Search

You may also like

Groussregioun: Et steet villes op der Lee
International Neiegkeeten

Groussregioun: Et steet villes op der Lee

De Presidencewiessel tëscht Lëtzebuerg an dem Saarland steet elo un,

Flüchtlingskris: Sträit ëm onbegleete Mannerjäreger
International Neiegkeeten

Flüchtlingskris: Sträit ëm onbegleete Mannerjäreger

Europa ass ee Staatebond vu 27 Länner, déi sech mat

Coronavirus: Wéi gesäit et fir Afrika aus? (just esou e Gedanken)
International Neiegkeeten

Coronavirus: Wéi gesäit et fir Afrika aus? (just esou e Gedanken)

Och vum sougenannte schwaarze Kontinent, der Schatzkummer vun den industrialiséierte

Wie fir d‘éischt schéisst stierft als zweet

A Libyen geet et ëm d‘Muecht an d‘Kontroll vun de Ressourcen

Wie fir d‘éischt schéisst stierft als zweet

A Libyen huet de Generol Chalifa Haftar seng Truppen an de Kampf geschéckt. Zil: Tripolis anhuelen an de Regime vum Fayez al-Sarraj, stierzen. D‘USA an d‘UNO fuerdere Wafferou.

Dee vun de westlechen Natioune gestëtzte Regierungschef gëllt als zréckhalend a besonnen, mee seng Ried un d‘Natioun op der Tëlee, war dës Kéier och am Toun „decidéiert“ däitlech.

„Mir haten d‘Hänn fir de Fridden ausgestreckt. (…) Den Ugrëff duerch dem Haftar seng Truppen, seng Krichserklärung un d‘Haaptstad an dem Putsch-Versuch géint de Presidentschaftsrot gëtt sech entschidden a mat Stäerkt entgéintgestallt. Mir hunn der Arméi an allen anere Sécherheetskräften den Uerder erdeelt, sech der Bedreeung entgéintzestellen“, esou de Fayez al-Sarraj.

Esou einfach wéi sech dat op der Tëlee aussoe léisst, wäert et dem libesche President dann awer net gemaach ginn. Dësen „Opstand“ ass kënnt zudeem net iwwerraschend. Nodeems d‘Allianz 2011 sech aktiv um Stuerz vum Muammar al-Qaddafi bedeelegt hat, hunn sech Milizen a Krimineller d‘Land ugëeegent. Déi „agesate“ Regierung hat deem zu kengem Ament eppes entgéintzesetzen.

Esou sinn direkt ënnert hire Fënsteren zu Tripolis eng Dose Milizen aktiv. Dorënner gëtt et der déi der international unerkannter Regierung „nostinn“, wann et den Interessen déngt. Mee am Kontext vun enger inexistenter politescher Linn, firwat och e Konsens net méiglech ass, veränneren sech d‘Allianzen am d‘Fronte quasi deeglech. De Generol Chalifa Haftar wëll dat beendegen heescht et.

Beschtens virbereet oder mega Bluff?

Dem Generol seng Truppen si Kampferprouft an hunn sech iwwert déi lescht puer Méint – ouni dat grouss doriwwer beriicht gi wier – ëmmer méi Gebidder, an hei och Uelegquellen, ugëeegent. Elo war den Zäitpunkt gënschteg, a leschten Donneschdeg huet de Chalifa Haftar sengen Truppen den Uerder ginn, Tripolis anzehuelen an déi bestoend Regierung onschiedlech ze maachen.

An se si gutt virukomm. De Fluchhafen an d‘Zougangsweeër hunn d‘Rebelle schonn ënnert hier Kontroll bruecht. Si gi mëttlerweil och duerch weider „Milizen“ oder „Gangsterbanden“ aus dem Oste vu Libyen ënnerstëtzt. Eng Hëllef déi wëllkomm ass, well an der tëscht och Regierungstrei „Kämpfer“ Widderstand leeschten, an et soll esouguer zu engem Géigenugrëff kommen.

D‘Awunner vun Tripolis versichen dann och Liewensmëttelreserven unzeleeën, an d‘Autoritéiten si beméit d‘Auslänner a Sécherheet ze bréngen. Dat sinn däitlech Unzeeche fir eng bevirstoend Katastroph. D‘UNO bedauert an appelléiert, mee gëtt se nach gehéiert? Dobäi sollt et dëser Deeg zu engem Sommet mat alle Fraktioune kommen, fir Uerdnung an de libesche Chaos ze bréngen.

Wann et sécher gutt a richteg ass, datt de Sonnerbeoptraagte vun de Vereenten Natiounen, Ghassan Salame un der Konferenz festhält: „Mir wäerte keng Rou ginn an d‘Hänn och net an de Schouss leeën, mee eis Dag an Nuecht ustrenge fir d‘Kämpf anzestellen, eng Eskalatioun ze verhënneren an eng international Positioun fannen déi dat ënnerstëtzt“, esou mussen d‘Kontrahenten zoustëmmen.

Zu Washington an New York si se „besuergt“

An datt alles op e Konflikt hindeit, léisst sech duerch d‘Offensiv op Tripolis net méi vun der Hand weisen. Den US-Ausseminister Mike Pompeo fuerdert den Generol Chalifa Haftar – dee si aus der Krichsgefaangenschaft befreit haten, nodeems de Muammar al-Qaddafi hie „fale gelooss“ hat – op direkt mat de Kampfhandlungen opzehalen. Alt nees e „kaafte Frënd“ deen aus dem Rudder leeft…

De Mike Pompeo, setzt – an dat kennt seele genuch vir – a Libyen op eng politesch Léisung, well: „Dës eesäiteg Militäraktioun ass eng Gefor fir d‘Zivilisten a behënnert d‘Aussiichten op eng besser Zukunft“. Elo besteet de Problem awer doranner, datt ofgesi vun der „Regierung“ déi meescht Libyer den Amerikaner net Vertrauen an och d‘Europäer net zum Bessere bäigedroen hunn.

Mëttlerweil gëtt gestuerwen (et solle bei Zesummestéiss 11 Mënschen erschoss an iwwer 20 Leit blesséiert gi sinn) an och den UN-Sécherheetsrot beschäftegt sech mam Problem. Méi ass net dran, well eng formal Erklärung huet Moskau verhënnert. Grond: D‘Russe wëllen datt all d‘Parteien d‘Waffen néierleeë sollen. D‘USA dogéint refuséieren dat a wëlle just de Generol ophalen.

Interessant an dësem neie Konflikt ass d‘Feststellung, datt déi international Communautéit ganz genee wousst, datt deen iergendwann misst kommen. An dëse „Biergerkrich“ deen do um entstoen ass, bréngt och nees d‘Fro op, wéi mat Flüchtlingen ëmzegoen ass, déi vu Libyen aus iwwert d‘Mëttelmier a Richtung Europa ënnerwee sinn. Kann een déi elo nach dohinner zréckféieren?

mat indymedia/tun/was/nyc

Bild: Dem Generol seng Truppen zéien a Richtung Tripolis, Zivilisten déi kënne verloossen d‘Haaptstad. USA an UNO fuerderen eng Wafferou. (Videograb)

Related topics Biergerkrich, Chalifa Haftar, Fayez al-Sarraj, Libyen, NATO, Tripolis, UNO, USA
Next post Previous post