Search

You may also like

Lega-Chef zu Palermo ugeklot
Business Meenung Neiegkeeten

Lega-Chef zu Palermo ugeklot

2019 hat dem deemolegen italieneschen Inneminister seng anti-Migratiounspolitik fir eppes

Fir d‘éischt ginn d‘Schipisten op da kënnt de Lockdown
Business Meenung Neiegkeeten

Fir d‘éischt ginn d‘Schipisten op da kënnt de Lockdown

Iwwert d‘Chrëschtdeeg konnten d‘Éisträicher et eppes méi labber ugoen an

Nei Gesiichter fir de Staatsrot
Business Meenung Neiegkeeten

Nei Gesiichter fir de Staatsrot

Indianesche Summer zu Lëtzebuerg. Déi politesch Rentrée ass eigentlech scho

Zesumme Widderstand géint Feierdag-Aarbecht am Handel leeschten!

Zesumme Widderstand géint Feierdag-Aarbecht am Handel leeschten!

Ugesiichts der Entscheedung vun der belscher Handelsgrupp Delhaize, d‘Match Supermarchéen op alle Feierdeeg opzemaachen, erkläert sech d‘Kommunistesch Partei Lëtzebuerg (KPL) solidaresch mat de Lounofhängegen an der Personaldelegatioun vu Match, wéi och der Gewerkschaft OGBL, déi sech géint d‘Feierdag-Aarbecht zur Setzen, a rifft seng Memberen a Sympathisanten op sech un der Protestaktioun virum Wirtschaftsministère, den 21. Juni um 17.30 Auer, deelzehuelen.

D‘Ëffnung vun de Supermarchéen iwwert d‘Feierdeeg ass eng Provokatioun an zudeem ee Schlag an d‘Gesiicht vun de Beschäftegten, déi schonn duerch déi flexibiliséiert Aarbechtszäiten an d‘Sonndeg-Aarbecht grouss Schwieregkeeten hunn, Famill, Beruff a Fräizäit ënnert een Hutt ze kréien. Duerch d‘Feierdag-Aarbecht ginn se weider ënner Drock gesat.

Et ass offensichtlech, datt d‘Handelsgrupp Delhaize/Match mat dëser Mesure gréisser Maartundeeler an héijer Profitter fir d‘Aktionären un Réck vun de Vendeusen a Vendeuren erzile wëll. Et ass ee Beispill dofir, wéi d‘Kapital systematesch versicht, gréisser Profitter duerch eng héijer Aarbechtsintensitéit, méi Flexibilitéit, méiglechst niddreg Léin an, wéi an dësem Fall länger Aarbechts- an Ëffnungszäiten ze erzilen, andeems sech brutal iwwert d‘Interesse vun de Lounofhängegen ewechgesat gëtt. An déiselwecht Richtung gëtt d‘Fuerderung vum Patronatsverband am Handel, d‘Aarbechtszäite vollstänneg ze liberaliséieren.

D‘KPL rifft déi Schaffend an d‘Rentner op, de Widderstand vun der Gewerkschaft, de Beschäftegten an der Personaldelegatioun vum Match, géint d‘Feierdag-Aarbecht ze ënnerstëtzen a fuerdert d‘Regierung an d‘Chamber op, Feierdag-Aarbecht am Handel duerch eng Gesetzesännerung ze verbidden an d‘Sonndeg-Aarbecht am Handel staark anzeschränken.

Matgedeelt vun der Kommunistescher Partei Lëtzebuerg (KPL) fräi aus dem däitschen iwwersat vum Laure Schlesser

Foto: © OGBL Commerce

Related topics Delhaize, Feierdag-Aarbecht, KPL, Match, OGBL, Sonndeg-Aarbecht
Next post Previous post