Search

You may also like

Schoulrentrée an der Stad
International Neiegkeeten

Schoulrentrée an der Stad

Ulässlesch der Schoulrentrée 2018/2019 hunn eis Buergermeeschtesch, Lydie Polfer, déi

Covoiturage: Fir manner Gefierer op eise Stroossen (mat Kommentar)
International Neiegkeeten

Covoiturage: Fir manner Gefierer op eise Stroossen (mat Kommentar)

Gëschter huet de Minister fir Mobilitéit an Ëffentlech Aarbechten, de

LAMBERT: Ee Piano-Concert mat der e bëssen anerer Mask
International Neiegkeeten

LAMBERT: Ee Piano-Concert mat der e bëssen anerer Mask

Et war ee Concert, dee fir Begeeschterung, Héngerhaut an och

Weltwaasserdag: Fir d’Iwwerliewe vu Mënsch an Natur

Weltwaasserdag: Fir d’Iwwerliewe vu Mënsch an Natur

Zënter 1993 fënnt de Weltwaasserdag statt, a gëtt säit 2003 vun UN-Water organiséiert. Dobäi hëlt dësen Aktiounsdag all Joer u Bedeitung bei. An dësem Kader rifft déi däitsch Bundesëmweltministesch Svenja Schulze d’Staategemeinschaft zu engem Dialog op. E soll weltwäit sinn an d’Waasserversuergung zum Thema hunn.

De Moment hunn 2,2 Milliarde Mënsche keen Zougang zu propperem Drénkwaasser a fir 4,2 Milliarde Mënschen ass et net méiglech propper Sanitäranlagen ze notzen.

D’Vereenten Natiounen verdäitlechen mat Zuelen, datt d’Staategemeinschaft hiert Zil verfeele wäert, sollten si sech net méi beméien. Eng global Waasserkris kéint op eis duerkommen. Dofir ass et wichteg sech fir e méi staarken an zilorientéierte Beitrag anzesetzen.

Aus dësem Grond gëtt et den Dialogprozess „Bonn 2021 – Water Dialogue for Results“. An enger internationaler Ministerkonferenz, déi den 1. Juli 2021 organiséiert wäert ginn, ass d’Ëmsetzung fir eng nohalteg Entwécklung Thema. D’Generalversammlung vun de Vereenten Natiounen hat den 18. Mäerz schonn en Austausch mat Memberstaaten, internationalen Organisatiounen an der Zivilgesellschaft.

D’Svenja Schulze ass der Meenung, datt d’Situatioun vun der Weltgemeinschaft ëmmer méi extrem gëtt. De Besoin no Waasser klëmmt. Dobäi kënnt, datt de Klimawandel op ville Plaze fir uerg Dréchente verantwortlech ass. Et steet ausser Fro, datt eng global Kris verhënnert muss ginn. Dëst an de Fait, datt bal een Drëttel vun de Mënschen keen Zougang zu propperem Waasser huet, muss onbedéngt geännert ginn. De Mënsch brauch d’Waasser.

„Ouni eng sécher Versuergung mat propperem Waasser kënne mir weder eng gutt Gesondheetsversuergung oprechterhalen, nach fir de Schutz vun Natur- a Landschaftsraim suergen. Dofir muss elo onbedéngt gehandelt sinn“, seet d’Svenja Schultze.


© BMU

De Manktem u Waasser kënnt duerch de Bevëlkerungswuesstem, de Konsum an de Klimawandel. Et ass nawell eng Erausfuerderung fir d’Mënschen. Am Mëttelpunkt vun dësem internationale Weltwaasserdag steet d’Waasser- an d’Sanitärversuergung. Dëe Beräich ka just richteg verbessert ginn, wann een universaalt Verständnis fir de Wäert vum Waasser erreecht gëtt. Wichteg ass och, datt de Mikroplastik am Ofwaasser reduzéiert gëtt.

Opmaacherbild: Screenshot aus dem Videomessage vun der Bundesëmweltministesch Svenja Schulze

Related topics Bundesëmweltministesch, Dréchenten, Drénkwasser, Klimawandel, Svenja Schulze, UN-Water, Waasserkris, Weltwaasserdag
Next post Previous post