Search

You may also like

Diddeleng am Zeeche vum Patrimoine audiovisuel
International Neiegkeeten

Diddeleng am Zeeche vum Patrimoine audiovisuel

Vill Leit denken bei Patrimoine un de Service des Sites

Nëmmen di Bescht packen eise Groussregioun-Quiz!
International Neiegkeeten

Nëmmen di Bescht packen eise Groussregioun-Quiz!

[onionbuzz quiz-id=108][/onionbuzz] D’Groussregioun wiisst ëmmer méi. Net nëmme, wat d’Regiounen

Eng déieresch Visitt: De Groussherzog besicht d’Beringungsstatioun (Galerie)
International Neiegkeeten

Eng déieresch Visitt: De Groussherzog besicht d’Beringungsstatioun (Galerie)

Um vergaangene Freideg huet S.A.R. de Groussherzog Henri d’Beringungsstatioun am

Wie léiere wëll, setzt sech dem Dout aus

Afghanen hunn zolidd Problemer mam Enseignement, besonnesch wann et ëm Meedercher geet

Wie léiere wëll, setzt sech dem Dout aus

An der afghanescher Haaptstad Kabul, huet et e Samschdeg en Attentat ginn. Fofzeg Affer an nach emol iwwer honnert Verletzter, sinn en éischte virsiichtege Bilan. Bei den Affer handelt et sech ëm jonk Meedercher, déi aus der Schoul komm sinn an sech op den Heemwee maache wollten.

Aus dem afghaneschen Inneministère gëtt confirméiert, datt eng Autobomm an zwou Minnen am majoritär vu Schiite bewunnte Quartier gezünt gouf. Et wier ersiichtlech, dat den oder déi, hannert dësem Attentat stoend Gruppen, et op d‘Schoul an d‘Meedercher ofgesinn haten. En Attentat deen um Virowend vu Leilat al-Qadr, der Nuecht vun der Koran-Offenbarung, vill Symbolkraaft huet.

Afghanen

Déi italienesch ONG „Emergency“, confirméiert hirersäits datt et sech bei den Affer bal exklusiv ëm jonk Meedercher handelt. D‘Affer wieren tëscht 12 an 20 Joer. De Bezierk an deem d‘Attentat stattfonnt huet, ass reegelméisseg d‘Zill vun Attacken. Besonnesch Bildungsariichtungen an Sport-Studioe schéngen et de Fanatiker ugedoen ze hunn. An ëmmer nees revendiquéiert den Islamesche Staat (IS) hannert den Doten ze stoen. Den IS bezeechent Schiiten als „Apostaten“…

Aktuell huet sech den IS awer dësen Uschlag elo net un d‘Wall of Honor geneelt, an och d‘Taliban, déi et guer net gäre gesinn, wa Meedercher/Frae liesen a schreiwe kënnen, distanzéieren sech vun enger méiglecher Bedeelegung, drécken awer hiert Versteesdemech aus. Déi vum Westen agesate Regierung, a méi konkret den Inneministère, huet entscheet den Taliban d‘Attentat zouzeschreiwen.

Och de prowestleche President Ashraf Ghani, dee vun der „alliéierter Besatzungsmuecht“ (USA & NATO) elo déi tatsächlech Verantwortung an de Grapp gedréckt krut, a sech mat den Taliban op eng „Zukunft“ fir déi islamesch Republik verstännege soll, bezichtegt déi „Bäerteg humorbefreit“ reliéis Fanatiker hannert dëser Dot ze stoen. Ob dat esou stëmmt? D‘Taliban jiddefalls sinn scho laang doranner geüübt Schoulen, besonnesch déi fir Meedercher, insgesamt Inhalt auszeradéieren.

mat indymedia/tlv/nyc/lon

Foto: © Shayan Ahmad

Related topics Afghanistan, Attentat, Fanatismus, islamesche Staat, Kabul, Relioun, Taliban, Terror
Next post Previous post