Search

You may also like

Black Timeless – En artistesche Weekend op der internationaler Tattoo Convention
Geek International Neiegkeeten

Black Timeless – En artistesche Weekend op der internationaler Tattoo Convention

Leschte Weekend gouf nees zougestach – ok, esou schlëmm wéi

Wéi gutt kenns du Schëffleng?
Geek International Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du Schëffleng?

[onionbuzz quiz-id=175][/onionbuzz] Am Quiz vun haut dréint sech alles ëm

Kollektivvertrag Bausecteur: Éischt Conciliatioun bréngt kee Fortschrëtt!
Geek International Neiegkeeten

Kollektivvertrag Bausecteur: Éischt Conciliatioun bréngt kee Fortschrëtt!

Wéi d‘Gewerkschaft LCGB an engem Communiqué matgedeelt huet, huet déi

geek

WhatsApp an der Kritik

WhatsApp an der Kritik

De Kuerznoriichtendéngscht WhatsApp huet sech derzou entscheet, d‘Aféierung vun den neien Dateschutzreegelen ëm dräi méint ze verréckelen. D‘Entreprise dréit esou der Kritik vu sengen Notzer Rechnung gedroen.

Vum Dësch sinn déi nei Reegelen, deenen d‘Notzer sollte bis den 8. Februar zoustëmmen, dofir awer net. Dës sollen elo eréischt vum 15. Mee u gëllen. De Grond fir dëse Schratt: wéinst senger aggressiver Haltung, hu Millioune WhatsApp-Notzer sech ëmgekuckt, a wëll et mat esou Servicer wéi Telegram, Signal oder och nach Threema (nach) keng Problemer huet gouf sech ëmgestallt.

WhatsApp, ee Service vu Facebook, huet sech och beklot, datt et vill Falschmeldunge ginn hätt, déi den neie Richtlinnen net gerecht ginn. Et wëll een elo engersäits d‘Zweiwel zu den neie Reegelen aus dem Wee raumen a géint déi Leit wou falsch Informatioune verbreede virgoen. Zudeem gouf nach emol confirméiert, datt een net wéilt un der Enn-zu-Enn Verschlësselung fréckelen.

WhatsApp

Et gëtt och nach emol betount, datt et net ëm eng „erweidert“ Weidergab vun den Daten un de Mammekonzern Facebook geet. Hei gëtt jo WhatsApp virgeworf, datt Facebook sollt d‘Date vun den Notzer weidergeleet kréien, fir dës Marketingstechnesch ze verwäerten. An Europa ass dat rechtlech net duerchzesetzen, firwat europäesch WhatsApp-Notzer net sollte betraff sinn.

Hei sollt een allerdéngs bedenken (an dat gëllt eigentlech fir se all) datt net nëmme schwiereg, mee bal onméiglech ass ze beleeën, wat WhatsApp a Facebook mat eisen Daten ufänken. U Skandaler jiddefalls feelt et net, a wann der grousser Mass net schlicht hanne laanscht géif goen, sollt et scho besser sinn. WhatsApp ass ee Produkt vu Facebook, a bei Facebook geet et ëm dat grousst Geld.

Zudeem muss nach drun erënnert ginn, dat „Gratis-Déngschter“ alles wéi ebe just net gratis sinn, och oder vläicht grad, wëll engem net direkt an de Portmonni gegraff gëtt, sollt een uecht dinn, wiem een hei vertraut. Bei WhatsApp wéi bei Facebook „bezilt“ ee mat sengen Daten. Et muss ee säin digitaalt Liewen ausbreeden, an esou geet ee gewësser Moossen seng digital Séi hir.

mat indymedia/sfo/dub

Illustratioun: © Dimitri Karastelev / unsplash

Related topics Facebook, Kuerznoriichtendéngscht, Signal, Telegram, Threema, WhatsApp
Next post Previous post