Haut ass den Internationalen Dag vun der sexueller Gesondheet
Am Joer 2010 huet d’World Associatioun for Sexual Health (WAS)
No 85 Joer mécht d‘AAP hir Büroen dicht, d‘Computer sinn
Kanner, déi d’Fueren vum Vëlo nach net léiere konnten oder
Ee Joer nodeem d‘Pandemie ausgebrach ass, sinn d‘Experte vun der Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) elo zu Wuhan (China) ukomm. Een u a fir sech normale Virgank, woubäi dat vu Peking, an hei besonnesch der Zentralregierung, net gäre gesinn ass.
D‘Chinesen, virun allem déi Parteitrei, wëssen datt wann een eppes am Land kontrolléiert, dann déi alles wëssend a virun allem onfeelbar kommunistesch Partei. An op deenen hir „Kommissären“ an déi an de Verwaltunge beschäftegt Mataarbechter sinn d‘WHO-Experten ugewisen. Et sinn „déi“ wou entscheeden, wat den Inspekter vun der Weltgesondheetsorganisatioun virun Ae gefouert gëtt.
Fir direkt emol eppes kloerzestellen: „D‘Ziel vun der Missioun zu Wuhan ass et net ee schëllegen ze ermëttelen, mee dem Ursprong vum Coronavirus SARS-CoV2 nozegoen“, esou déi kuerz a knapp gehalen Äntwert op eis Fro. Wéini dës Experten, Inspekter oder Kommissären dann hir Aarbecht elo ophuelen? Esoubal wéi si hir Quarantaine hannert sech hunn, also esou a véierzéng Deeg…
mat indymedia/gva/tpe