Search

You may also like

Asbl AKUT: “D‘Ëmwelttoxikologie sollt een net ënnerschätzen”
International Neiegkeeten

Asbl AKUT: “D‘Ëmwelttoxikologie sollt een net ënnerschätzen”

Fir de Jean „Muck“ Huss, President vun der Asbl AKUT,

E Rakéitewerfer am Reesgepäck
International Neiegkeeten

E Rakéitewerfer am Reesgepäck

D‘Amerikaner si speziell an hunn en Hang zum „Aussergewéinlechen“. Zudeem

Rechtsstaatlechkeet a Polen: Warschau verdeedegt säi Standpunkt
International Neiegkeeten

Rechtsstaatlechkeet a Polen: Warschau verdeedegt säi Standpunkt

En Dënschdeg huet Polen zu Lëtzebuerg virun den europäesche Partner,

Wie bestëmmt wat demokratesch ass?

Dem Zar vu Russland seng Geriichter hunn d‘Nawalny Organisatiounen als „Extrem“ agestuuft

Wie bestëmmt wat demokratesch ass?

Déi russesch Justiz huet dem Dissident Alexej Nawalny seng Organisatiounen an d‘Vereenegungen déi him nostinn endgülteg verbueden. E Geriicht zu Moskau huet se als „extremistesch“ agestuuft, firwat dem Kremlkritiker seng Unhänger sech och net fir d‘Duma-Walen opstellen dierfen.

Laut dem Urteel vun de Riichter vum Moskauer Stadgeriicht, sinn d‘Antikorruptioun-Stëftung FBK an déi regional Dependance vum russeschen Oppositionellen extremistesch Organisatiounen. An domadder net genuch. Och déi russesch Finanzverwaltung huet dem Nawalny seng Organisatiounen op d‘Lëscht vun den extremisteschen an terroristeschen Organisatioune gesat. War dach einfach…

Fir de Procureur vu Moskau gëllt et elo als erwisen, datt de Mouvement „Nawalny“ déi politesch a gesellschaftlech Kohäsioun am Land bedreet. Den Dissident a seng Unhänger géifen zu massiven Onrouen opruffen a verfollegen och soss extremistesch Aktivitéiten, heescht et do. Mam Urteel kommen elo Aarbechtsverbuet, Beschlagnam vu Besëtz, gespaarte Konten an Ausreesverbuet.

Säitens den Unhänger vum – vun der EU an den USA ënnerstëtzten – Alexej Nawalny, gëtt elo beklot, datt d‘Justiz mat dësem Urteel, de Kampf géint Korruptioun, d‘Recht ze demonstréieren an d‘Deelnam un der Parlamentswal verbueden huet. Si ruffen elo d‘Bierger op, am September „gescheit ze wielen“. Gemengt ass eng Stëmm fir all Kandidat deen net zur Kremlpartei gehéiert.

De Spriecher vum US-Ausseministère, Ned Price, huet sengersäits festgestallt. „Mat dëser Mesure huet Russland faktesch eng vun de wéinegen onofhängege politesche Beweegungen am Land kriminaliséiert“. Washington rifft virum Treffen tëscht dem Joe Biden a Vladimir Putin (16. Juni – Genève) Moskau op dëst Urteel ze widderruffen an de pazifistesche Kremlkritiker fräizeloossen.

mat indymedia/mow/tlv/bru

Illustratioun: © Elena Mozhvilo / unsplash

Related topics Alexej Nawalny, Duma, Geriicht, Moskau, Parlamentswalen, Russland, Terrororganisatioun
Next post Previous post