Search

You may also like

déi Lénk si fir Upassunge bei der Legislatur zum Teletravail
International Neiegkeeten

déi Lénk si fir Upassunge bei der Legislatur zum Teletravail

Wärend dem opgrond vun der Covid-19-Epidemie ugeuerdente Confinement hunn zuelräich

Puer Freed: Gebuert vum Prënz Charles (Video-Message a Fotoen)
International Neiegkeeten

Puer Freed: Gebuert vum Prënz Charles (Video-Message a Fotoen)

„Fir meng Fra a mech ass deen Dag natierlech ee

money
Pëtrolspräisser: de Brent klëmmt iwwer 80 US-Dollar
International Neiegkeeten

Pëtrolspräisser: de Brent klëmmt iwwer 80 US-Dollar

Um Donneschdeg ass de Präis fir e „Barrel“ Brent-Pëtrol iwwer

Freideger fir d‘Zukunft – Weltwäite Klimastreik fänkt an Australien un

Freideger fir d‘Zukunft – Weltwäite Klimastreik fänkt an Australien un

An der Pazifikregioun déi eis Zäitlech gesinn eppes viraus ass, hunn éischt Aktiounen am Kontext vum weltwäit geplangte Klimastreik ugefaangen. Bei Sonnenopgank hunn d‘Kanner op deene vun dem steigende Mieresspigel bedreeten Inselen (Vanuatu, Kiribati, Salomonen) den Optakt gemaach.

Mat emotionale Slogane wéi „Mir ginn net ënner, mir kämpfen“ huet de Mouvement „Fridays for Future“ (Freideger fir d‘Zukunft) op dësem 20. September säi weltwäit koordinéierten Aktiounsdag lancéiert. Et verwonnert dann och net, datt haut den „#climatestrike“ e vun de sollicitéiersten am Netz ass. De Mouvement erwaart sech eng Bedeelegung vu Millioune Schüler a Sympathisanten.

Klimastreik

„Ech ale Granzert ënnerstëtze gescheit Studenten“ © Peter Tonoli

A villen australesche Stied sinn dausende Schüler an de Klimastreik getrueden. Si hunn sech an de Kapp gesat, de Politiker en onmëssverständleche Message ze iwwermëttelen an zwar, datt hinnen „eng Zukunft“ tatsächlech wichteg ass. An si sinn net eleng op dësem Denkwierdegen Dag, deen hinnen net nëmme Sympathien abrénge wäert. D‘Negationisten am Netz sinn och schon aktiv…

Déi „ongleeweg“ an déi mam „Aluminiumshutt“ dierften et haut awer schwéier hunn, dem Gejäiz vun der Vernonft entgéintzetrieden. D‘Aktivisten an d‘Schüler op der ganzer Welt hunn sech extra zu dësem groussen Event zesummegeschloss, fir d‘Mënschheet ze sensibiliséieren. Déi gréisst Manifestatioun gëtt sech zu New York erwaart wou en Méindeg den UN-Klimasommet stattfënnt.

KlimastreikZu New York ass d‘Greta Thunberg – eng vun de wuel symbolträchtegste Figure vum Mouvement „Fridays for Future“ – mat derbäi, wann et heescht och der amerikanescher Gesellschaft de Spigel virzehalen, an si zu engem aneren „Handelen“ opzefuerderen. Keng liicht Aufgab an engem Land wou d‘Hallschent vun de Bierger den US-President fir eng wëssenschaftlech Koryphee hält.

Bei eisen däitschen Noperen, wou schonn zanter 8 Auer zu Gerolstein eppes weider lass ass, ginn sech an iwwer 500 Stied Manifestatiounen erwaart. Et dierft dee gréissten zesummenhänkende Streik an der Geschicht vum Land ginn. Mat Honnertdausenden dierft et och net duer goen. Nieft de Kanner a Jugendleche bedeelegen sech och am grousse Stil Organisatiounen an d‘Zivilgesellschaft.

Klimastreik

© Schoolstrike4Climate

Esou si mat derbäi d‘Gewerkschaften, déi evangelesch Kierch, mee natierlech och Kannerschutz-, Ëmweltschutz- an Hëllefsorganisatiounen, deenen een net eeschthaft kann ënnerstellen sech zur Selbstdarstellung dem Mouvement ugeschloss ze hunn. Zudeem dierfen sech d‘Schüler erfreeën, datt Eltereveräiner, Netzwierker vu Grousselteren an masseg Kënschtler an Artiste matmaachen.

D‘Fuerderung vum Mouvement Freideger fir d‘Zukunft ass einfach a liicht verständlech: Haalt d‘Ziler vum Paräisser Ofkommes an! Also d‘Begrenzung vun der Äerderwiermung ënner 1,5°C kann an dierf net weider ignoréiert ginn. Dat ass net einfach, well grad Däitschland huet seng versprachen Emissiounsreduktioun vu 40% bis 2020 ëm ganz genau 0% agehalen. Bravo!

KlimastreikNet ze vergiessen, datt Wirtschaft an Industrie net wierklech interesséiert sinn, well si dovunner ausginn, datt si an enger liewenswäerter Welt einfach net genuch Profit maachen. Och d‘Patronat viru Massenaarbechtslosegkeet, wann ee sech géif besënnen a méi Ressourceschounend mat der Äerd géif ëmgoen. Nëmmen eng „ech geheien alles ewech“ Gesellschaft fëllt d‘Täschen.

mat indymedia/syd/mel/ber/bru/lon

Foto: © Tim Bell/Melbourbne

Related topics Fridays for Future, Greta Thunberg, Klimastreik, Klimawandel, Youth For Climate Luxembourg
Next post Previous post