bertemes, Member vun der Sektioun Elite-Sport, zu Wuhan am Kugelstoussen d‘Bronzemedail gekroopt. Hien hat d‘Kugel 20,66 Meter wäit geworf. Net ganz esou glécklech ass et dem 1. Zaldot-Chef Marcel Ewen ergaangen. Hie sollt beim Reit-Concours (Saut d‘Obstacles) de Podium knapp verpassen. Et ass awer eng ganz gutt Placéierung ënnert 56 Bedeelegten.

Fir de Bob Bertemes ass et zudeem schonn déi zweet Medail déi hie bei de Weltspiller kritt. Déi éischt war aus Sëlwer an déi hat eisen Zaldot dem Land a Südkorea 2015 geséchert. D‘Weltspiller am Militärsport ginn zanter 1995 organiséiert. Déi éischt goufen zu Roum (Italien) ausgedroen.

Foto: (v.l.n.r.) Konrad Bukowiecki, Polen; Darlan Romani, Brasilien; Bob Bertemes, Lëtzebuerg. © EMA

Related topics Bob Bertemes, CISM, Marc Ewen, Militärsport, Weltspiller
Next post Previous post