Search

You may also like

Eppes zur Zukunft vun der Villa Louvigny
Money Neiegkeeten Stories

Eppes zur Zukunft vun der Villa Louvigny

Am Februar hat de sozialisteschen Deputéierte Mars di Bartolomeo nogefrot,

Greenpeace: Am Kampf géint de Plastik
Money Neiegkeeten Stories

Greenpeace: Am Kampf géint de Plastik

No intensive Verhandlungen, déi sech iwwer Méint gezunn hunn, huet

Vëlosverbindung Esch-Uelzecht – Belval: endlech?
Money Neiegkeeten Stories

Vëlosverbindung Esch-Uelzecht – Belval: endlech?

Scho Jore virun der Erëffnung vun der Universitéit op Belval

money

What the Fakt: Viru 70 gouf mam GATT de Grondstee vun der Globaliséierung geluecht

What the Fakt: Viru 70 gouf mam GATT de Grondstee vun der Globaliséierung geluecht

Nodeems et 1947 net méiglech war de Plang fir eng international Handelsorganisatioun (ITO), ëmzesetzen ass et den 30. Oktober 1947 zu engem allgemengen Douane- an Handelsofkommes, mat der Bezeechnung GATT komm. Dëst Ofkommes ass den 1. Januar 1948 a Kraaft getrueden.

De „GATT“ war keng international Organisatioun wéi dat haut d‘Welthandelsorganisatioun (WTO) ass, mee e vëlkerrechtleche Vertrag, dee vun 23 Länner ënnerschriwwen a ratifizéiert ginn ass. D‘Signataire vun dësem Accord waren: Australien, Belsch, Brasilien, Burma, Kanada, Ceylon (haut Sri Lanka), Chile, d‘Volleksrepublik China, Kuba, Frankräich, Indien, Libanon, Lëtzebuerg, Neiséiland, Holland, Norwegen, Pakistan, Südrhodesien, Südafrika, Syrien, Tschechoslowakei, Groussbritannien an d‘USA. 1951 hunn sech och Däitschland an Éisträich dem GATT ugeschloss.

All d‘Membere vun der haideger WTO sinn och Vertragspartner vum GATT. De GATT dee säi Sëtz zu Genève huet ass 1995 duerch d‘Welthandelsorganisatioun ofgeléist ginn. Tëscht 1948 an 1994 sinn an aacht Verhandlungsronnen, Schratt fir Schratt d‘Handelsbarrièren ofgebaut ginn. Esou ass d‘Globaliséierung mat Reegele versi ginn. 123 Länner hunn sech 1995 der WTO ugeschloss.

Den historeschen Hannergrond

De GATT huet säin Ursprong an der Konferenz vu Bretton-Woods an den USA (1944), un där 44 Länner deelgeholl hunn. Dës Konferenz war fir d‘ariichte vun engem feste System fir de Change verantwortlech an huet zur Grënnung vum internationale Währungsfong (IMF) an der Weltbank gefouert. Et awer deemools net zur Grënnung vun enger Welthandelsorganisatioun komm.

Trotzdeem konnt de Welthandel gefërdert an d‘Weltwirtschaft organiséiert ginn. Zwee grouss Prinzipien hunn sech duerchgesat kritt. Esou „Gläichbehandlung“: et ass sech drop verstännegt ginn, datt et fir all d‘Handelspartner vun engem Land, déi selwecht Douanestaxe gëllen. Mee och de Verbuet vun der Diskriminéierung gouf duerchgesat. Zudeem sollt duerch de GATT eng Prozedur zur Léisung vun Handelskonflikten etabléiert ginn.

Ausname waren och scho berécksiichtegt ginn, déi hunn sech op Fräihandelszonen an Zollunioune bezunn. Déi europäesch Unioun stellt haut nach esou eng Ausnam duer. Et war allerdéngs deemools och méiglech senge „Noperen“ an „Entwécklungslänner“ Handelspreferenzen zouzegestoen.

Foto: Den Eric Wyndham-White (Mëtt vum Bild), Generaldirekter vum GATT vun 1948 bis 1968 © United Nations

Quellen:

Related topics Bretton-Woods, GATT, Globaliséierung, IMF, Weltbank, WTO
Next post Previous post