Search

You may also like

Wann se net wiele wëllen…
Neiegkeeten

Wann se net wiele wëllen…

War déi éischt Walronn mat enger Participatioun vu 26,72% éischter

What the Fakt – De Gebuertsdag vum Här Mambo No. 5!
Neiegkeeten

What the Fakt – De Gebuertsdag vum Här Mambo No. 5!

Virun 20 Joer wousst de Lou Bega net op en

Demokrate setzen US-President ënner Drock
Neiegkeeten

Demokrate setzen US-President ënner Drock

Fir den Donald Trump sinn et ustrengend Zäiten. Fir unzefänke

Fettleiwegkeet: d‘Weltgesondheetsorganisatioun alarméiert

Fettleiwegkeet: d‘Weltgesondheetsorganisatioun alarméiert

An de leschte véier Joerzéngten hätt sech d‘Zuel vun de Kanner mat Fettleiwegkeet méi wéi verzéngfacht, esou d‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) an den „Imperial College London“.

Waren 1975 nach ronn fënnef Millioune Kanner tëscht 5 a 19 Joer mam Problem konfrontéiert, esou waren et der 2016 scho méi wéi 124 Milliounen. Dat ass den dréchene Fazit, dee béid Acteuren am „The Lancet“ zéien. Domatter net genuch, well d‘WHO betount, datt nach eng weider 123 Millioune Kanner sech mat Iwwergewiicht ploen.

Laut der Etüd vum Mahid Ezzati, wier dat dorops zeréckzeféieren, datt 90% vun de Kanner däitlech mat Iwwergewiicht ze kämpfen hunn. Erstaunlech hei, datt an de Länner mat héijem Akommes, d‘Zuelen net weider klammen, trotzdeem op héijem Niveau stabil bleiwen. Alarméierend dogéint de schnelle „Wuesstem“ a Länner mat mëttlerem oder niddregem Akommes. Hei besonnesch awunnerräich Länner wéi Indien a China.

Mir ginn all Dag méi…

Elo muss een awer generell drop hiweisen, datt unhand vum weltwäite Bevëlkerungswuesstem et méi Kanner gëtt wéi nach viru 40 Joer. D‘Fettleiwegkeet an Iwwergewiicht ginn an den Donnéeë vun der WHO dofir och prozentual ganz däitlech ervirgehuewen. Bal 6% vun de Meedercher a bis 8% vun de Jonge sinn haut fettleiweg.

Fir d‘Fiona Bull vum der WHO zu Genève eng „bedréckend Verännerung“. Zudeem gesäit si de Problem och bei der Wirtschaft: Reklamme fir ongesond Iesswueren, héich Präisser fir gesond Iesswueren, wéineg Beweegung… alles dat sinn d‘Ursaachen déi dem Trend entgéint komm sinn.

Eng hell Wull un Daten

Esou eng Etüd ass dann och alles anescht wéi einfach. D‘Auteure vun der Studie hunn d‘Gewiicht an d‘Gréisst a vu bal 130 Millioune Mënschen analyséiert. Dorënner 31,5 Millioune Kanner tëscht 5 a 19 Joer. Ageuerdent goufen d‘Donnéeën nom Kierpermoossindex (BMI). Heibäi gëtt d‘Kierpergewiicht duerch d‘Quadrat vun der Kierpergréisst gedeelt. Bis 25 ass de BMI normal, tëscht 25 an 30 huet een Iwwergewiicht an iwwer 30 ass ee Fettleiweg.

Beim Iwwergewiicht an der Fettleiwegkeet spillen awer besonnesch bei de Kanner, den Alter, d‘Geschlecht an d‘Weltrelioun eng grouss Roll. Den héchsten Undeel vu fettleiwege Kanner hunn d‘Fuerscher an der Südsee an, an den angelsächsege Länner (USA/Australien) festgestallt.

De gudde Rot (wann en ugeholl gëtt)

Vun der WHO gëtt et dann och Rotschléi wéi een dem Problem begéine kann. Do wier et, esou d‘WHO, un den Autoritéite weltwäit d‘Famillje besser iwwer gesond Ernährung opzeklären. E fromme Wonsch. Méi Aussiicht op Erfolleg, de Rotschlag un d‘Mammen, hir Kanner op mannst sechs Méint ausschliisslech ze stëllen.

Ëmsetzbar: méi gesond Iessen an de Schoulkantinnen a méi Sportméiglechkeeten. Et kéint esouguer eppes bréngen sech mat der Agro- a Liewensmëttellobby unzeleeën. Héich Steieren um Tubak hätte beispillsweis erginn, datt de Präis op gesondheetsschiedlech Produiten och e positiven Effet bei Konsument huet.

Datt Fettleiwegkeet an Iwwergewiicht an der Schoul zu Ausgrenzung a Mobbing kënne féieren ass gewosst. Gewosst soll awer och sinn, datt déi genannte „Krankheet“ Diabetis, Kriibs an/oder d‘Ursaach fir en Häerzinfarkt kënne sinn. Laut dem Fiona Bull wieren dann och d‘Preventioun mat senge Programmer um Enn méi Bëlleg wéi déi uschléissend Behandlung vum Problem.

Related topics Fettleiwegkeet, Gesondheet, Iwwergewiicht, WHO
Next post Previous post