Netflixtipp: Wer hat Sara ermordet?

Endlech ass et esouwäit. Zanter e puer Deeg ass déi drëtt a lescht Staffel vun der spuenescher Serie « Wer hat Sara ermordet » op der Streamingplattform Netflix ze gesinn.

Een Highlight ass iwwregens de franséische Schauspiller Jean Reno, deen dës Kéier eng markant Roll a Schlësselfigur bei der Opléisung vum dubiéise Fall spillt.

D’Sara ass bei engem trageschen Accident ëm d’Liewe komm, säin eelere Brudder Alex kënnt fir 18 Joer wéinst dem Mord un him an de Prisong. Allerdéngs ass hien onschëlleg. Mat der Zäit kënnt eraus, datt d’Sara anscheinend nach lieft. Mee wou war hatt déi ganzen Zäit?

Dat muss elo erausfonnt ginn.

Op der Sich no Äntwerten, trëfft den Alex – endlech a Fräiheet – op ënnerschiddlech Familljegeheimnisser vun der Lazcano-Famill. A mat där leet een sech am beschten net un. Wat hate si mam Sara ze dinn? Ginn si zu Onrecht verdächtegt?

Déi drëtt Staffel – an d’Serie iwwerhaapt- lount sech fir jiddwereen, deen Täuschungen an iwwerraschend Wendunge gären huet.

Dernières nouvelles