Search

You may also like

D‘USA wëlle fir d‘Stationéiere vun Truppen a Material bezuelt ginn
Meenung Neiegkeeten

D‘USA wëlle fir d‘Stationéiere vun Truppen a Material bezuelt ginn

Wa sech erweise sollt, datt d‘Aussoe vum fréieren US-Ambassadeur bei

Déi legendär Etappevictoire vum Charly Gaul beim Giro 1956
Meenung Neiegkeeten

Déi legendär Etappevictoire vum Charly Gaul beim Giro 1956

„Muer gewannen ech d’Etapp a ginn op“ – Dës Wierder

déi Lénk: Dag 1 vun der Exit-Strategie
Meenung Neiegkeeten

déi Lénk: Dag 1 vun der Exit-Strategie

déi Lénk hu sech mat dem vun der Regierung beschlossenen

Ee wichtegen Dag fir d‘Demokratie

Ee wichtegen Dag fir d‘Demokratie

Et ass e ganz wichtegen Dag fir d‘Demokratie. Haut den 9.12.2020 ass et genau ee Joer hier dass mir des revolutionär Partei gegrënnt haten. Eng Partei déi houfreg op sech ka si wat si alles geleescht huet dëst Joer. Nieft dem Kampf géint de Faschismus an deem mir e puer Erfolleger ze verzeechnen hunn, sou hu mir och d’Grondsteng fir d’Seehofer Mauer bei der Däitscher Grenz an d’Béiermauer bei der Belscher Grenz geluecht.

Et gouf allerdéngs och eng Attack aus den USA géint eis. De Generol Zuckerberg huet eis aus nach ongekläerter Ursaach de Krich erkläert, mëttlerweil gouf zwar e Waffestëllstand ënnerschriwwe mee de Kampf em eiser aller Rechter ass do nach net eriwwer. Mir stinn a fir eng Demokratie, och wann dat e Begrëff ass deen den Amerikaner nach onbekannt schéngt.

Alles an allem si mir zefridde mat deem wat mir an engem Joer geleescht hunn, et ass bei wäitem méi wei dat wat Witzparteie wei d’Piraten an de leschte 5 Joer geleescht hunn. Leider kenne mir keng Versammlung maachen an dofir treffen sech d’Memberen an interesséierter online um 19:00 iwwer Discord: https://discord.gg/JfrwTYRTem eng richteg Feier gëtt nogeholl soubal d’Reegelen et erlaben an et sécher genuch ass fir sech ze versammelen.

Matgedeelt vun der Partei d‘Partei – d‘Meenunge vun de Parteie sinn hir eegen

Related topics Demokratie, Gebuertsdag, Matbestëmmung, Partei, Politik
Next post Previous post