Search

You may also like

10. Editioun vum „Intra Urban Dance Festival“
International Neiegkeeten

10. Editioun vum „Intra Urban Dance Festival“

E Samschdeg de 15. Juni fënnt um Knuedler, déi 10.

SNMC: een éischte Rapport no zwee Joer bestätegt grousse Succès
International Neiegkeeten

SNMC: een éischte Rapport no zwee Joer bestätegt grousse Succès

De Service National du Médiateur de la Consommatioun (SNMC) huet

Vun Alkohol um Steier a geklaute Méimaschinnen – Wat ee Weekend!
International Neiegkeeten

Vun Alkohol um Steier a geklaute Méimaschinnen – Wat ee Weekend!

Duerch Halloween, Allerhellgen an de verlängerte Weekend hat d’Police déi

Wie lauschtert no, wann den US-President telefonéiert?

Wie lauschtert no, wann den US-President telefonéiert?

No engem erneite Skandal wou dem Donald Trump nees d‘Haaptroll zougeschoustert gëtt, ass et un der Zäit enger Rei Froen op de Grond ze goen: wie lauschtert eigentlech alles no, wann den Donald Trump telefonéiert? a Firwat gëtt et keng Opname vun dëse Gespréicher?

Grondsätzlech ass et esou, datt wann den US-President sech telefonesch mat engem Staats- oder Regierungschef ënnerhält, e puer vun den enkste Mataarbechter an natierlech d‘Iwwersetzer der Conversatioun nolauschteren. Jee nodeem, sinn och de Vizepresident oder bestëmmt Minister mat vun der Partie. Dës Gespréicher ginn eigentlech ëmmer vum „Situation Room“ aus gefouert.

De Situation Room ass en ofhéiergesécherte Konferenzraum am Westfligel vum Wäissen Haus. An d‘Telefonat selwer gëtt iwwert ofhéiersécher Leitung gefouert, dat dann och net enregistréiert gëtt. Et ginn awer ëmmer dräi Mataarbechter déi alles „matschreiwen“, also versichen esouvill Sätz wéi méiglech matzeschreiwen. Nom Gespréich vergläichen déi hir Notizen a verfaassen e Protokoll.

Et gëtt also vun den Telefonsgespréicher keng Tounopnam an keng wuertwiertlech Ofschrëft, mee nëmmen e sougenannt Gespréichsprotokoll, mat enger méiglechst genauer Widdergab vum gefouerten Telefonat. Dëst Schreiwes gëtt dann un de Büro vum nationale Sécherheetsberoder weidergereecht. Do gëtt entscheet op de Memo vill Inhalt kritt oder et en abstrakte Resumé gëtt.

lauschtertDe Memo oder de Resumé gett dann un Minister, Ambassadeuren an d‘Geheimdéngschter, déi iwwert den Inhalt vum Gespréich Bescheed wësse sollten. Generell ass dovunner auszegoen, datt de CIA ëmmer „Bescheed“ weess. Et ass also dovunner auszegoen, datt jee nodeems wéi wichteg oder brisant esou e Gespréich ass tëscht 20 an 30 Regierungsmataarbechter den Inhalt kennen.

Theoretesch wier et dem US-President méiglech ze verlaangen, datt „se alleguerten emol d‘Ouere sollten zouhalen“, wat awer ee besonnesch ongewéinleche Virgank wier. Erënnere mir an dësem Kontext dorunner, datt wéi de Milliardär beim Treffe mam Putin zu Helsinki eleng wollt sinn (just d‘Iwwersetzerin duerft derbäi sinn) dat zu Washington fir zimlech Opreegung gesuergt hat.

Eng Tounopnam vun den Telefonater déi US-Presidente féiere gëtt et net. Also zumindest net méi zanter dem Richard Nixon. Deen hat an de 70er Joren all seng Telefonater a sonsteg Gespréicher ophuele gelooss, an dat war eng zimlech blöd Decisioun. D‘Opname waren an déi richteg Hänn gefall an hunn sech beim Watergate-Skandal als bedréckend a wichteg Beweiser notze gelooss.

mat indymedia/was

Related topics Donald Trump, Situation Room, Telefonsgespréich, Wäisst Haus
Next post Previous post